LËTZEBUERG
CATHERINE ELVINGER

A 500 Wierder iwwert d’Affär Turnup Tun: Wéi ass d’Meenungsfräiheet juristesch encadréiert?

Viru kuerzem ass de Kënschtler Turnup Tun fir säi Lidd „FCK LXB“ an éischter Instanz fräigesprach ginn. D’Ursaach: säi Lidd fält ënnert d’Protektioun vun der Meenungsfräiheet. Wat genau ass d’Meenungsfräiheet? Ass dës Fräiheet onlimitéiert oder ginn et Grenzen?

D’Meenungsfräiheet ass d’Recht, fir seng Iwwerzeegungen, Gedanken a Meenungen auszedrécken. Et fënnt ee se a verschiddene legalen Texter erëm, ënner anerem och dem bekannten Artikel 10 vun der Europäescher Konventioun fir Mënscherechter. Déi hunn all EU-Länner ënnerschriwwen, a si enthält Rechter, déi a jidderengem vun deene Länner fir all Mënsch gëlle mussen.

D’Meenungsfräiheet deckt all Forme vum Ausdrock, egal wéi ee Support benotzt gëtt (zum Beispill en Text, e Konschtwierk). Si gëllt net nëmme fir Iddien, déi e gudden Echo fannen, mee och, a virun allem fir Iddien, déi schockéieren oder inquiétéiere kënnen. Austausch, Toleranz an Opgeschlossenheet si justement d’Charakteristike vun enger demokratescher Gesellschaft, an där mir liewen, sou den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter, dee sech ëm d’Anhale vun de Mënscherechter këmmert. Am Géigesaz zu engem autoritäre Regime ass d’Meenungsfräiheet dofir an engem Land wéi Lëtzebuerg wichteg a fënnt eng liberal Akzeptanz (och wa se net grad esou liberal ass wéi an Amerika).

Mat verschiddenen Aussoen kann ee sech strofbar maachen

D’Meenungsfräiheet ass awer net ouni Grenzen: Et gi Messagen, déi een zwar denken, awer déi een net ëffentlech ausdrécken dierf, ouni sech strofbar ze maachen. Et geet drëms ënnert anerem d’Rechter vun anere Persounen oder Gruppe vu Persounen ze protegéieren. Esou dierf een zum Beispill kee beleidegen. D’Beleidegung (zum Beispill en onerhéierten Ausdrock oder méprisant Wierder, déi engem anere seng Éier ugräifen) muss een hei a sengem juristesche Sënn verstoen, nämlech esou wéi et au final vun der Jurisprudenz (Geriichtsentscheedungen an ähnleche Fäll) interpretéiert gëtt. Et ass och wichteg ze verstoen, dass dës Definitioun jee nom Kontext an den Ëmstänn vum Dossier ännert.

Wéi eng Fakte sinn/waren an der Affär Turnup Tun relevant an hunn/haten een Afloss op d’Grenze vun der Meenungsfräiheet? Virun allem dräi Punkten.

Éischtens de Fakt, dass et sech ëm déi kënschtleresch Meenungsfräiheet handelt (déi vun engem verstäerkte Schutz profitéiert) an d’Lidd „FCK LXB“ näischt anescht wei e Rap ass. Dës musikalesch Form ass, par nature, e Stil, deen eng gewëssen Dosis un Exageratioun erlaabt. Seng brutal, provokativ a vulgär Ausdrocksaart soll d’Reflexioun vun enger enttäuschter a rebellescher Generatioun zréckspigelen.

Zweetens hat den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg scho méi heefeg d’Geleeënheet z’erënneren, dass d’Grenze vun akzeptabeler Kritik méi breet si bei ëffentleche Perséinlechkeeten a virun allem bei Politiker, déi an dëser Qualitéit viséiert ginn (an dat net eréischt säit kuerzem, zum Beispill schonn am Fall Lingens géint Éisträich viru bal 40 Joer). An anere Wierder muss ee Politiker méi Toleranz vis-à-vis vu Kritik weisen. Säin Interessi (Protektioun vu sengem Ruff) gëtt hei a Gläichgewiicht gesat mam Interessi, deen eis Gesellschaft huet u fräien Diskussiounen iwwer politesch Froen.

Am Turnup Tun-Fall ass déi politesch Dimensioun vum Lidd kaum z’iwwersinn. Viséiert si Politiker an de Sujet vum Lidd, dat d’ailleurs just e puer Deeg virun de Chamberwalen am leschten Oktober erauskomm ass, ass ënner anerem d’Kritik vun enger intoleranter, populistescher a friemefeindlecher Politik.

Drëttens spillt d’Intentioun vum Kënschtler och eng wichteg Roll. Och wann ee par définition net weess, wat sech genau a sengem Kapp ofspillt, weist awer alles drop hin, dass hie mat sengem Lidd déi verschidde Persounen net perséinlech attackéiere wollt, mee hiert politescht Engagement, en Ënnerscheed, deen am Droit immens wichteg ass.