LËTZEBUERG
SAMUEL HAMEN

De Georges Hausemer iwwersetzt d’Felicitas Hoppe

Ee preiseschen Zaldot, deen duerch Lëtzebuerg reest, notéiert 1792 iwwert d’Sprooch am frieme Land: „Es ist eine Sprache, die sich trefflich zum Geisterbeschwören oder für die Hexenaltfrau im Macbeth schicken würde.“ Ass et elo ee Kompliment oder eng Beleidegung fir d’Lëtzebuergescht, wann et dem Shakespeare senge ronschelegen Hexen als adequat Sprooch zouerkannt gëtt? Sou oder sou hëlleft dëse Commentaire nozevollzéien, wéi apaart éischtens d’Lëtzebuergescht wierke kann a firwat et sech zweetens loune kann, ee Wierk an d’Lëtzebuergescht z’iwwerdroen. Eng gegléckten Iwwersetzung kann nämlech ee sproochleche Surplus generéieren, deen den ursprénglechen Text esou net Opweises huet. Et kann also gutt sinn, dat d’Hexen am Macbeth op Lëtzebuergesch nach méi grujeleg wierken géifen wéi am engleschen Original.

Poetesch Kapazitéiten erauskriwwelen

De Projet vum Georges Hausemer, de Roman „Paradiese, Übersee“ (2003) vun der däitscher Schrëftstellerin Felicitas Hoppe z’iwwersetzen, ass ënnert anerem aus sou engen Iwwerleeungen eraus entstan. Ee wierklechen ökonomesche Besoin fir d’Iwwersetzung mam Titel „Vu Wëlwerwolz op Kalkutta“ gëtt et nämlech net. Wien liest schonns Literatur just op Lëtzebuergesch, awer net op Däitsch? De But vum Buch ass een aneren: D’poetesch Kapazitéiten aus dem Lëtzebuergeschen erauskriwwelen, fir op des Manéier ze kucken, op eis Sprooch dem usprochsvollen Däitsch vum Original gewuess ass. Eng sonner Motivatioun fir d’Iwwersetzung läit doran, dat de Plot em ee Ritter a säi Begleeder, déi duerch eng phantastesch Welt reesen, deelweis zu Lëtzebuerg spillt an op eenheemesch Bräich ageet.

Ganz eege melodiéis Klangfaarf

D’decisiv Fro un „Vu Wëlwerwolz op Kalkutta“ ass also net, op d’Handlung spannend ass oder op d’Charaktere credibel sinn, mee op d’sproochlech Qualitéit iwwerzeegt an domat dëse Projet iwwerhaapt eréischt rechtfertegt. Een Extrait aus béiden Texter soll als Beispill déngen. Beim Hoppe heescht et op enger Plaz: „Und nicht nur Musik, sondern auch das Klappern von Hufen, das Stampfen von Elefantenfüßen, den weichen schaukelnden Gang der Kamele.“ Den Hausemer mécht doraus: „An net nëmme Musek, mä och d’Klake vun Houfeisen, d’Traatsche vun Elefanteféiss, dat duusst Klunsche vun de Kaméiler.“ Hei kann d’Lëtzebuergescht mat senger ganz eegener melodiéiser Klangfaarf déi am Text evoquéiert Geräischer op eng Manéier afänken, wéi et net emol dem Original vum Hoppe geléngt.

Am (Wand)-Schiet vum Hoppe?

Beim Liesen stéisst een ëmmer erëm op esou Sätz a Passagen, déi engem weisen, wéi konschtvoll a gewënnbréngend de Georges Hausemer d’Lëtzebuergescht maitriséiert. An awer huet een heiansdo d’Gefill, dat hei een Auteur am Wandschiet vun der renomméierter an dacks dotéierter Felicitas Hoppe matfiert, fir zum Schluss awer just an hirem Schiet ze stoen. Esou eng séier a witzeg erzielten, clever konstruéiert an ausgebuffte Geschicht ass fir eis Literaturzeen nämlech ganz seelen. Dat spiert een all Ament, wann een „Vu Wëlwerwolz op Kalkutta“ liest - vläicht grad, well et esou eng gelongen Iwwersetzung ass.