LËTZEBUERG
SAM MERSCH

Gesëffs an der Gewan: Béier a Wäin an de Lëtzebuerger Flouernimm

Flouernimm maachen eis eng Fënster an d’Vergaangenheet op. Dobäi gëtt et eng Fro, déi sou muenchem op der Zong dierft leien: Wat verroden eis d’Flouernimm iwwer de Béier an de Wäin hei am Land?

Prinzipiell ass et sou, datt ee vill méi Indicë fënnt op de Wäibau, mee och d’Béierproduktioun daucht heiansdo an de Flouernimm op. Sou fënnt een zum Deel eng Rëtsch Geeschtefelder, woubäi d’Geescht net nëmme fir de Béier konnt geholl ginn. Méi kloer sinn awer d’Happgäert, also déi Flouernimm, déi op den Ubau vun Happ fir de Béier weisen. Dësen ass scho relativ fréi vun de Kléischter kultivéiert ginn an och d’Happgäert sinn an deem Zesummenhang entstanen.

Vu Wäigaart bis Ollek

De Wäibau fir säin Deel war fréier vill méi breet iwwer d’Land verdeelt, wéi dat haut de Fall ass, wat och dorop hindeit, datt de Wäin allgemeng méi wichteg war, bzw. léiwer gedronk ginn ass. En direkten Indiz op d’Wäiproduktioun sinn dann och d’Wéngert-Flouernimm. Hei muss een awer en Ënnerscheed maachen tëscht de Forme Wangert a Wéngert. Wangert ass méi eng al Form an deit dann och op e méi fréie Wäibau hin. Et gesäit een dann och vun der Verdeelung vun deenen zwou Formen, datt Wéngert virun allem (mee net nëmmen) an der Muselgéigend virkënnt, woufir mir dann och dës Form am moderne Lëtzebuergesche benotzen. D’Wangerte kommen awer vill am zentrale Lëtzebuerg an och am Norde vir. Wangert oder Wéngert heescht dobäi näischt aneres ewéi Wäigaart an esou Forme si well aus dem 15. Joerhonnert an historeschen Dokumenter bekannt.

Et gëtt donieft awer och e sëllegen aner Nimm, déi op eng Wäiproduktioun hiweisen, woubäi een erausstécht an zwar den Olk oder Ollek. Dëst Wuert ass eent vun deene wéinege mat enger keltescher Originn am Lëtzebuergeschen, woubäi mir et awer aus der laténgescher Form olca kritt hunn. Ursprénglech huet dëst e gutt Stéck bezeechent, bei eis ass et awer virun allem fir e Wéngert geholl ginn. Dëst Wuert kënnt vun enger ganz aler Form polka, wat esou vill heescht wéi, datt d’Äerd ëmgegruewen (oder gedréit) ginn ass, an erstaunlecherweis och eppes mam Wuert Felg ze dinn huet, well déi sech eeben och dréit.