NORA SCHLEICH

De Philosoph, eng Richtegstellung

Oh déi léif Philosophie, ass et just e verstëppste Begrëff an eiser neimoudescher hyperdynamescher Zäit? Oft erwaarden mech verwonnert Reaktiounen, oder souguer Aen, déi gerullt ginn, wann un d’Liicht kënnt, datt ech meng Zäit mat engem sou onnëtze Studium wéi deem vun der Geeschteswëssenschaft Philosophie verschwenden. Wie brauch dat da schonn? Wat mécht een dann domad? Kritt een do iwwerhapt eng Plaz?

Wien direkt un de Philosophen-Klischee denkt, gesäit een alen, gro-bärtegen Mann viru sech, dee mam enken, klengen Liesbrëll op der Nues, deen hannert rabbelegen alen Bicherregale kauert an ee Glas Wäin schlürft. Eng aus der Gesellschaft erausgetruede Gestalt, déi verréckt Theorien an abstrus Gedankegäng zesummespënnt… mä, Moment! Dës vu Viruerdeeler gespeiste Virstellung vum Philosoph ass wierklech net méi up to Date.

Eng gewësse Skepsis begéint mer oft, wann ech probéieren ze erkläeren, wéisou d’Philosophie grad vun hirer Natur aus net just deem stëppsdréchene Klischee, deen ech Iech an den Zeilen virdrun erläutert hun, entspriechen kann!

Der aalgriechescher Iwwersetzung vun ‚philo-sophia’ no bedeit dëst Wuert: d’Léift zur Wäisheet. Deemno ass de Philosoph guer nët den Allwëssenden, deen iwwert alles Bescheed weess a sech u sengem genuie Wëssen ergötzt, a sech als Häer iwwert d’Wësse vu Gott a Welt presentéiert. Och wäert de Philosoph sech déi absolut Wourécht net uneegne kënnen, an nëmmen andeems en dat wees, gëtt e sengem Dosein als deem, deen vun der Léift zur Wäisheet ugedriwwe gëtt, gerecht. De Philosoph ass vill éischter dee, deen ëmmer op en Neits probéiert, zu neien Erkenntnisser ze gelaangen an neit Wëssen iwwer d’Welt an hir Zesummenhäng ze ereechen. Soumatt kann en da beschtefalls der Wourécht Stéck fier Stéck, an engem endlose Prozess, méi no kommen! D’Zil, déi absolut Wourécht, d’totaalt a vollkomment Wëssen ze ereechen, kënne mir, fehlbar a sech täuschend, mënschlech Wiesen, ni ereechen. Mir hu keen all-einsichtegt Verständnis vun der Welt oder deene multiple komplexen Zesummenhäng, déi dëst Universum, an och nach vläicht aner Universen driwwer hinaus, bereet halen..

Mä, dat soll sech elo och net am Fatalismus, „dann huet jo alles keen Wäert!’ verlafen. Eppes méi wëssen an eppes besser verstoen, dat huet een enormen Eegewäert! D’kritescht Hannerfroen, oder ganz banal, sech Gedanken iwwert eppes maachen, dat ass all de Mënsche méiglech! A genau doru knäppt d’Aarbecht vum Philosoph un. D’Gedankenexperiment an d’geeschteg Analys sin d’Tools vum Philosoph. D’Philosophie-App heescht an deem Fall: Intellektuellt Experimentéieren, also, duerch mentaalt logescht Duerchspillen eventuell méiglech Szenarië préifen! An zwar net andeems de Philosoph sech ausschléisslech op Sonderwëssen oder ee spezifeschen Intéret berifft. D’Haaptmotiv kënnt och net aus enger esoterescher oder religiéiser Richtung, wéi vill Net-Philosophen gäere méi behaapten. Déi generell Aufgab vum Philosoph besteet eben doran, dem Fuerwëtz an der Wëssensloscht nozegoen!

An d’Denke schoulen an d’Allgemengwëssen ausweide ka jiddereen, mat e bëssen Übung! Logescht Argumentéieren ass net just dem archetypesche Philosoph virbehal. Duerch e bëssen Training bleift de Verstand fit a ka sech geziilt a performant asetze loossen. Wéi Dir gesidd, sinn dëst Eegenschaften, déi net just engem ale Professor zouzeschreiwe sinn, mä och, oder haaptsächlech, deemjéinegen, dee passionéiert a motivéiert op d’Sich no Wëssen an Erkenntnis geet. Dat Gutt dorun ass, jiddereen kann dee Wee goen, well d’Méiglechkeet ze denken, also de Verstand, eis Mënschen all ginn ass, et muss een en ebe just schoulen, déi eng méi, déi aner manner!

 

 

Säitdeems ech de Bachelorstudium an der Philosophie erfollegräich absolvéiert hat, war et fir mech kloër: d’Philosophie ass meng Passioun! Den uschléissenden Masterstudium war mer ee Plaiséier, an och op d’Doktorat freeën ech mech schonn immens. Ech ka mech stonnelang an den Texter vun antiken, alen, méi modernen, an zaitgenössesche Philosophen verléieren, fir mer herno meng eege Gedanken dozou ze maachen an dës mat mengem Ëmfeld an ausschweifenden Diskussiounen ze deelen! D’Gedankeschoulung duerch d’Philosophie huet mer nët just am akademesche Beräich gehollef, main Horizont ze erweideren, mä och am Alldag huet mech d’Philosophie positiv beaflosst. Et fällt engem op eemol op, wéi een d’Welt an hirer Komplexitéit vlaicht och aus engem aaneren Wénkel betruechten, an soumatt ee bessert Verständnis vu sengem Entourage gewanne kann. An datt genau dëst den ‚Gewënn’ ass, deen d’Philosophie bereet hält, géif ech gäer der Welt matdeelen. Vläicht gëtt deen Een oder Aneren jo duerch déi verschidde kleng Texter, déi hei am „Journal" wäerten erschéngen, jo och zu weiderféierenden an hoffentlech och opschlossräiche Gedankengäng inspiréiert. Ech géif mech freeën, well, wéi sot de gudde Kant och schonn: Sapere Aude! Habe Mut, dich deines eigenen Verstandes zu bedienen!