NANZEG
LJ

Déi Lëtzebuerger Studentecerclë stelle sech vir - Haut ass et un der ELAN vun Nanzeg

Fir vill Studente geet den Eescht vum Liewen sou lues rëm un. D’Rentrée steet virun der Dier. Verschiddener vun hinnen hunn d’Valise scho gepak a si rëm an hirer Unisstad ukomm, anerer däerfen d’Vakanz nach e bësse genéissen. Mir hu mol bei deenen ënnerschiddleche Studentecerclen nogefrot, wat si am Ufank sou bidden, firwat een onbedéngt sollt Member ginn a wat dat Besonnescht un hirer Studentestad ass. Haut ass et un den „Etudiants Luxembourgaois à Nancy“ (ELAN).

Wat huet Nanzeg als Unisstad ze bidden?

Nanzeg ass eng schéi Studentestad, wou vill lëtzebuergesch Studenten hir Studien ugefaangen hunn. Ënnert anerem kann een „Droit“, „Économie“, „Gestion“, „Sciences humaines et sociales“ a „Sciences, technologies et santé“ studéieren. Déi jeeweileg Spezialitéte ginn op verschiddenen Campusse proposéiert, déi an Nanzeg verdeelt sinn. All Campus ass gutt ze Fouss oder mat enger vun de ville Buslinnen erreechbar. Vill lëtzebuergesch Studente profitéieren dovun, datt alles no an net wäit vum Zentrum ewech ass. Dat ass ee vun de Virdeeler zu Nanzeg. Dobäi kënnt, datt ee kee wäiten Trajet bis op Nanzeg huet, wat länger Fahrte mam Auto évitéiert. Wa mir mol eng Kéier net am Cours sëtzen, verbrénge mir vill Zäit op enger vun de villen Terrassen oder am „Parc de la pépiniaire“, wou ee gemittlech eppes drénken oder iesse kann.

Wéi vill Lëtzebuerger sinn zu Nanzeg ageschriwwen?

Dat wäerten der eng ronn 100 sinn.

Firwat sollt ee Member bei iech am Studentekrees ginn?

Eist Zil am Studentekrees ass et, eng gutt Integratioun vun de lëtzebuergesche Studenten ze erméiglechen. An deem Sënn sti mir ëmmer zur Verfügung, fir op hir Froen ze äntweren, sief dat elo eng Fro iwwer d’Wunnéngssich oder wéi ee sech am beschten uleet, fir fir d’Examen ze léieren. Mir beroden eis Memberen och bei administrative Froen, wann et zum Beispill ëm d’„Taxe d’habitation“ oder d’Inscriptioun op engem vun de ville Campusse geet. Doniewent bidde mir och all Woch Aktivitéiten un, fir mat eise Memberen ee flotten Owend ze verbréngen. Mir gi regelméisseg Bowling a Lasertag spillen oder mir verbréngen ee gemittlechen Owend an engem Café.

Besteet net d’Gefor, sech als Lëtzebuerger ze vill ofzekapselen?

Et ass jidderengem iwwerlooss, ob en an eisem Cercle Member gëtt oder ob e léiwer mat senge franséischen Komilitonen eppes wëll ënnerhuelen. An deem Sënn kapsele sech d’Lëtzebuerger net vun de Fransousen of.

Gëtt et eng Daf?

Jo, mir organiséieren am Ufank vum Semester eng Daf. Hei gi während engem Owend déi nei Membere virgestallt an ageweit. Mir wëllen e flotten Owend mat hinnen verbréngen an net ofschrecken, fir zréckzekommen. An deem Sënn ass et keng Daf, wou mir schlëmm Saachen ustelle mat eisen Neulingen, mä e bësse Spaass muss och alt sinn.

Wéi ass et mam Viruerteel, dass a Studentencerclen d’Feieren an d’Drénken un éischter Stell steet?

D’Feieren an d’Drénken ass ee Bestanddeel vun der Integratioun fir eis Memberen. Mir profitéieren vun deene villen Discoen zu Nanzeg, well do eng flott Ambiance ass an déi och duerch d’Feieren entsteet. Natierlech steet de Studium un éischter Stell, mä heiansdo verbréngen mer och ee flotten Owend an eng flott Nuecht mat Feieren, fir mol op aner Gedanken ze kommen an net ëmmer mam Studium beschäftegt ze sinn.

Wéi kënnt een un iech oder bitt dir eng Aart „Erëffnungsveranstaltung“ fir nei Studenten?

Mir hunn en Internetsite (www.elan.lu), wou een e Message kann hannerloosen. Ausserdeem si mir erreechbar iwwer eis E-Mail-Adress info@elan.lu oder iwwer eis Facebook-Säit www.facebook.com/elanancy/. Mir invitéieren och op eng „Soirée de bienvenue“, e Mëttwoch, den 28. September, wou mir déi nei Studenten häerzlech empfänken.


www.elan.lu