LËTZEBUERG
LJ

Muer an der Glacis-Kapell a virum Hinzerter Kräiz

Lëtzebuerg erënnert sech op dësem Dag un all Resistenzler, déi an de Kazetter, Prisongen an Emsiidlongslager hiert Liewe gelooss hunn, a ganz besonnesch un déi 23 Membere vun der Resistenz, déi de 25. Februar 1944 - viru 74 Joer - am Hinzerter Bësch erschoss goufen, grad ewéi och un d’Streikaffer, déi am September 1942 zu Hinzert ëmbruecht goufen.

1997 hat d’Lëtzebuerger Resistenz fir d‘éischte Kéier hir „Journée nationale de la Résistance“ organiséiert. No enger Décisioun vum „Conseil national de la Résistance“ soll dës Zeremonie sech elo all Joer widderhuelen - op deem Dag, op deem soss déi sougenannt „Hinzerter Mass“ gefeiert gouf. Organiséiert gëtt den Dag dëst Joer vun de Memberen, déi an dem „Comité de la Mémoire de la Deuxième guerre mondiale“ d’Resistenz vertrieden.

Den detailléierte Programm

11.00: Mass an der Glacis-Kapell, gehale vum Erzbëschof Jean-Claude Hollerich. Et séngt d’„Chorale des Exilés“ ënnert der Direktioun vum Albena Petrovic, op der Uergel begleet vum Josy Thill. Den „Clairon d’honneur“ Edmond Faber bedeelegt sech um musikaleschen Encadrement.

11.50: Den traditionnellen Cortège ass dëst Joer net méiglech, wéinst dem Chantier virum Niklooskirfecht. Den Rendez-vous ass duerfir direkt virum Monument national de la Résistance, dem Hinzerter Kreiz, wou um 12.00 déi eigentlech Zeremonie ass.

Dës Feier besteet aus engem Choral, virgedroe vun der Militärmusek, d’Virliese vun engem Choix vun Texter duerch Schüler aus dem Kolléisch, de Gebieder an der Seenong vun de Griewer duerch d’Vertrieder vun der kathoulescher Kiirch, der protestantescher Communautéit an der jüdischer Communautéit, dem Néierleeë vu Blummen duerch d’Autoritéiten (de President vun der Chamber, de President vum Staatsrot, d’Ministere Cahen a Kersch fir d’Regierung an e Vertrieder vun der Stad Lëtzebuerg) an d’Resistenzler, dem Ofspille vun der „Sonnerie aux morts“, der Usprooch vum Albert Hansen, President vum Organisatiounskomitee, an dem gemeinsame Sange vun der Heemecht.

Uschléissend ass den traditionelle Rondgang laanscht d’Griewer vun de Victimen.