LËTZEBUERGGUSTY GRAAS

Zënter 145 Joer ass Lëtzebuerg ee Bistum

Nodeems d’Regierung de leschte 26. Januar een neien Accord mat de reliéise Gemeinschaften ënnerschriwwen hat, gouf hei zu Lëtzebuerg eng nei Relatioun tëschen dem Staat an de Kulten agelaut. Et kann een ouni Zweiwel vun engem historesche Moment schwätzen, geet dach mat dësem Schrëtt ee laangt Kapitel vu groussem Afloss vun der kathoulescher Kierch an eisem Staat op een Enn. Kierzlech goufen och déi eenzel Gesetzprojeten deposéiert.

Wéi konnt d’Institutioun Kierch sech zu esou engem Muechtfaktor an eisem Land entwéckelen? Eng Äntwert dierft ënner anerem eng kuerz Analyse vun der Geschicht vum Lëtzebuerger Bistum ginn.

Éischt Kierchegrënnungen op Lëtzebuerger Buedem ginn op d’6. an d’7. Joerhonnert zréck mengt de Kierchenhistoriker Johann Peter Kirsch. Vum 15. Joerhonnert bis 1840 konnt een hei zu Lëtzebuerg vun engem Staatskierchentum schwätzen, wou de Staat d’Kierch kontrolléiert hat. Interessant ass, datt schonn de 26. Abrëll 1570 de Kinnek Philippe II. d’Schafe vun engem Lëtzebuerger Bistum gefuerdert hat. Dës Iddi war awer op heftege Widderstand vun de Bëscheef vun Tréier a Léck gestouss. Och d’Keeserin Maria-Theresia hat sech fir ee Bistum Lëtzebuerg agesat, dat awer ouni Erfolleg. No dem Wiener Kongress vun 1815 an der Onofhängegkeet vun eisem Land 1839 hat natierlech déi Oppositioun staark ofgeholl. 1843 gouf zu Lëtzebuerg ee Seminaire gegrënnt. Iwwregens war deen am Mee 1941 vun der Gestapo op Tréier verluecht ginn.

Bis 1830 stoung de Groussherzogtum ënnert de Bistümer Tréier, Metz oder Namur. Duerch d’Schafe vun engem Apostolische Vikariat ënnert dem Poopst Grégoire XVI. krut Lëtzebuerg den 2. Juni 1840 eng kierchlech Eegestännegkeet, déi mam Arrêté vum 13. Juni 1840 vum Kinnek-Groussherzog Wëllem I. approuvéiert gouf. D’Enzyklika „Quanta Cura“ (1864) huet déi liberal Opfaassung vun der Gesellschaft veruerteelt, eng Grondhaltung, déi dunn och vun der Lëtzebuerger Kierch vertruede gouf. Wéinst juristeschen Onsécherheete gouf den Artikel 22, deen ee Konkordat mam Hellege Stull virgesinn hat, an d’Verfaassung vun 1848 agesat.

1873: Legal Approbatioun vum Bistum

De 27. September 1870 hat de Poopst Pius IX. d’Diocèse Lëtzebuerg geschafen. Den 30. Oktober vum selwechte Joer hat dunn den Nicolas Adames (1870-1883), fréieren apostolesche Vikar, de Staatsminister Emmanuel Servais informéiert, datt hie Bëschof genannt gi wier. Eréischt duerch d’Gesetz vum 30. Abrëll 1873 (Memorial A - No 14 vum 6. Mee 1873, Rapporteur Paul Eyschen) war de Bistum legal approuvéiert ginn, mä krut awer keng personnalité juridique. 21 Deputéiert haten dofir gestëmmt a sechs antiklerikal Liberaler dogéint, een hat sech enthalen. Den Artikel 2 hat dem Bëschof, deen iwwregens huet missen een Eed virun der Regierung ofleeën, säi Gehalt op 6.500 Frang festgeluecht. 1875 hat den Adames schonn eng Veruerdnung erausginn, datt een Archiv iwwer de Bistum misst ugeluecht ginn.

Zu där Zäit gouf et och däitlech Dissonanzen tëschen der kathoulescher Kierch an der éischter liberaler Regierung. 1879 war an eist d’Strofgesetzbuch de sougenannte „Kanzelparagraf“ (Art. 268) bäigesat ginn, deen de Geeschtlechen et an hirer Priedegt verbueden hat, Gesetzer an all ëffentlechen Akt ze attackéieren.

Virun allem duerch d’Schoulgesetz vun 1912, dat jo dem Klerus Kompetenze gestrach hat, koum et zu Sträit. Den deemolege Bëschof Jean-Joseph Koppes (1883-1918) hat proposéiert, datt all Deputéierten, dee fir d’Schoulgesetz vun 1912 géing stëmmen, vun der Ouschterkommunioun ausgeschloss géing ginn. Doropshin hat den Deputéierten Emile Mark, Buergermeeschter vun Déifferdeng, esouguer virgeschloen, de Bëschof festzehuelen! Eréischt 1921 hat de Bëschof Pierre Nommesch (1920-1935) am Konflikt agelenkt.

Ënner dem Koppes sinn déi kathoulesch Vereenegungen, déi natierlech d’Kierch an der Gesellschaft zementéiert haten, ënnerstëtzt ginn. Bis 1920 gouf déi josephinistesch Haltung op Säite vun der Kiercheféierung vun engem Ultramontanismus ofgeléist. Nom 1. Weltkrich konnt de Katholizismus zur féierend kulturell a politesch Kraaft am Land ginn.

1920 hat d’Dominanz vun der Rietspartei, de Virleefer vun der CSV, ugefaang, wat natierlech zu enger besserer Zesummenaarbecht tëschen dem Staat an der Kierch gefouert hat. Mat Hëllef vu chrëschtleche Prinzipie sollt Politik gemaach ginn. Bis zum Ausbroch vum 2. Weltkrich gouf verstäerkt d’Aarbecht vun de Congregatiounen ervirgestrach.

D’Kierche mussen sech nei opstellen

Eréischt duerch d’Gesetz vum 30. Abrëll 1981 krut de Bistum d’personnalité juridique an den 23. Abrëll 1988 gouf Lëtzebuerg een Äerzbistum. D’Gesetz vum 30. Januar 1991 (Memorial A - No 4 vum 31. Januar 1991, S. 43) hat dunn d’Eedesformel geännert, well den 2. Februar vum selwechte Joer den Äerzbëschof Fernand Franck (1991-2011) vereedegt gouf. D’Vereedegung vum Bëschof ass am Konkordat vum Napoleon vum 26 Messidor An X (15. Juli 1801) virgeschriwwen. D’Gültegkeet vun dësem Konkordat ass awer an der Fuerschung ëmstridden.

Virun allem den Artikel 106 vun eiser Verfaassung huet bis elo déi enk Bindung tësche Staat a Kierch symboliséiert, well doduerch d’Gehälter an d’Pensiounen vun de „ministres des cultes“ duerch de Staat garantéiert sinn. Deen Artikel gëtt natierlech elo aus eiser Verfassung gestrach.

An dëser Legislaturperiod wäert also d’Roll vun de sechs unerkannte Kierchen hei zu Lëtzebuerg wesentlech änneren. Besonnesch d’kathoulesch Kierch muss no 145 Joer Bistum sech nei an der Gesellschaft opstellen, well hir an d’Zukunft substantiell Finanzmëttele feele wäerten.

BIBLIOGRAPHIE: - CSV, Spiegelbild eines Landes und seiner Politik?, Éditions St. Paul, 2008; - Hémecht, Jg. 66, Heft 3/4, 2014 - Majerus Nicolas, L‘érection de l‘évêché de Luxembourg, Lux., 1951

www.cathol.lu