JEAN-CLAUDE BERNARDINI

No de rezenten Uerteeler vum Europäesche Geriichtshaff a Saache Studiebäihëllef bezitt de Jean-Claude Bernardini, Member vun der OGBL-Geschäftsféierung, Positioun zur Fro, ob d’Arbeitnehmerfräizügegkeet an der EU a Gefor ass, wéi eng Konsequenzen aus den Uerteeler ze zéie sinn an a wéi enge Beräicher sech ähnlech rechtlech Froe stellen.

„Iwwert déi geféierlech Rieden eraus, déi verschidden extremistesch Parteien halen, andeems se d’Schléissung vun de Grenzen oder och nach systematesch Kontrollen op de Grenze fuerderen, stelle mir fest, datt déi duerchgeféiert Politiken oft déi eigentlech Mobilitéit vun de Salariéen behënnerten. Dës Politiken, oft am krasse Géigesaz mat der Essenz vum Reglement iwwert d’fräit Zirkuléire vun de Salariéen, gesinn éischter no Protektionismus aus fir déi, déi am Land wunnen, an hunn als obligatoresch Folgen d’Diskriminatioun vun deenen, déi am Ausland wunnen. Dëst beweist op eng ganz kloer Manéier, datt et haut nach ee ganz laange Wee ass, bis vun engem sozialen Europa geschwat gi kann. Et ass evident, datt dës Politiken déi falsch Messagen ginn an och extrem geféierlech sinn, an deem Sënn, datt si indirekt de sozialen Zesummenhalt vun eiser Gesellschaft a Fro stellen.

D’Abberzuel vun de verschiddene Legislatioune bei de Studiebäihëllefen, déi schonns ënnert der virëschter Regierung ugefaangen huet, huet ganz kloer bewisen, datt Lëtzebuerg op deem Gebitt um falsche Wee ass. Fir den OGBL presséiert et, e kloren an zolitten Dispositiv opzestellen, dee baséiert op dem Fait, datt d’Aarbecht an engem anere Land wéi deem, wou ee wunnt, ouni Konditiounen, déi selwecht Sozialrechter gëtt, déi déi selwecht fir jidderee musse sinn. An zweetens op dem Fait, datt déi nei Finanzhëllef, déi d’Familljesubsidien fir d’Studenten ersetzt, ënnert all hire Formen, tatsächlech enger neier Familljenhëllef entsprécht, där hir Haaptcharakteristik déi ass, d’Onkäschte fir déi Familljen ze reduzéiren, déi Kanner hunn, déi studéiren.

Eng Rei Prozesser sinn zu dësem Thema amgaangen, a wäerte mat sech bréngen, datt op déiselwecht Manéier aner Gesetzer wäerte mussen ugepasst ginn, an dëst zum Schued vum ëmmer méi negative Bild, wat Lëtzebuerg ofgëtt.

Et ginn nach aner Beräicher. Un éischter Stell natierlech de Steierdossier. Ouni op d’Detailer vum Dossier zréckzekommen, sou ass den OGBL der Meenung, datt hei eng kloer Diskriminatioun ënner anerem (mä net nëmmen) géintiwwer de Grenzgänger besteet, bei de Konditiounen, fir zu enger Steierklass zougelooss ze sinn (Sockel vun 90% vum Gesamtakommes).

Zu dësem Thema ass et immens interessant ze liesen, wat am leschten Uerteel vum Europäësche Geriichtshaff iwwert d’Studieboursen steet: De Salarié aus engem Memberstaat kann net, um Gebitt vun denen anere Memberstaaten, wéinst senger Nationalitéit anescht behandelt gi wéi déi national Salariéen, fir sämtlech Beschäftegungs- an Aarbechtskonditiounen, wéi zum Beispill wat de Loun, d’Entloossung, an d’professionell Neiaglidderung oder de ‚Réemploi‘ ugeet. An hie profitéiert vun dene selwechte sozialen a steierleche Virdeeler, wéi déi national Mataarbechter.“