LËTZEBUERG
CHAREL METZ

A 500 Wierder: Wéisou si grad Chemiewaffe verbueden – a ginn awer benotzt?

Dem syresche Regime gouf viru Kuerzem virgeworf, Attacke mat chemesche Waffe gefouert ze hunn. Dat ass international geächt, dowéinst hunn Amerika, Frankräich a Groussbritannien Rakéiten op syresch Ariichtunge geschoss (1), an deenen dës Waffen hiergestallt oder stockéiert solle ginn. Mee wéisou si grad chemesch Waffe verbueden, wärend sou vill anerer an all Krich benotzt ginn?

Experimenter mat Chlor

E Bléck op den éischte groussen Asaz vu chemesche Waffen erkläert villes. Dat war 1915 zu Ypres an der Belsch, hei hunn am éischte Weltkrich däitsch Zaldote géint franséischer an algerescher gekämpft. Béid Säite wollten de Géigner mat Gas vergëften, ervirgestach ass dunn awer notamment den däitsche Chemiker Fritz Haber, dee mat Chlor experimentéiert huet – e Gas, dat zum Beispill an de Schwemme benotzt gëtt, fir d’Waasser propper ze halen, a wat schonn do an niddrege Konzentratioune kraazt. Wann een et awer konzentréiert anotemt, beschiedegt et d’Aen an d’Longen, no bësse méi laanger Zäit stierft een. Genee dat ass Dausenden Zaldote geschitt, well Chlor méi schwéier wéi Loft ass a sou d’Lächer gefëllt huet, an deene si Schutz gesicht hunn. Ee Joer nom Krich krut de Fritz Haber iwwregens trotzdeem de Nobelpräis fir Chimie: Hien hat och d’Basis fir en Dünger geluecht, ouni deen et bis haut net méiglech wier, d’Milliarde Leit op der Welt z’ernären – a wéinege Personnagë resuméiert sech d’Zweeschneidegkeet vun de Wëssenschaften sou staark wéi bei him.

Vill aner Gëftgaser sinn entwéckelt ginn, d’Muster war awer meeschtens ähnlech wéi beim Chlor: Se si relativ bëlleg hierzestellen („Atombomm vun den Aarmen“), an d’Produktioun ass siele komplizéiert. Chlor kann zum Beispill ganz onkomplizéiert aus Kachsalz gewonne ginn. Analog kann een aus Substanzen, déi net ganz schwéier ze kréie sinn (well mer se fir sou onschëlleg Produktioune wéi déi vun Zahnpasta brauchen), „Sarin“ hierstellen – iwwert 500 Mol sou déidlech wéi den net grad harmlose Chlor, a wahrscheinlech rezent vum syresche Regimm benotzt ginn. (2)

D’europäescht Stroossebild war nom 1. Weltkrich markéiert vun oft kriibskranke Veterane mat total entstallte Gesiichter a verätzter Haut. Dat huet de gesellschaftlechen Drock fir e Verbuet därmoossen erhéicht (souguer beim Militär: et wier „not quite cricket“, sou en engleschen Offizéier (3), dass déi grouss Länner scho 7 Joer nom Krich en Traité ënnerschriwwen hunn, deen den Asaz vun dëse Waffen am Krich verbueden huet. Dass et sou séier gaangen ass, hat awer nach en anere Grond: Et hat ee festgestallt, dass d’Gëftgaser guer net sou effikass sinn – et war schwéier virauszegesinn, op wéi eng Säit d’Loft d’Gaser droe géif, sou dass vill vun den eegenen Zaldoten dervun ëmkomm sinn.1925 gouf awer just den Asaz vu Chemiewaffe verbueden, net d’Produktioun dervun. Dat ass eréischt 1997 geschitt mat enger Konventioun (4), déi bal all Land ënnerschriwwen huet, an déi och hir Zerstéierung virgesäit. Bis dohi goufe vill Chemiewaffe produzéiert, an ëmmer nees agesat: Italien huet se massiv a senger Kolonie Ethiopien benotzt, d’Pinochet-Diktatur a Chile huet an de 70er an 80er Oppositioneller dermat ëmbruecht, an den 80er goufen Dausenden irakesch Zivilisten hiert Affer.

Déi vergläichsweis einfach a bëlleg Produktioun huet et deemno ëmmer nees schwéier gemaach, den Asaz vu Chemiewaffen ze verhënneren, an dat obwuel deen ënnert anerem aus historesche Grënn international geächt ass. De selwechte Problem stellt sech haut am Fall vu Syrien. Trotz Institutiounen wéi der OPCW, déi sech ëm d’Kontroll an d’Zerstéierung vun dëse Waffe këmmeren, ass hiren erneiten Asaz net auszeschléissen.

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

Virun zwee Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag. Weider Informatiounen an d'Sourcen vum Artikel ënner  a500wierder.lu