LËTZEBUERG
SAMUEL HAMEN

Mat de Bichelcher 18, 19 an 20 gëtt d’Mini-Serie „SMART“ vun den „Éditions Kremart“ ofgeschloss

Den Heinrich von Kleist huet dräi Punkte gesat, de Siegfried Lenz beschreift een agedrécktent Kappkëssen, d’Charlotte Roche d’Faarf an de Contenu vun engem Gummi. Et gëtt sou munch Schreifweeër, wéi ee sech un d’Sujete Bezéiung, Sex a Léift eruwoe kann. Och déi lescht dräi „SMART“-Bichelcher aus den „Éditions Kremart“ probéieren op ënnerschiddlech Manéieren, sech mat dësen Themen auserneenzesetzen.

An „Tunnel of Love“ verzielt d’Jackie Messerich vu Pabeierfatzen, déi eng voyeuristesch Autrice am TGV fënnt. Si puzzelt se zesummen a liest vun enger enttäuschter Léift, vu schéinen Deeg, déi een zesummen zu Paräis verbruecht huet. Wat stécht dohannert? Aus enger uerg vun Telenovela-Soaps kontaminéierter Imaginatioun eraus skizzéiert d’Messerich eng Véierecksbezéiung mat déidlechen Accidenter, Säitespréng a futtissen Häerzer.

„A firwat war dat elo alles gutt“?, freet sech eng Figur iergendwann, an no der Lecture vun den drësseg Säite géif een hir a sech selwer nawell gären eng Äntwert kënne ginn. Ma „Tunnel of Love“ ass wéi Zockerwatt: Bal keng Substanz, an nach während een d’Bichelche liest, glëscht ee schonns no eppes Deftegem. Wat d’Literatur an dëser Geschicht ass? Eng sou papeg wéi pupeg Manéier, eng Welt, déi just aus idealiséierter Bockegkeet a parfuméierter laddreger Léift besteet, mat schmonzege Gefiller ze tapezéieren. Geschriwwen ass dat Ganzt an enger Schoulprosa, impeccabel, propper, korrekt - a sou langweileg wéi d‘Äntwerte vum Streber, deen ëmmer alles richteg gemaach huet.

Déi berüchtegt F-Wierder

Wann „Tunnel of Love“ de Streber ass, dann ass „Fuck“ de provokante Klasseclown an der „SMART“-Rei. Geschriwwe gouf d’Geschicht vum Gintaré Parulyté, an am Titel kënnegt sech schonns dat un, wat d’Logik vun dësem Text ass: Et gëtt non-chalant geflucht, gebuppt a gepotert. D’Ramona wëll Mamm ginn, ier hatt véierzeg ass. Dofir gëtt de Pol aka Zizzi rekrutéiert, fir him méiglechst séier an effizient ee Kand ze maachen. Ëmmer nees geet rieds vun de berüchtege F-Wierder: Fécken, Féngeren, Fertilitéit. De kuerzweilege Charme vum Buch funktionéiert no de Method, déi deen ee stramme Schüler am fënnefte Schouljoer ausprobéiert huet: „Muschi“ blären, kucken, wien alles rout gëtt a sech dann dichteg fillen.

Ma am Kader vun dësem Mini-Format ass dëse ruppegen Toun duerchaus witzeg a séier, grad well en hei zu Lëtzebuerg soss ni ze héieren ass. Déi ugeschwaten Themen, ënnert anerem den Drock, Nowuess, Léift an iwwerhaapt alles ënnert een Hutt mussen ze bréngen, sinn hautdesdaags besonnesch relevant. Ob hei eng feministesch-emanzipativ Stëmm zou sech fënnt, ass awer eng aner Fro. Dofir sinn drësseg Säiten ze wéineg - an d’gestalteresch Iddi hannert dem Text (nach) ze schmuel.

Flang an d’heteronormativt Bett 

An „Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un?“ schéckt de Jean-Paul Maes zum Ofschloss vun der Serie, déi mam 20. Bändchen op een Enn geet, eng Figur an d’Ofgrënn an d’Iwwerflächlechkeete vum fréien Alter. Skizzéiert ginn Existenzproblemer vun engem eelere Mann, dee vu Fitness a Gesondheet obsedéiert ass. Säi Liewen ass zesummegeschmollt op d’Suerg, wéi vill Béier hien a sech eraknuppe kann, ouni datt d’Panz wiisst an op d’Plainte, datt een an der „Belle Étoile“ ëmmer deenen nämmlechte Sabbeler begéint. D’Liewen tëscht Saunéieren a Saufen ass numol net einfach, a wann een net vrun Hëtzt schweesst, dann ebe vrun ze vill Béier respektiv Gebraddels.

Zum Schluss stellt sech eraus, datt dat „jonkt Dickelchen“ „mat de klengen, ronne Bäckelcher“, an déi eisen Här sech verkuckt huet, d’Duechter vum fréiere Schaffkolleg ass. Dat wier jo nach ze verkraaften, ma da kënnt déi Moss och nach op déi bosseg Iddi, lesbesch mussen ze sinn. Den enttäuschte Protagonist muss also (Heem) trëppelen a sech eleng a säin heteronormativt Bett leeën, dat hien extra nei bezunn hat: „Et soll jo frësch richen, wann ech eventuell ...“ (Do si se iwwregens, déi berüchtegt dräi Punkten.) Zum Schluss schwiert hie sech: „Muer - keng Sauna!“ Majo dann: An dëser Situatioun ass de Béier-Comptoir an der „Belle Étoile“ fir d’Figuren an d’Lieser tatsächlech déi beschte Léisung.