SVEN CLEMENT

Smart Meter sinn an aller Mond. Se sollen et méi einfach maachen, fir méi energiebewosst ze liewen, an d’Gemenge gewannen Zäit, fir méi wichteg Servicer unzebidden, wéi e Compteur ofzeliesen. Ass dat wierklech sou?

„Mee grad well Smart Meter ‚smart‘, also intelligent, solle sinn, ass et wichteg, se genee ze kontrolléieren, opzepassen, datt se richteg zielen, keng privat Donnéeën u Friemer verschécken a schlussendlech de Client net méi deier ginn, wéi en traditionelle Stroumzieler.

Grondsätzlech si Smart Meter eng gutt Saach, se schreiwe sech an an d’Logik vun Digital Lëtzebuerg an enger Welt Post-COP21. D’Universitéit vun Twente an Holland huet awer elo d’Alarmklacke gelaut. Siwe vun néng geteste Smart Meter Modeller hu falsch gemooss an doduercher ee bis zu sechs Mol ze grousse Verbrauch iwwermëttelt. All dës Geräter woren awer vun der ëffentlecher Hand zertifiéiert, wat weist, datt mir méi streng a méi realitéitsno Tester brauchen, fir esou Faillen ze verhënneren.

Wann e Client also Pech huet, an dee falsche Smart Meter verbaut krut, ka seng Stroumrechnung sech versechsfachen. Eppes wat Famillje kann an Existenzängscht bréngen, wann op eemol eng déck an ongeplangte Rechnung an d’Haus kënnt. Dofir ass et wichteg, datt all Energiefournisseur an net nëmme Luxmetering GIE zu Lëtzebuerg d’Kaarten op den Dësch leet a kloerstellt, ob seng Modeller vun den Tester an Holland betraff sinn oder ob se bei engem equivalenten Test keng Feeler gewisen hunn. Well e Smart Meter, dee falsch zielt, ass en ‚Dumb Meter‘!

Nieft der Fro vum richteg oder falsch zielen, stelle sech bei Smart Meter awer och dateschutzrechtlech Froen an d’Fro no der Wahrung vun der Privatsphär. D’CNPD huet net ëmsoss schonns am Mee 2014 en Avis iwwert Smart Meter erausginn, dee fuerdert, datt bei Smart Meter ‚Privacy by Design‘ ëmgesat gëtt. Dëst bedeit, datt Smart Meter nëmmen dierfe verschlësselt mat den autoriséierten Oflieser kommunizéieren an datt och nëmmen déi Date gespäichert ginn, déi wierklech néideg sinn. Vu datt an der Vergaangenheet nogewise gouf, datt een unhand vu Smart Meter kann erausfannen, wéini, wéi vill Leit doheem sinn oder wéi vill Computeren ageschalt sinn, ass et bedenklech Smart Meter ouni kloer Limitte vun der CNPD anzesetzen. Et ass dofir ze begréissen, datt d’CNPD dësen Dossier well zanter 2014 suivéiert.

Schlussendlech weisen déi zwee Argumenter, datt een net sollt iergendee Compteur am Internet bestellen an op deem seng Sécherheet a Genauegkeet vertrauen, genee sou wéineg kënne mer awer op aktuell zougeloosse Compteure vertrauen, éiert dës net nei zougelooss goufen.

Dofir fuerdere mir, datt all Compteur um lëtzebuergesche Marché Tester, déi mat der Fuerschung vun der Uni Twente kompatibel sinn, duerchleeft an esou nei op nationalem Plang homologéiert gëtt. Duerch esou eng Homologatioun kéint Lëtzebuerg weisen, datt mir eng ‚Smart‘ a keng ‚Dumb Nation‘ sinn, déi Risiken erkennt an dono verhënnert.“