LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder: Hannert de Manifestatioune stinn oft zimlech ähnlech Problemer

A ganz Latäinamerika ginn d’Bevëlkerungen op d’Strooss, fir géint hir Regierungen ze protestéieren. D’Grënn sinn awer net an all Land déi selwecht, mee d’Problemer an deene verschiddene Länner sinn dacks zimlech ähnlech.

Knapp 30 Joer ass et hir, datt Chile de Prozess aus enger Diktatur ënnert dem Diktator Augusto Pinochet an eng Demokratie ofgeschloss huet. Do si vun de Studente Protester ausgaangen, där sech spéider déi ganz chilenesch Bevëlkerung ugeschloss huet. Haut ginn d’Chilenen erëm op d’Stroossen, fir géint déi sozial Ongläichheeten opmierksam ze maachen an d’Regierung opfzefuerderen, endlech eppes dogéint z‘ënnerhuelen.

Chile ass do net dat eenzegt Land a Latäinamerika, wat vun enger ongläicher Akommesverdeelung betraff ass, och Haiti, Kolumbien a Brasilien leiden ënnert den ongläiche Verhältnisser zwëschen de verschiddene soziale Schichten. D’Protester gi weider, och wann déi chilenesch Regierung de Mindestloun, d’Pensiounen a verschidde Minister changéiert huet. D’Chilene fuerderen de President Sebastiàn Piñera, ee Multimilliardär, op, de Sozialsystem ëmzebauen an dem Neoliberalismus de Réck ze weisen. Mee bis elo steet de President hannert dem „Status quo“ a refuséiert, zréckzetrieden. D’Majoritéitsparteie kommen den Ëmfroen no nëmmen nach op 9 Prozent Zoustëmmung an der Bevëlkerung. Zudeem fuerdere verschidde Beweegungen, d’Konstitutioun ze änneren, well se nach zu gréisseren Deeler aus der Zäit vun der Pinochet-Diktatur staamt.

Méi Gerechtegkeet gefuerdert

A ganz Latäinamerika fuerderen d’Mënsche méi Gerechtegkeet an eng besser Verdeelung vum Räichtum. A Chile an Ecuador hunn d’Manifestatiounen hire Ufank gehat, wéi et zu de massive Präiserhéijunge komm ass. A Bolivien sinn d’Leit säit knapp dräi Wochen op d’Stroosse gaangen, fir géint de méigleche Walbedruch vum bolivianesche President Evo Morales ze protestéieren. Dat huet Wierkung gehat, hien huet de Sonnden säi Récktrëtt matgedeelt. Déi brasilianesch Regierung huet am Summer de Budget fir d’Educatioun gekierzt, wat d’Brasilianer net akzeptéieren. Bal zéng Millioune Brasilianer hu géint déi Kierzunge protestéiert. Vun den Indigene sinn och vill Stämm protestéiere gaangen, well a Brasilien illegal Bëschrodunge bedriwwe ginn, fir méi fruchtbare Buedem ze gewannen. Well Brasilien vill Soja an Europa transportéiert, fir datt d’Fleeschproduktioun wuesse kann.

A Venezuela kämpft de Parlamentspresident Juan Guaidó säit dem Januar géint de Nicolas Maduro fir d’Unerkennung als legitimme President. De Regimewiessel ass a Venezuela bis elo feelgeschloen, trotz den US-Sanktiounen an der breeder internationaler Ënnerstëtzung. De grousse Problem ass, datt héich Militärfonktionnairen hir Privileegien net verléieren an och verschidden illegal Geschäfter net opgi wëllen. D’Konsequenzen dovunner: Bal véier Millioune Venezuelaner sinn op der Flucht Richtung Kolumbien, Ecuador, Peru, Chile, Argentinien… Dat bréngt och erëm verschidde Problemer mat sech, si gi vun de Geschäftsleit etc. fir wéineg Suen ausgenotzt. Déi lokal Bevëlkerung

gesäit da just, datt si hir Aarbechtsplazen ewechhuelen an esou komme Konflikter tëscht de Venezuelaner an de lokalen Awunner op.

Vill Protester a Latäinamerika si friddlech, mee et ass och zu vill Gewalt komm. Et bleift ofzewaarden, wéi eng Impakter dës Protester op déi politesch Landschaft a Latäinamerika hunn an och wéi sech d’Gesellschaften doduerch änneren.