LËTZEBUERG
CHRISTINE MANDY

D’REEL 2015 an der Réimerstad

Virun 31 Joer, fir genee ze sinn, vum 15. bis de 17. November 1984, huet sech zu Karlsruhe e Grupp vun engagéierte Studente getraff, fir bei der éischter offizieller REEL, der „Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois“ zesummenzekommen, déi d’Grënnung vum Daachverband ACEL mat sech bruecht huet an zënterhier eng Traditioun ass. Bis haut kommen all Joer 120 jonk Participanten an enger Stad zesummen, fir während véier Deeg un enger Rei Workshopen an Diskussiounsronnen deelzehuelen, zesummen z’iessen an ze drénken, nei Leit kennenzeléiren an nei Ablécker an d’Liewen an der jeeweileger Stad ze gewannen. D’REEL 2015 fënnt vum 15. bis den 18. Oktober zu Tréier statt. Nodeems sech d’lescht Woch d’Comitésmembere vun de Studentencercelen umelle konnten, kënne sech dann elo och all déi aner Membere vun den insgesamt 45 Cerclen umellen. Mir hunn eis mam Ben Greiveldinger ënnerhalen, dem President vum aktuelle REELscomité.

Wat steet dann dëst Joer um Programm vun der REEL?

Ben Greiveldinger Mir hu ganz vill flott an interessant Saache geplangt. Wéi all Joers organiséiert d’ACEL verschidde Workshopen, wou ënner anerem iwwer d’Studiebäihëllefen diskutéiert gëtt, nodeems zu deem Sujet jo eng Ëmfro lancéiert gi war, dann hu mir e Rallye duerch d’Stad organiséiert a verschidden Excursiounen, wéi zum Beispill eng Visite vu Koblenz an d’Visite vum Energietunnel vun de „Stadtwerke Trier“, wat eppes ass, wat een net onbedéngt esou kennt. Och kritt een d’Méiglechkeet, mat Lëtzebuerger Politiker ze schwätzen an hinnen déi eng oder aner Fro ze stellen. Beim politeschen Débat läit de Schwéierpunkt dëst Joer um Bologna-Prozess an dorop, ob e wierklech erfollegräich war. De leschten Owend loosse mir da gemittlech um Schëff „Roude Léif“ auskléngen. Ech perséinlech freeë mech immens op eis Podiumsdiskussioun am Kurfürstleche Palais.

Wéi schwéier war et, dem Lëtzebuerger Student, dee bestëmmt scho mol zu Tréier war, eppes Neies vun der Stad ze weisen?

Greiveldinger Eigentlech guer net. Normalerweis kennt een net vill méi, wéi déi Haaptgeschäftsstroossen, d’Porta Nigra an nach villäicht den Amphitheater mä et ginn awer nach esou vill aner Saachen ze entdecken an ech selwer hunn Tréier och nei kennegeléiert, wéi ech ugefaang hunn, hei zu studéieren a mir sinn ëmmer rëm op nei interessant Saache gestouss wéi eben de Kurfürstleche Palais, de Casino um „Kornmarkt“ an den Energietunnel. Mir wëllen de Participanten och d’Ëmgéigend vun der Uni weisen, wou een als „Tourist“ net onbedéngt higeet.

D’„REEL“ steet och fir „reell Problemer.“ Wou misst dann dréngend eppes geännert ginn?

Greiveldinger Et gëtt ee grousse Sujet, dee scho säit Joren diskutéiert gëtt, an dat ass de Statut vum Student. Et gëtt op der enger Säit de jonke Schüler an op der anerer Säit d’Leit, déi schaffe ginn, mä an der Mëtt dovu gëtt et näischt an d’Fro ass, ob een an déi Lück net e „Statut Etudiant“ asetze misst. Villes wéi ënner anerem och d’Krankeversécherung leeft iwwer d’Elteren. Eng Ännerung géing zwar heeschen, dass een zum Beispill d’Krankeversécherung selwer misst bezuelen, mä dat géing awer mat sech bréngen, dass een a ville Be-
räicher méi eegestänneg wier.

Wéi vill Aarbecht stécht hannert der Realisatioun vu sou engem Projet wéi der REEL?

Greiveldinger Et ass immens vill Aarbecht, soss bräichte mir och net esou vill Leit am Comité, mä mir hunn eis d’Aufgabe gutt opgedeelt, jiddwereen huet seng Iddien developpéiert a mat der Hëllef vun den eenzelnen Equipen wéi dem Gastro-, Event- an Sponsoringteam huet alles séier Form ugeholl. Wichteg ass natierlech och, dass een duerch d’Sponsore vill Suen erakritt, fir dass ee beim Opstelle vum Programm méi Méiglechkeeten huet. Et soll een dat alles awer net just als Aarbecht ugesinn, mä et mécht jo och immens vill Freed, esou een Event plangen ze kënnen. De Gros steet, elo musse just nach Detailer gekläert ginn, wéi de geneeën Zäitplang.

Wat muss een als Participant matbréngen?

Greiveldinger Et muss ee gutt gelaunt sinn an oppen, nei Leit kennenzeléiren a mat hinnen ze schwätzen. Gutt ausgerout ze sinn ass sécher och eng Viraussetzung an et wier net schlecht - ewéi sech dat fir e richtege Student gehéiert - deen een oder anere Patt mat drénken ze kënnen.


www.reel.lu/de