LËTZEBUERG
SAM MERSCH

De Sam Mersch ass Sproochhistoriker a schreift aktuell op der Uni Lëtzebuerg eng Dokteraarbecht iwwer d’Lëtzebuerger Flouernimm, déi antëscht Deel vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg sinn. Am „Journal“ verëffentlecht hien ab haut eng Serie iwwer ënnerschiddlech Aspekter vu senger Aarbecht. Mee wéi ass hien dozou komm? E puer Erklärungen.

„Ech hu Geschicht, Archeologie mee och Linguistik studéiert a mech besonnesch och mat indogermanesche Sprooche befaasst. D’Sproochgeschicht vum Lëtzebuergeschen ass e ganz spannend Feld, op dem ech momentan um ‚Luxembourg Center for Contemporary and Digital History‘ schaffen. Et huet sech hei d’Fro vum Thema vu menger Dokterthees gestallt an ech hu mech mat mengem Supervisor Peter Gilles dorop gëeenegt, fir mech mat de Lëtzebuerger Flouernimm ze befaassen, déi elo immateriellt Kulturierwe sinn an ons vill doriwwer verzielen, wéi d’Mënschen de Raum gesinn hunn, an deem si gelieft hunn.

Esou eng Recherche bedeit fir d’éischt emol aus ville Quellen eng Datebank zesummen ze droen, déi momentan ongeféier 200.000 Beleeger ëmfaasst. E puer dovu kommen aus Kaartewierker wéi dem Ferraris-Atlas aus den 1770er, mee d’Flouernimm sinn eréischt relativ spéit opgeschriwwe ginn. Ronn 90 Prozent dovun eréischt ab dem 19. Joerhonnert, wéi de Kadaster Form kritt huet. Ech konnt och Recherchë maachen am Nationalarchiv an am Archiv vum Bistum, an den Institut Grand-Ducal huet mir eng Sammlung zum Thema aus den 1930er Joren zur Verfügung gestallt, déi ech dann och digitaliséiert hunn. Interessant sinn och d’Nimm vu Busarrêten, déi oft vun de Gemengen no ,lieux-dit‘ benannt sinn.

Fir esou eng Hellewull vun Donnéeën auszewäerten, brauch ee Computerënnerstëtzung. Am Besonnesche setzen ech ,Computer Aided Linguistics‘ an, fir de Sproochgebrauch ze analyséieren. Wat ee ka soen, dat ass, dass d’Flouernimm meeschtens entweder Natur- oder Kulturnimm sinn. Dat heescht, si ginn entweder dat erëm, wat de Mënschen als wichtegst Naturphenomeen op der Plaz opgefall ass, oder wat a wéi do geschafft ginn ass. Wann eng Plaz zum Beispill ‚Op der Biirkekopp‘ heescht, da sinn do Bierke gewuess, wa se ,Laangfeld‘ heescht, kann ee bal sécher sinn, dass d’Baueren do fréier e laanggezunnt Feld haten, dat dowéinst relativ effizient ze ploue war. Heescht eng Plaz ,Wollefsgaart‘, da war dat eng, wou dat Raubdéier eventuell zougeschloen hat. Et ginn och Plazen, wou den Numm mat engem archeologesche Befund iwwerenee stëmmt – ,Kiem‘ oder ,Réimerwee‘ kënnen hei Indikatioune sinn, oder keltesch oder laténgesch Wuerzele vum Numm vun der Plaz - mee dat ass éischter seelen. Ech schaffen hei och mam ,Centre National de Recherche Archéologique‘ zesummen, fir erauszefannen, ob et do effektiv eng Verbindung gëtt. D’Flouernimm weise jiddefalls op, wat déi fréier Duerfgemeinschaften wichteg fonnt hunn an hirem Ëmfeld. Et ass eng immens spannend Detektivaarbecht, fir dat ze rekonstruéieren. Ech denken, dass nach e puer Joerzéngten un de Lëtzebuerger Flouernimm ka gefuerscht ginn.“