LËTZEBUERG
LJ

Online-Concours fir Jazz-, Pop- a Rockgruppen lancéiert

D´UGDA Museksschoul an den SNJ lancéieren ënnert dem Motto „Take Two To Six“ en Online-Concours fir Jazz-, Pop- a Rockgruppen. Wie ka matmaachen? Museksgruppen „à distance“ (zwee bis sechs Leit), am Alter vun zéng bis 21 Joer (Instrumental oder mat Gesang). Et gëtt zwou Alterskategorien (A: 10-15 Joer, B: 16-21 Joer). Wat soll gespillt ginn? D’Museksgrupp soll ee Video-Clip à distance vu bis maximal zwou Minutten ophuele mat entweder enger Originalkompositioun vun engem Member vum Grupp oder eng Coverversioun. De Grupp huet Fräiheet, fir de Video-Clip ze gestalten (sech selwer filmen, Plaz änneren..., et sollt een de Grupp awer och spille gesinn).

Am Respekt vun den aktuelle Bestëmmungen

Bei der Zesummestellung vum Clip solle sech d’Memberen vum Grupp strikt un déi bestoend Recommandatiounen vun der Santé, wat de COVID-19 ubelaangt, halen an d’Bestëmmungen vum modifizéierten Règlement grand-ducal vum 18. März 2020 iwwert d’Moossnamen am Kontext vum Kampf géint de Coronavirus respektéieren.

D’Video-Clippe kënne bis den 3. Mee 2020 agereegt ginn. Da gi se vun enger Jury musikalesch, no Originalitéit a Kreativitéit bewäert. Pro Alterskategorie gëtt déi bescht Originalkompositioun an déi bescht Coverversioun priméiert mat engem Fërderpräis vu jee 250 Euro. Weider Fërdermoossnamen (wéi Concerts etc) sinn och méiglech. D’Gewënner ginn an der Woch vum 11. Mee verëffentlecht. Déi priméiert Clippe ginn dann och online publizéiert.


D’Video-Clippe solle bis den 3. Mee 2020 per Wetransfer, Link oder Drop Box u concours@ugda.lu gemailt ginn. De Grupp, deen um Concours deelhëlt, verzicht op d’Auteursrechter an den Droit de
Rendement. Weider Infoen: 22 05 58 1 / concours@ugda.lu an online via tinyurl.com/TwoToSix