LUXEMBURG
LJ

Haut féiere mir e Gespréich mam Amir Vesali (21) aus Weidingen, deen am Norde fir d’LSAP an de Walkampf zitt. De Kandidat ass dee jéngsten op der LSAP-Lëscht, an ass fréiere President vum Jugendparlament.

Wat huet Iech dozou motivéiert, fir bei dëse Chamberwalen ze kandidéieren?

Wann ee bei eis zu Lëtzebuerg probéiert, an der Gesellschaft virun ze kommen, ass een enger Rei vun Obstakelen an Ongerechtegkeeten entgéint gesat.

De Mindestloun, de Logement a fir Jonker a mengem Alter de Schoulsystem a berufflech Perspektive si Froen, mat deenen ech mech beschäftegt hunn.

Dofir sinn ech scho mat 16 Joer politesch aktiv ginn, fir selwer déi Problemer unzepaken, an elo no 7 Joer Engagement ass et héich Zäit ginn, datt ee selwer Verantwortung iwwerhëlt, dofir ginn ech och mat an d’Chamberwalen. 

Firwat kandidéiert Dir bei der LSAP?

Een dee mech kennt, weess, datt ech als Mënsch zimlech oppen an zukunftsorientéiert sinn. Dofir hunn ech mech fir d’LSAP entscheet, déi fir dat Soziaalt a Gerechtegkeet steet! Dobäi kënnt och, datt d’LSAP als Partei ëmmer fir progressiv a gesellschaftlech Verännerunge gesuergt huet, an do ënnerscheede si sech vun aneren etabléierte Parteien. 

Wéi ee politescht Thema läit Iech besonnesch um Häerz?

1. Bekämpfung vu sozialen Ongerechtegkeeten a Beräicher wéi zum Beispill der Steierpolitik, dem Logement a sozialer Ausgrenzung.

2. D’Zukunft vum Land a puncto Mobilitéit an nohalteg a solidaresch Wirtschaft

3. Aarbechtslosegkeet vu Jonken a Leit mat bestëmmte Besoinen

Wéi mengt Dir, datt een déi jonk Leit méi staark ka fir d’Politik begeeschteren?

Jonk Leit begeeschtert ee fir d’Politik, andeems si fir d’éischt mol ee jonke Vertrieder hunn, mat deem si sech identifizéiere kënnen.

Dann ass et wichteg, datt mir de ganze politesche Prozess an Entwécklungen kloer an däitlech reegelméisseg erklären.

Dozou kënnt och, datt een déi verschidde Jugendorganisatioune wéi zum Beispill Jugendparlament, Jugendkonferenz oder Jugend-Gemengeréit stäerkt an hiren Avis zu Gesetzesproposen, déi Jonker betreffen, zur Kenntnis hëlt!

Mais virun allem: Den Interessi fir d’Politik ass vill op eegen Initiativ baséiert, an do muss jidderee fir sech de Choix maachen!