Den „Luxembourg-Blankenberge-Express“ fiert e Sonndeg, den 30. August eng leschte Kéier an dëser Saison. Organiséiert gëtt den Zuch vum „Groupement des Amis du Rail“ (GAR). Ënnerwee suergt d’Equipe vum GAR mat hiren President Michel Dondelinger dofir, datt keen Honger oder Duuscht leide muss. Deen alleréischten „Luxembourg-Blankenberge-Express“ ass iwwregens 1978 gefuer.
Wee mat dem leschten „Luxembourg-Blankenberge-Express“ an dësem Joer matfuere wëll, ka sech e Billet op all CFL-Gare kafen. De Billet kascht 43 Euro an der zweeter Klass an 63 Euro an der éischter Klass fir eng Persoun; Kanner vu sechs bis 15 Joer bezuelen 30 Euro an der zweeter Klass an 42 Euro an der éischter Klass, Kanner ënner sechs Joer bezuele 15 Euro an der zweeter Klass an 21 Euro an der éischter Klass. Bei engem Gruppebillet fir mindestens zeng Persoune kascht et fir eng Persoun 35 Euro an der zweeter Klass an 51 Euro an der éischter Klass. Dës Präisser gëlle vun allen CFL-Garen un.
Wéinst engem Chantier tëschend der Stad a Klengbetten wäert den „Luxembourg-Blankenberge-Express“ den nächste Sonndeg iwwer Athus op Arel fueren. Dofir ass den Départ an der Stad schonn ëm 6.45, e Sonndeg den Owend ass den Zuch um 22.40 nees an der Stad.
Zum Schluss sief nach drop higewisen, datt e Sonndeg de bekannten „Corso fleuri“ zu Blankenberge organiséiert gëtt. De Corso, deen um 14.30 ufänkt a vum VVV Blankenberge organiséiert gëtt, steet dëst Joer ënnert dem Motto „Duel“.
Weider Renseignementer:
www.gar.lu oder www.cfl.lu




