LËTZEBUERG
LJ

De Fräiliichttheater Schankemännchen spillt „Raten“ nom Gerhart Hauptmann sengem Stéck

Den 13. Januar 1911 ass am Lessingtheater zu Berlin dem Gerhart Hauptmann säin tragikomescht Stéck „Die Ratten“ fir d’éischt opgefouert ginn. Et spillt an enger vun deene ville „Mietskasären“, déi et deemools an alle grousse Stied gouf. D’Protagoniste kommen aus der ënneschter Bevëlkerungsschicht. Et geet ëm kierperlech a séilesch Ofhängegkeeten, ëm Klengkriminalitéit, ëm Aarmut an ëm falsch Dreem.

De Jemp Schuster huet dat iwwer 100 Joer aalt Stéck auserneegeholl, iwwersat, an et op Lëtzebuerg an d’Joer 2019 verplanzt. Och haut an hei ginn et nach ëmmer Leit, déi wéi Raten an hire Lächer hausen, an déi näischt vum Wuelstand an deem räichste Land vun der Welt matkréien. Awer d’Rate kënne sech un all Situatioun upassen, se ginn och dann nach eens, wann de Mënsch scho laang kapituléiert huet.

Vum 18. bis de 27. Juli zu Groussbus

No de Stécker „Besuch der alten Dame“ (Dürrenmatt), „Dreigroschenoper“ (Brecht), „Der Revisor“ (Gogoll) spillt de Fräiliichttheater Schankemännchen da lo dëst Stéck, an zwar wéi ëmmer zu Groussbus am Prommenhaff an dat vum 18. Juli un bis de 27. Juli. „Raten“ ass e Stéck vun haut mat Leit vun hei. Och wann et en aktuellt a brisant Thema behandelt, sou ass et awer keng Tragedie. Et bleift tragikomesch, wéi beim Hauptmann. Schonn eleng deenen eenzelne „kromme“ Personnagen nozekucken, wéi se probéieren, dat Bescht aus all Situatioun ze maachen, ass e Spaass fir sech.

Wat geschitt am Stéck?

Den Theaterdirekter August Faxmeier huet säin Theater an der Stad missen opginn, well dat Gebai ewechgerappt gëtt, fir e Parkhaus dohinner ze bauen. En huet säi Fundus gerett a sech am Hotel Bon Repos um Duerf niddergelooss. Deen Hotel gehéiert der Immobiliefirma IMMOTOX, där och dat Gebai mam Theater an der Stad gehéiert huet. Am Hotel prouft de Faxmeier weider mat senge Schauspillschüler an hofft drop, erëm eng Kéier e richtegen Theater kënnen opzemaachen. Dee Mann lieft a senger eegener Welt a wiert sech géint alles, wat nei a modern ass.

D’Anna Hannersteen hält him säi Fundus an der Rei. Et haust, mat sengem Mann Victor, an där bëlleger Wunneng, wou et schafft. De Victor ass Trucker a vill ënnerwee. Si haten e Kand, dat awer no e puer Deeg gestuerwen ass, an hätten erëm gär eent. Et klappt awer net.

Am Hotel wunnt och d’Olga Ivanova, dat sech eng Kéier am Victor sengem Camion verstoppt hat an esou mat him iwwert d’Grenz aus der Ukrain op Lëtzebuerg komm ass. D’Olga erwaart e Kand, dat et net wëllt, an d’Anna keeft him et of. Et deet de Victor gleewen, et wier hiert Kand. De Victor fällt drop eran, awer d’Olga kritt op eemol Gewëssensbëss a wëllt säi Kand erëmkréien. Elo fäert d’Anna, et géif alles opfléien. Et sicht en Auswee.

Am Keller haust en Trapp Raten; elauter Leit, déi aus der Gesellschaft erausgefall sinn an déi sech selwer net leide kënnen: d’Triny, eng Fra am Rollstull, déi medikamentenofhängeg ass, d’Selma, eng Prostituéiert an Drogéiert, an hir Mamm Sidonie.

Raten deemools an haut

De Gerhart Hauptmann léisst seng Raten 1911 zu Berlin untrieden. Se hausen an engem Ratelach, enger sougenannter Kasär mat e puer Hannerhäff, wéi et se haut nach zu Berlin gëtt. D’Raten, ëm déi et hei geet, sinn natierlech keng véierbeeneg Raten, et si Leit aus den ënneschte soziale Schichten: Prostituéierter, Drogéierter, Alkoholiker an där „normaler Leit“, déi duerch d’Netz gefall an hei hänke bliwwe sinn.

Déi jonk Fra, déi beim Hauptmann hiert ongewolltent Kand op d’Welt setzt, ass eng Mod, en Déngschtmeedchen, dat aus Polen an Däitschland komm ass, fir do eng Aarbecht ze fannen. Et ass friem, kann d’Sprooch net richteg a gëtt ausgenotzt a mëssbraucht.

Dem Jemp Schuster seng Raten hausen 2019 zu Lëtzebuerg an engem verkommenen Hotel, engem Ratelach, wou e korrupte Promoteur nach dat Lescht erauszitt, ier et ofgerappt gëtt. Hei huet déiselwecht Zort Leit e leschten Ënnerdaach fonnt, an d’Mod kënnt aus der Ukrain op Lëtzebuerg. Och dës Fra gëtt op déiselwecht Manéier verbraucht an ausgenotzt.

Da kënnt awer eng nei Zort Raten derbäi. Déi sougenannte „Wanderraten“, déi aus de Krichsgebitter a Syrien, am Afghanistan oder an afrikanesche Länner, iwwert d’Mëttelmier op Lëtzebuerg komm sinn. An ouni d’Stéck elo komplett an eng nei Richtung ze féieren, an de Schwéierpunkt op déi friem Raten ze verleeën, si se dach déi ganzen Zäit do, se ginn engersäits akzeptéiert, anersäits awer och net gär gesinn. De groussen Iwwerbegrëff „Integratioun“ gëtt méi dacks gebraucht, an awer kann ee sech um Enn froen, wien déi Upassung dann elo méi néideg huet. Déi Friem oder déi vun hei, also mir alleguer. Well mer sëtzen all an engem Boot, och wa Lëtzebuerg net direkt um Mëttelmier läit.

Gespillt gëtt den 18., 19., 20., 23., 24., 25., 26. a 27. Juli all Kéiers um 21.00. Reservatiounen iwwer Tel. 671 222 224 oder www.schankemaennchen.lu