LËTZEBUERG
KIMZOENEN

D’europäesch Migratiounspolitik an Äschen

Déi onmënschlech Situatioun an de Flüchtlingscampen op de griicheschen Inselen hu sech leider net verbessert, mee si si wéinst dem Coronavirus aus de Medie verschwonnen. Wéi d’Flüchtlingslager bei Moria op der Insel Lesbos a Brand geroden ass, gëtt Europa erëm op déi fatal Situatioun vun de Réfugiéën opmierksam gemaach.

Oneenegkeet a kee Versteesdemech - d’europäesch Flüchtlingspolitik zanter 2015: Bis haut hunn déi 27 EU-Staaten et net fäerdeg bruecht, eng eenheetlech Flüchtlingspolitik op d’Been ze stellen. Keng Léisunge fir eng Protektioun vun den EU-Baussegrenzen, d’Sécherstelle fir mënschewierdeg Logementer an den Opnaamezenteren, eng Sécherung vun der finanzieller Ënnerstëtzung fir d’Séinoutrettung oder gerecht an eenheetlech Asylprozeduren.

Eng immens Erausfuerderung

D’Absence vun enger klorer europäescher Flüchtlingspolitik huet verschidde Grënn. D’Kompetenzen an den Traitéë vun der EU si bei deem esou wichtege Sujet net précise genuch festgeluecht. Weder ass d’EU eleng, nach sinn d’EU-Staaten dofir zoustänneg. Dobäi kommen nach déi verschidde Meenungsënnerscheeder zwëschen den ënnerschiddleche Regierunge vun de 27 Memberstaaten dobäi. Wéi zum Beispill stinn déi westlech Länner an der EU méi oppe fir eng Opnam vun de Flüchtlingen an déi osteuropäesch Länner striewen eng méi restriktiv Migratiounspolitik un.

Dowéinst koum et zwëschen der EU an der Tierkei 2015 zu engem Ofkommes, déi d’Migratioun an d’EU massiv reduzéiere soll. D’Zil war et, datt Mënschen ofgeschreckt sollte gi, fir sech net op déi geféierlech Rees Richtung Europa ze maachen. Och wann d’Zuelen erofgaange sinn, si Mënschen am Mëttelmier gestuerwen oder wa si déi liewensgeféierlech Rees iwwerlieft hunn, musse si ënner schlëmmste Konditiounen an de Flüchtlingslagere liewen.

Ëmmer erëm diskutéieren déi 27 EU-Staaten bei enger Séinoutrettung, wien bei 20, 50 oder 100 gerettete Flüchtlinge bei sech ophuele wëll. Doru gesäit een, dat dëse Sujet an der EU eng immens Erausfuerderung fir déi verschidde Regierungen, mee och fir déi zirka 448 Milliounen Awunner an der EU duerstellt. Et léist sech feststellen, datt d’Leit am Zäitraum vun 2015 bis haut vill méi kritesch mam Sujet vun der Migratioun ëmginn. Dat weise jo och verschidde Walen an Osteuropa oder och an de skandinavesche Länner, déi een Anti-Migratiounswalkampf als Haaptsujet haten.

Doduerch gëtt et och ëmmer méi schwéier, eng Léisung an der EU ze fannen. Momentan agéiert d’EU zimmlech pragmatesch. Déi meescht EU-Länner huele fräiwëlleg Flüchtlingen op, well et keng gesetzlech Verdeelungsquoten an der EU gëtt a si awer eng politesch Responsabilitéit bei sech gesinn. Lëtzebuerg ass ëmmer bei deene Staaten dobäi, déi fräiwëlleg Réfugiéën ophuelen. Esou wéi aktuell mannerjäreg Kanner aus dem verbrannte Camp vu Moria.

Mee iwwer 12.000 Mënschen hunn elo keen Dach méi iwwert dem Kapp. Den Opbau vun neien Infrastrukturen erweist sech als schwéier, verschidden NGOë mellen, dat si vu griicheschen Autoritéiten doru gehënnert ginn, ze hëllefen. Och bei der Verdeelung vun de Réfugiéën op aner Länner steet Griicheland deem kritesch géinteniwwer, well si fäerten, datt et an anere Flüchtlingslageren zu Onrouen oder Brandstëftung kéint kommen.

Et feelt an der EU ënner aanerem un enger europäescher Solidaritéit, well Italien oder Griicheland eleng mat de Flüchtlinge gelooss ginn, mee et feelt och un enger humaner Solidaritéit, well d’Noutlag vun de Mënschen net als esou eng gesi gëtt.