LËTZEBUERG
LJ

Nationalen Dag vun der Resistenz um Nikloskierfecht um Lampertsbierg

Zum Gedenken un all déi Männer an Fraen, déi sech an deene battere Joeren zwëschent 1940 an 1945 an der Resistenz engagéiert hunn, a besonnesch un déi vun hinnen, déi an de Kazetter, Prisongen an Emsiidlongslager hiert Liewe gelooss hunn, gouf gëschter den Nationalen Dag vun der Resistenz gefeiert.

1997 huet d’Lëtzebuerger Resistenz fir d’alleréischte Kéier dës „Journée nationale de la Résistance“ organiséiert, déi sech no enger Décisioun vum „Conseil national de la Résistance“ all Joer widderhuele soll, an dat op deem Dag, op deem soss déi sougenannt „Hinzerter Mass“ gefeiert gouf.

Op der „Journée nationale“ vu gëschter gouf wéi ëmmer un déi 23 Cheffe vun der Resistenz, déi de 25. Februar 1944 - viru 75 Joer - am Hinzerter Bësch erschoss goufen, grad ewéi och un d’Streikaffer, déi am September 1942 zu Hinzert ëmbruecht goufen, geduecht. Doriwwer eraus awer sollt un all déi Doudeg vun der Resistenz erënnert ginn, déi an anere Kazetter oder an de Prisongen an Emsiidlongslager hiert Liewe fir d’Heemecht hierginn hunn.

No der Mass an der Glacis-Kapell sinn d’Leit am Cortège vum Eck Rue de la Faïencerie an Allée de la Résistance et de la Déportation aus bei den „Monument de la Résistance“ op den Nikloskierfecht gaangen, wou déi eigentlech Feier war.

Dës Feier huet bestanen aus engem Choral, virgedroe vun der Militärmusek, dem Virliese vun engem Choix vun Texter duerch Schüler aus dem Maacher Lycée, de Gebieder vun de Vertrieder vun der katholischer Kiirch, der protestantescher Communautéit an der jüdescher Communautéit zu Lëtzebuerg, dem Néierleeë vu Blummen duerch d’Autoritéiten - de President vun der Chamber Fernand Etgen, de President vum Staatsrot Georges Wivenes, fir d’Regierung de Minister Félix Braz an de Stater Schäffe Serge Wilmes - an de Resistenzler, dem Ofspille vun der „Sonnerie aux morts“, der Usprooch vum engem Vertrieder vum Orga- nisatiounskomitee, an dem gemeinsame Sange vun der Heemecht.

Uschléissend war den traditionelle Rondgang laanscht d’Griewer vun de Victimen.