LËTZEBUERG
SAM MERSCH

Vum Bannbësch zum Bambësch: Volleksetymologien a soss Kuriéises an de Flouernimm

Vill Flouernimm sinn da liicht ze verstoen, wann se nach sou klénge wéi am „moderne“ Lëtzebuergesch. Wat ass awer mat deenen Nimm, déi ee guer net méi versteet oder déi einfach komesch kléngen?
Et gëtt eng Rëtsch Flouernimm, déi sech am Laf vun der Zäit esou staark verännert hunn, datt se net méi verständlech waren an dann zum Deel ëmbenannt goufen, woubäi se awer hir original Bedeitung verluer hunn. Sou eppes nennt een dann eng Volleksetymologie, also wann d’Vollek e Wuert nei interpretéiert. Dëse Phenomeen fënnt een och heiansdo an de Flouernimm.

Am bekanntsten ass hei vläicht de Bambësch, deen et awer net nëmmen an der Stad gëtt, mee ënnert anerem och zu Harel, zu Zolwer an zu Nojem. Och wann an engem Bësch vill Beem stinn, sou huet den Numm Bambësch awer näischt domat ze dinn, datt et e Bësch voller Beem ass. Et ass vill méi e Bann-Bësch, also e Bësch, deen zum Bann gehéiert, där administrativer Unitéit, an där sech d’ländlecht Liewen ofgespillt huet. Duerch séiert Schwätzen ass aus dem Bannbësch ee Bammbësch ginn an dann ass et net méi wäit zu engem Bambësch, well et am Bësch jo Beem gëtt.

Kascht a Castle

Ongeféier d’selwecht gesäit et mam Verluerekascht aus. Och dëse gëtt et net nëmmen an der Stad, mee och an der Fiels, zu Mensder, zu Schwéidsbeng an op villen anere Plazen. Deen Numm huet awer näischt domat ze dinn, datt hei Iesse verluer gaangen ass oder datt et do näischt ze baffe gouf. Wat den Numm bezeechent, ass eng Ruin. Hanner dem Kascht verstoppt sech nämlech dat laténgescht Wuert castellum, eng fortifiéiert Anlag (engl. castle). Déi Verluerekascht-Flouernimm weisen also dorop hin, datt op där Plaz eng Kéier eppes méi Zolittes stoung, wat méi spéit awer net méi do war.

Interessant ass och de Bounepartsgäertchen zu Greiweldeng, deen näischt mat Bounen oder enger Paart ze dinn huet. Et ass allerdéngs e Gaart an zwar en Napoleonsgaart, sou wéi een der och zu Gréiwemaacher, Bettenduerf a Rammerech fënnt.

Als lescht Kuriositéit wëll ech d’Schnuddelmier zu Giewel ernimmen, well et sech einfach ëm e wonnerschéi komeschen Numm handelt. Wat do derhannert stécht? Et geet ëm e Mouer oder eng Supp oder wat et emol fréier war. D’Schnuddel bezeechent hei nëmmen déi schläimeg oder morasteg Qualitéit vum Mouer, dee sech am Wuert Mier verstoppt.