LËTZEBUERG
SVEN WOHL

„The Book Fairies“ sinn och zu Lëtzebuerg ënnerwee a beglécken ee mat Bicher

Et gi mëttlerweil vill Initiativen, déi versichen, d‘Literatur méi no un d‘Leit ze bréngen. Déi sougenannten „Book Fairies“ gehéieren dozou. Op der ganzer Welt ginn esou vu Leit, déi anonym wëlle bleiwen, Bicher ausgesat, fir datt se nei Lieser fannen. Mir hu mat der Lëtzebuerger Book Fairy, dem Stéphanie, geschwat.

Wat wëll eng „Book Fairy“ erreechen?

Stéphanie D’Iddi vun de Book Fairies ass haaptsächlech, fir d’Freed um Liesen ze deelen - et ass eng universal a weltwäit Freed. Vill Leit liese gären a recommandéieren oder deelen hir Bicher gäre mat anere Leit. Stonnelaang iwwert e gutt Bicher ze schnëssen, maache Bicherwierm dach ëmmer erëm gären. Ausserdeem si vill Leit frou mat Iwwerraschungen. D’Book Fairies ginn engem déi Optioun. Mat engem Sticker um Cover an eventuell enger Flätsch ronderëm d’Buch kann ee sou séier béides maachen: e gutt Buch mat anere Leit deelen an an engems domat engem aneren eng kleng Freed maachen.

En aneren Aspekt vun de Book Fairies ass, dass an eisem modernen Zäitalter einfach ze vill Leit ze vill Zäit domat verbréngen, op e Bildschierm ze kucken, sief et Computer, Tablet oder Handy. Bicher verstreeë mir an der Welt och an der Hoffnung, d’Leit fort vun hiren Handyen an nees zeréck zu de Bicher ze bréngen. Speziell ass et eis och wichteg, Kanner zum Liesen ze kréien.

Wéi ginn d’Bicher ausgesicht, déi ausgesat ginn?

Stéphanie Déi meeschte Bicher, déi d’Book Fairies aussetzen, hu mir selwer gelies, fanne mir gutt a wëlle se onbedéngt mat anere Leit deelen. Et sinn alt och mol Bicher, déi mir hunn, mee déi eis net onbedéngt matgerappt oder interesséiert hunn, mee déi awer dofir engem anere kéinte gefalen. De Goût an de Bicher ass jo schliisslech net bei jidderengem dee selwechten, a wat engem net gefält, kéint engem aneren säi Liiblingsbuch ginn.

Mir setzen och ëfters Bicher aus, déi mir vu Leit geschenkt oder gespent kréien. Heiansdo raume Leit hir Bibliothéiken aus a spenden d’Bicher dann un d’Book Fairies, fir dass mir hinnen en neit Doheem kënne fannen.

An da maachen d’Book Fairies och heiansdo Campagnë mat Schrëftsteller a Verlagen. Déi sponseren dann d’Bicher un d’Book Fairies, fir dass mir se verstoppen. Schrëftsteller ginn och heiansdo selwer mat de Book Fairies op den Tour, fir hir eege Bicher ze verstoppen.

Ass et schonn emol virkomm, datt e Buch ni fonnt ginn ass?

Stéphanie Net, dass ech wéisst. Aus perséinlecher Erfarung sinn d’Bicher normalerweis relativ séier fort. Dat eenzegt, wat mer mol gemaach hunn, ass, dass mir d’Location vun engem Buch changéiert hunn, wa mir nach an der Géigend waren an d’Buch war nach net fort, wann et bausse stoung an d’Luucht zougaangen ass, fir dann ze evitéieren dass d’Buch naass gëtt, iert een et mathëlt.

Maacht Dir e speziellen „Touch“, fir Iech vun anere Book Fairies ze ënnerscheeden?

Stéphanie Nee, dat maache mir net. Book Fairy ass Book Fairy, egal a wat fir engem Land een ass an egal wat fir eng Bicher ee léiwer liest oder verstoppt.

Wat mécht Lëtzebuerg speziell am Hibléck op d’Aarbecht als Book Fairy?

Stéphanie Wat zu Lëtzebuerg d’Saach e bësse méi speziell mécht, dat ass, dass mir Bicher a verschiddene Sprooche kënne verstoppen, well ëmmer iergendeen an der Géigend ass, deen déi Sprooch versteet a liest. Dat mécht et natierlech immens flott, well
een egal wéi ëmmer ee ka glécklech maachen. Op der anerer Säit ass et da schued, wann een d’Buch fënnt an et wierklech gäre géing mathuelen, mee d’Sprooch dann net liest.

Eng aner Saach, wat Lëtzebuerg e bësse méi speziell mécht, dat sinn déi méi kleng Oploe vun de Verlager. Méi e klengt Land heescht manner Exemplairë vu Bicher, déi gedréckt ginn. Dofir si gréisser Campagnë mat Verlagen oder Schrëftsteller hei zu Lëtzebuerg e bësse méi komplizéiert.

Allerdéngs hu mir awer scho mat engem Verlag zesummegeschafft, dat mat „Black Fountain Press“, déi eis frëndlecherweis lescht Joer e Buch zur Verfügung gestallt hunn. Dat war dat alleréischt, wat si publizéiert hunn, „On the Edge“.

Wéi huet bis elo d’Resonanz ausgesinn?

Stéphanie Mat minimalen Ausnamen ass weltwäit, wéi och zu Lëtzebuerg, d’Resonanz gutt. D’Begeeschterung ass ëmmer grouss, wann d’Leit Bicher fannen, well et eng onerwaart Iwwerraschung ass, well et e Buch ass, wat se nach net gelies hunn, well et vläicht e Buch ass, wat si onbedéngt emol wollte liesen, well se duerch d’Flätsch ausgesi wéi e klenge Kaddo. Et gëtt u sech vill Grënn, firwat d’Resonanz gutt ass. An d’Freed ass och bei de „Book Fairies“ ëmmer enorm, wann een eis matdeelt, dass si d’Buch fonnt hunn. Well sou vill Spaass, wéi et eis mécht, wa mir d’Bicher verstoppen, et mécht nach vill méi Freed, wann een dann héiert, dass een domat engem aneren och eng Freed gemaach huet.

Eng rezent perséinlech Erfarung war e Buch, wat op engem Fluchhafen op de Still bei engem Gate ausgesat gouf. Zwou Dammen haten d’Buch fonnt, de Sticker gelies an hunn direkt ugefaangen d’Book Fairies ze googelen - mir hate se héieren doriwwer schwätzen. Si hunn d’Buch zwar net matgeholl, well si et allen zwee scho selwer gelies haten, mee si sinn awer sou op d’„Book Fairies“ opmierksam ginn, a ware begeeschtert vum Prinzip.

Wéi ginn d’Locations ausgesicht?

Stéphanie Do gëtt et kee speziellt Verfaren. Wa mir duerch d’Géigend spadséieren an eng Platz gesinn, wou mir fannen, e Buch géing sech do gutt maachen, da loosse mir eent do. Prinzipiell kéint alles zur Location ginn, wann eng „Book Fairy“ sech inspiréiert fillt. Wat natierlech ëmmer flott ass, dat si Bänken an engem Park, flott Statuen, impressionnant Gebaier...

„Book Fairies“ huelen och gäre Bicher mat, wa si an d’Vakanz ginn an do ass eng Location, déi erkenne léisst, wou ee grad ass, natierlech ëmmer flott.

Wéi léisst sech erklären, datt d’large Majoritéit vun de Book Fairies Frae sinn?

Stéphanie Ee gudde Grond ass wahrscheinlech de Fait, dass d’„Book Fairies“ um Weltfraendag lancéiert goufen. Duerch d’Hashtags op de Soziale Medie vum IWD si  wahrscheinlech vill Fraen drop opmierksam ginn. An dann ass do natierlech nach d’Emma Watson. D’Schauspillerin huet de „Book Fairies“ gehollef, a sou goufen deen Dag 100 Kopie vum Margaret Atwood sengem „The Handmaid’s Tale“ zu Paräis verstoppt. D’Emma Watson ass eben... d’Emma Watson. D’Hermine Granger ass bewonnert vu ville Fraen a Meedercher.  An d’Emma Watson huet en Online-Bicherclub – „Our Shared Shelf“ – deen haaptsächlech feministesch Literatur liest a sou Bicher ginn nun emol gréisstendeels vu Frae gelies an diskutéiert.

Wie gesi wëll, wou eis „Book Fairy“ am Land iwwerall aktiv ass a Bicher verstoppt, kann dëst op Facebook an op Instagram maachen