LUXEMBURG
CLAUDE MANGEN

Jugendlecher a jonk Erwuessener sinn e schwierege Publikum an de Kultur- an Theaterhaiser. Dat héiert een ëmmer erëm. Wärend d’Kannervirstellunge quasi ëmmer ausverkaf sinn, hapert et bei deene méi Groussen. Iergendwous ënnerwee hu si den Interessi um Theater verluer. Am Lycée misste si méi mat op dee Wee geholl ginn, deemno Theater méi eng grouss Roll spillen, fënnt de Claude Mangen, Direkter vum Mierscher Kulturhaus.

„‚Ma(k)edra - Maach (k)een Drama’ a ‘mimamu - Mir maache Musek‘ sinn zwou Initiative vum SCRIPT, dem Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques, déi sech fir eng kulturell Bildung a Kulturvermëttlung an de Lëtzebuerger Schoulen asetzen. Op zwou Internet-Säite fënnt ee vill flott Iddie ronderëm d’Musek an den Theater; sief et a Form vu Materialien oder och a Form vu Projeten, déi uechtert d’Land lafen. Dës zwou Initiativen hunn e gemeinsaamt Konzept entwéckelt: ‚a Play in a Day‘. Hei geet et drëm, innerhalb vun engem Dag mat Schüler e Stéck z’entwéckelen, ze prouwen a viru Publikum ze weisen. Dräi Klassen aus dem Cycle 4 vun der Mierscher Schoul haten den 22. November dësen Challenge ugeholl. Ënnert der kompetenter Leedung vun Theater- a Musekspädagogen hu 40 Kanner no 12 Stonnen intensivem Sichen, Plangen a Prouwen, hire Spektakel virun iwwer 200 Zuschauer op d‘Bün vum Mierscher Kulturhaus bruecht. Eng eemoleg Erfahrung fir Kleng a Grouss!

Den Theater fuerdert vill verschidde Kompetenzen, an zwar gläichzäiteg. Kierper, Häerz a Geescht schaffen zesummen op der Bün a suerge fir en neit a ganzheetlecht Erliefnes. De Schüler léiert sech an dësem Prozess besser, nei, anescht kennen. E stéisst u seng Limitten, muss sech domat auserneesetzen a probéieren, dës ze iwwerwannen. Sou wäit sou gutt! D’Offer am Kannertheater zu Lëtzebuerg ass enorm an de Publikum um Rendezvous. De Kulturentwécklungsplang proposéiert am Kapitel 16 ‚Education artistique et culturelle‘ ganz allgemeng Iwwerleeungen, Objectiver a Recommandatiounen! U gudden Iddien a Konzepter feelt et deemno net. Wat fir d’Grondschoul nach eenegermoosse funktionnéiert, gëtt awer am Lycée méi a méi schwiereg.

Obwuel jonk Erwuessener hir Kreativitéit an der Musek, bei Videospiller, um Smartphone oder iwwer nei Medien ausliewen, si se fir eng kulturell Aktivitéit oder Offer schwéier ze beweegen. Dat huet och domat ze dinn, dass d’Schoul kulturell veraarmt. Jonker hu keng Zäit méi fir Kultur a Konscht, wéi wëlle se dann e Sënn dofir entwéckelen. Dowéinst ass et néideg, dass d’Kultur ganz allemeng, an den Theater am besonneschen säi Wee an de Lycée fënnt, net nëmme méi als Optioun a Fräizäitaktivitéit, ma als fächeriwwergräifend Fach am Stonneplang! An eiser moderner Gesellschaft muss méi fir d’Liewen a fir e kultivéiert Mateneen geléiert ginn.

Theater spillen ass net eleng fir déi perséinlech Entwécklung vum Kand wichteg, ma fuerdert och beim Jugendlechen sozial a kulturell Kompetenzen: Et bleift ee wakreg a virwëtzeg, d’Fantasie an de Verhalt ginn trainéiert, de sproochlechen a kierperlechen Ausdrock kommen an den Asaz, Emotiounen ginn zougelooss a verschafft…an…an…. Alles dat, wat vill ze kuerz kënnt an engem duerchorganiséierte Schoulalldag. Theater muss sinn, fir déi Jonk aus hirem Alldag erauszehuelen a fir hinne nei Welten an aner Weeër ze weisen!

Déi Lëtzebuerger Kulturschaffend: grouss a kleng Haiser, Compagnien an Ensembelen si prett, fir mam Kuturministère a mam Edukatiounsministère Iddien auszeschaffen, wéi sou eng Theateroffensiv an de Lycéeë kéint funktionéieren.

Kommt mir hunn de Courage a ginn dem Theater den néidege Spillraum am Schoulprogramm. Let’s play together!“