Den jonke lëtzebuergesche Rapper Tommek huet säin éischten Album opgeholl

Lëtzebuerg 16 Stécker a Sounds vun dräi Beatmasteren: Dat ass dem lëtzebuergeschen HipHopper Tommek säin éischten Album an Zuelen, deen, iergendwou „Tëschent Humor a Wourécht“ läit. D’Wourecht schreift de jonke Mathermatikstudent vun der Universitéit Lëtzebuerg mat engem grousse „W“, Humor fënnt de Lauschterer manner, awer deen Humor, deen drop ass, ass dann awer donkel gro bis schwaarz.

Den Tommek aka Tom Mersch ass vun däitsche Rapperen inspiréiert an dat héiert een aus dem engen oder aneren Text raus, well de Museker - ouni Zweiwel onbewosst - däistsch Ausdréck an seng Texter abaut, wou en lëtzebuergescht Wuert besser passe géif. Hei an do entscheed sech de Rapper och bewosst fir en däitscht, fir dat d’Reimer opginn, wat ee kann novollzéien .

Grosso modo ass dem jonke Lëtzebuerger säin Debut e gudden Album, deen sech duerch seng net iwwerflächlech Texter vu villen, net nëmme lëtzebuergesche Produktiounen ënnerscheed. Den Tommek thematiséiert d’Stellung vu Kanner a Jugendlëcher an enger Gesellschaft, an der si net richteg erwënscht sinn („Verluere Kanner“) oder awer d’Iwwerflächlechkeet, vun där sech deen een oder anere blende léisst a souguer - fräiwëlleg - op där Iwwerflächlegkeet säin Alldag a Liewen opbaut („Porzeläin“).

Manner poppeg

De jonke Rapper hieft a senge Stécker de Beat un, hieft awer ni de Fanger, andeem hie sech d’Baseballkap vum Moralapostel opsetzt. Den Tommek schwätzt verschidde Saachen, déi net rond ginn, un, d’Sprooch ass direkt an och hei an do réi. Dat ass awer Rap.

Deen een oder aneren Titel wéi zum Beispill „Real Life“ kléngt eppes ze poppeg. Aus gudder Quell wësse mir awer, dat den zweeten Album manner poppeg klénge soll. pav