LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

Fir eng besser Zukunft

Säit gutt zwou Woche ginn am Libanon d’Leit op d’Stroosse fir géint déi aktuell Regierung ze protestéieren. Déi huet awer bis elo nach keng nennenswäert Reaktioun op d’Protester gewisen, mee d’Situatioun spëtzt sech lues a lues ëmmer méi zou.

D’Bevëlkerung geet op d’Stroosse fir sech an och fir déi nächst Generatiounen ee bessert Liewen ze erméiglechen. Am Land ginn et vill verschidde Reliounen, dat huet an der Vergaangenheet oft fir Konflikter gesuergt, mee duerch d’Protester sinn déi knapp 18 verschidde Reliounen sech méi no komm fir zesumme géint déi schlecht Infrastrukturen, Korruptioun a fir eng besser Zukunft ze protestéieren. D’Demonstratioune sinn net nëmmen an der Haaptstad Beirut, mee an allen aneren Ecke vum Land, och do wou d’Hisbollah d’Soen huet. D’Hisbollah ass eng schiitesch Partei am Libanon, déi och eng Miliz ënnerhält. D’Miliz vun der Hisbollah ass fir Terrorattacke géint westlech an israelesch Soldaten an Infrastrukturen oft an d’Press komm. Obwuel d’Hisbollah eng paramilitäresch Organisatioun besetzt, huet d’EU just d‘Miliz als Terrororganisatioun deklaréiert, mee net déi ganz Organisatioun.

Demonstrante fuerderen d’Enn vu Korruptioun, de Récktrëtt vun dem Saad Hariri senger Regierung, Neiwalen an d‘Enn vum Sektéierertum. D’Sektéierertum am Libanon definéiert d’Verdeelung vu wichtege politesche Posten u Persounen déi zu enger bestëmmte Relioun gehéieren.

An der Haaptstad gesäit ee firwat d’Leit protestéieren. D’Loyere schéisse bis an den Himmel, iwwerall sinn deier Restauranten a Boutiquen opgaangen, wou de gréissten Deel vun de Libanesen sech näischt dovu leeschte kann. Well si oft vill Rechnunge bezuele mussen, well déi staatlech Infrastruktur um Enn ass. Si mussen op dem Dach vum Haus ee Waassertank opriichten, well aus dem „staatleche Krunn“ keng Drëps Waasser méi eraus kennt. Oder nei Stroumkabele verleeën, déi mat engem Generator verbonne sinn, well si soss bis zu sechs Stonnen am Dag kee Fonke Stroum hunn. Dowéinst hunn d’Protester hire Wee bis an déi nobel Géigende fonnt, well si weise wëllen, dat d’Stad jidderengem gehéiert.

Wéinst der grousser Diversitéit an der libanesescher Gesellschaft konzentréiert sech all Grupp op hire politeschen Territoire. D’Sunnitte protestéieren am Nordlibanon géint de sunnitesche Premierminister Saad Hariri, Chrëschte protestéiere géint de maronitësch-kathoulesche President Michel Aoun an d’Schiite protestéiere géint d’Hisbollah an d’Amal-Beweegung vum Parlamentspresident Nabih Berri. Esou schaffen d’Libanesen all zesumme fir déi politesch Elite zum Falen ze bréngen.

Eng Organisatiounsspëtzt hunn d‘Protester am Moment net, also keen Uspriechpartner fir d’Regierung. Mee dat ass net esou tragesch, well esou kënnen si nach méi Drock op den etabléierte System opbauen. Esou grouss Protester huet de Libanon nach a senger Geschicht net gesinn, bis elo si véier Minister vun der chrëschtlecher Partei zeréckgetrueden.

D’Riede vum Saad Hariri, Hassan Nasrallah (Hisbollah) a vum Michel Aoun hunn d’Leit méi enttäuscht, ewéi zefridde gestallt. Op d’Säit vun der Bevëlkerung hunn sech och Professeren, Riichter an Ekonomiewëssenschaftler gestallt an d’Exame vun de Studente sinn op een aneren Datum verréckelt ginn, fir dat si och un de Protester kënnen Deel huelen.

Et bléift ze hoffen, dat alles friddlech wieder geet an ob vu Säiten der Regierung nach wieder Récktrëtter ze erwaarde sinn.

Quellen a Links:
1) tinyurl.com/a500wiederlibanon
2) tinyurl.com/a500wiederlibanon2
3) tinyurl.com/a500wiederlibanon3