LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder: Wéi et nom briteschen Austrëtt aus der EU elo weidergeet

Den 23. Juni 2016 hunn d’Britten an engem Referendum knapp fir de sougenannte Brexit gestëmmt. Laang huet et gedauert, mee säit ufanks Februar 2020 huet Groussbritannien d’Europäesch Unioun verlooss. Elo befanne sech déi zirka 67 Millioune Britten an enger Iwwergangsphas bis Enn 2020. Dësen historesche Moment wäert sech am europäesche Memoire festgesat hunn. Mee et bleiwe vill Froen onbeäntwert, fir déi an den nächste Méint kloer Äntwerte fonnt musse ginn.

Et huet dräi Joer gedauert, bis datt sech d’EU a Groussbritannien wärend der Iwwergangsphas tëschent dem EU-Austrëtt an engem Fräihandelsofkommes op allgemeng Konditiounen eenege konnten. Onkloerheete fir EU-Bierger a Groussbritannien, mee och fir d’Britten an der EU bleiwe wieder bestoen. Och fir d’Entreprisen an de Finanzsecteur sinn nach keng konkret Léisunge virgestallt ginn.

„No-Deal“¨nach ëmmer méiglech

Nom Brexit ass virum Brexit. Elo musse sech d’EU a Groussbritannien bis Enn vun dësem Joer op ee Fräihandelsofkommes eenegen. Wat d’Britten an der EU haten, wëlle si méi oder wéineger och erëm weider hunn. Allgemeng stéisst sech de brittesche Premierminister Boris Johnson um Europäesche Geriichtshaff, der Fräiheet vun der Migratioun tëschent der EU a Groussbritannien an och um EU-Budget. Dat soll elo aneschters lafen.

Falls keen Deal zustane kënnt, kënnt et awer nach zu engem „No-Deal“ Brexit. Zum Beispill trieden dann d’Reegele vun der „World Trade Organization“ (WTO) a Kraaft. Zudeem wäert et zu immense Probleemer am Loftverkéier, Finanzsecteur an och fir d’Leit aus der EU a Groussbritannien kommen. Fir dëse genannte Fall melle brittesch Medien, datt sech den Zoll bis den 1. Januar 2021 op dëse Fall virbereede soll. Geplangt sinn och Dumping-Steieren, esou wëlle si Entreprisen aus dem Finanzsecteur unzéien. Do ass d’EU awer strikt dogéint a wéilt an deem Fall keen Ofkommes mat de Britten ënnerzeechnen.

Virbild Ceta

De Boris Johnson wëll een Ofkommes, dat un d’Ofkommes tëschent der EU a Kanada (Ceta) ugeleent ass. Wann dat aus onbekannte Grënn net fonctionéiere soll, kéint och nach un engem Accord geschafft ginn, wéi d’EU an Australien en ausgehandelt hunn. Dat gesäit vir, datt op verschidde Wuere verschidden Taxe komme sollen. Déi Verhandlunge sinn awer vun enger komplexer Natur a musse vill méi detailléiert besprach ginn, dowéinst sinn Experten der Meenung, datt déi knapp néng Méint dofir net duerginn.

Bis Juli misst de Boris Johnson der EU-Kommissioun eng Verlängerung virschloen, déi hie bis elo awer konsequent ausgeschloss huet. „Souveränitéit ass méi wichteg, wéi ee fléissenden Handel“, esou de Boris Johnson an engem Interview an der brittescher Zeitung „The Telegraph“. Schottland an Nordirland hu fir d’EU gestëmmt. Déi schottesch nationalistesch Partei (SNP) mat der „First Minister“ Nicola Sturgeon wëll een zweet Onofhängegkeetsreferendum vun der brittescher Regierung accordéiert kréien. Mam Zil mat engem fräie Schottland zréck an d’EU kommen ze kënnen. Och an Nordirland musse Léisunge fonnt ginn, fir de „Good Friday Agreement“ net ze blesséieren.

Et bléift ofzewaarden, wéi d’Diskussiounen an den nächste Méint verlafen. Sécher ass awer, datt d’EU a Groussbritannien elo hir eegen Interessen duerchsetze wäerten.

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

A 500 Wierder

Virun véier Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag.
 
All Artikelen, de Politik-ABC a weider Informatiounen ënner a500wierder.lu an association-narin.com