LËTZEBUERG
SAMUEL HAMEN

Interviewtreffe mam jonken Auteur Jeff Schinker

Wéi ee Wuert hëlt een, fir d‘Mëschung aus Äschen, Béierschaum a Reschter vun Afennëss ze beschreiwen, déi sech op engem Béierdeckel vermëscht? Gëtt et dofir iwwerhaapt e Wuert? Wéi ech de Jeff Schinker am „Liquid“ an der Stad treffen, fir iwwer seng éischt Erzielung ze schwätzen, gëtt guer net gefëmmt. A Nëssercher knae mir och keng. Ma d’Fro kënnt nawell op. An enger vun de Buchkritike stoung nämlech, hie géif an engem „style un tant soit peu précieux“ schreiwen. Dem Schinker seng Äntwert: „Ech benotze keng rar Wierder, fir mech ze bretzen. Ech sinn zwar kee Lyriker, mee ech sinn der Meenung, datt et och an der Prosa eng bestëmmte Form vu Poesie ka ginn, eng Rhythmik, eng Recherche vum präzise Wuert.“ Doraus entsteet bei senger

Publikatioun „Retrouvailles“ ee mikroskopescht Schreiwen, an deem sech Detailer stilistesch emanzipéieren an awer zesummegeholl eng gelonge Geschicht erginn. „Retrouvailles“ ass béi „Hydre Éditions“ erauskomm. Op knapps 50 Säite gëtt vun engem Konveniat verzielt, op deem sech Schoulkollegen no Joeren erëmgesinn. D’Stëmmung ass ufanks sou, wéi een sech eng Stëmmung um Konveniat ebe virstellt: Latent Jalousie, falsch Komplimenter a luusseg Vergläicher. Réischt wéi d’Leit bis zimlech besoff sinn a „Wer bin ich?“ spillen, gëtt et interessant. De Schinker selwer ass 1985 gebuer. Also am beschten Alter fir den éischte Konveniat? Hien äntwert, wéi een Auteur äntwere muss, deen d’Fiktioun fir méi capabel hält wéi d’Realitéit: „Vläicht ass et méi flott, e Konveniat z’erschreiwe wéi selwer z’erliewen.“

Zwou Zorte vu Schrëftsteller

Dann nennen ech säi Buch „postmodern“ a froen, ob dat fir hien eng Beleidegung oder Auszeechnung wier. „Éischter eng Auszeechnung, op kee Fall eng Beleidegung.“ Eens si mir eis doriwwer, datt verschidden Zorten ze schreiwen net méi funktionéieren. De Schinker: „Hautdesdags huet een zwou Zorte vu Schrëftsteller: Déi, déi nees zeréck ginn an d’Richtung vun engem banale Realismus an déi, déi weider mat Bréch spillen, déi mat neien narrative Methode schaffen.“ D’Manéier, wéi a „Retrouvailles“ verzielt gëtt, ass dann och net klassesch respektiv realistesch. Ma am Kär geet et awer och an dësem Buch ëm de Literatursujet per se: D’Léift. Just den Emballage ass een aneren.

De Jeff Schinker schwätzt séier, immens séier: 200 Wierder pro Minutt. - Ech hunn extra nogezielt. Eist Gespréich goung zwou Stonnen – do kann een sech ausrechnen, wat zesummekënnt. Mir sprange vum Shakespeare iwwer Literaturtheorien zu der Feuilletonistik zu Lëtzebuerg. Elei e puer Auszich. Iwwer Sproochen: „Wanns du d’Richesse am Lëtzebuergesche benotze wëlls, bass Du honnert Joer hannendran an ultra bäuerlech.“ Iwwer d’Vue op sech als Auteur: „Ech schwätzen net gären iwwer mech. A wann ech iwwer mech schwätzen, wëll ech och net iwwer mech schwätzen.“ Iwwer „Retrouvailles“: „Mat dësem Text sinn ech zefridden, well ech net ze vill no iergendengem aneren Auteur kléngen.“

Dacks mierkt een him säi Background als Uni-Chercheur un. A senger Doktorsaarbecht huet hie sech mat franséischer an amerikanescher Géigewartsliteratur beschäftegt. Dat kéint een als Surplus gesi fir d’Literatur zu Lëtzebuerg, déi, sou mäi Gefill, nëmme seelen aus enger braver Erzielweis ausbrécht. Am Verglach zum Gast Groeber oder Roland Meyer, déi allebéid mat engem dacks previsibele Stil Succès hunn, ass dem Schinker säi Buch jiddwerfalls eng erfrëschend radikal Stëmm.

Iwwregens: Wéi de jonken Auteur elo d’Mëschung aus Béierschaum, Äschen an Afennëss beschreift, steet an engem Roman, un deem hie grad schafft. Et geet ënner anerem ëm een Detektiv, deen ze vill sëft a wéi e Béier heescht. Datt de Schinker der Schaff als Auteur ambitiéis, jo exzessiv, nogeet, mierken ech alt nees eng Kéier, wéi hien iwwer säi Romanprojet schwätzt: „Dat wier net ultra voluminéis, sou e Roman vu véier- oder vläicht fënnefhonnert Säiten.“

En Donneschdeg an zwou Wochen, den 29. Oktober, fannt Dir op dëser Plaz een Interview mam Lyriker Jean-Paul Jacobs, deen ech zu Berlin getraff hunn