LËTZEBUERG
LJ

Traditionell Éimaischen um Fëschmaart an zu Nouspelt

Ouschterméindeg ass déi 192. Éimaischen um Fëschmaart an der Stad. Och dëst Joer huet de Comité Alstad sech eppes Neies afale gelooss.

Natirlech däerf den traditionellen Péckvillchen net feelen. Den dësjährege Péckvillchen huet de langjährege Member vum Comité Alstad, Sergio Di Paoli, nees e ganz flotte Péckvillchen entworf. Realiséiert gouf de Péckvillche vun dësem Joer an den Atelieren vun der Ligue HMC zu Capellen.

Et sief nach bemierkt, datt de Péckvillchen 2019 just an enger ganz klenger Oplo vun nëmmen 150 Stéck produzéiert gouf, nummeréiert a mat engem signéierten Zertfikat vum Artist. Den Erléis vun der Vente ass fir d’Kannercrèche op Almönster.

Zwou Espressotasen Fairtrade Kaffi

No engem gudden Iessen drénkt ee jo nawell ganz gär en Espresso. An dofir huet de Comité Alstad sech eppes Spezielles afale gelooss. An engem flotten Emballage ginn zwou Espressotasen an en halleft Pond Fairtrade Kaffi (10 Prozent Arabica) ugebueden, mat enger Vue op de Rampart an op d’Méchelskierch. Et ass eng Vue vum Lëtzebuerger Kënschtler Lé Tanson.

Vun den Espressotase ginn et 125 Mol zwou Espressotasen an en halleft Pond Fairtrade Kaffi. Den Erléis vun der Vente ass fir Fairtrade Lëtzebuerg a.s.b.l.

Ofhuele kann ee seng bestallten a bezuelten Espressotasen a säi Péckvillchen Ouschterméindeg op der Éimaischen um
Fëschmaart, um Stand vum Comité Alstad, vun 08:00 bis 17.00.

Wien net op d’Éimaische ka kommen, huet d’Méiglechkeet, seng Bestellung am Büro vum Comité Alstad op Nummer 14 an der Siegfriedstrooss um Fëschmaart, vum 23. Abrëll bis den 30. Abrëll ofzehuelen, vun 9.00 Auer bis 12.00.

Fir déi Kleng

Och vun 10.00 un ass d’Valentina Becker op der Éimaischen an der Stad, eng professionnel Make-up-Artistin a Member vum Comité Alstad, fir gär a gratis onse klenge Frënn en hippe Face-painting ze verpassen.

Och en ale Brauch gouf nees ausgegruewen, an zwar „Eeërschëllen“, dat 1982 fir d’lescht vun de Kanner gespillt gouf. Eeërschëllen ass e Brullen (erof rulle loossen) vun Eeër iwwert eng Holzschinn. Wann een da mat sengem Ee eent vun deenen Eeër, déi um Bueden leien, téckt, dann huet een dat gewonn. Vun 10.30 bis keng Eeër méi do sinn, ass all Kand invitéiert, fir matzespillen.

An zu Nouspelt mam Péckvillchen „De Vullejhemp“

Zanter 1957 gëtt och eng Eemaischen zu Nouspelt organiséiert, an zwar vom lokale Pompjeesveräin. Och hei gi e Péckvillche verkaf, dee bei Sammler ganz begiert ass. Dëst Joer gëtt ee ganz besonnesche Péckvillchen zu Nouspelt ugebueden: „De Vullejhemp“. Dëse Péckvillchen, deen dem Superjhemp onheemlech gläicht, gouf vum Marc Einsweiler als Hommage un den Zeechner Roger Leiner geschafen.

Den nächste Méindeg geet et an de Stroosse vun Nouspelt um 10.00 lass mam Verkaf vun de Péckvillecher an aneren Äerdewueren. Am Laf vum Dag wäert da fir Iessen, Gedrénks an Animatioun gesuergt sinn.