LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder: D’Diskussion ronderëm d’Impfen

D’WHO huet d’Impfgéigner zu enger vun de grousse globale Gefore fir d’Mënschheet erkläert. Ee Grond dofir ass eng Hausse vun 30% vun Neiinfektioune vun de Riedelen, obwuel een déi Krankheet duerch eng Impfung stoppe kann. Dowéinst geet et am Artikel vun dëser Woch ëm Thema Impfen.[1]

Beim Dokter oder Doktesch kritt een Impfung mat enger Piqûre meeschtens an den Aarm gesprëtzt. Den Impfstoff weist Komponente vun der spezifescher Krankheet op, déi an d’Muskele gesprëtzt ginn. Wann et déi spezifesch Erreeger sinn, déi desaktivéiert goufen, dann handelt et sech ëm ee sougenannten „Totimpfstoff“. Dat ass da fir géint Polio, Hepatite B oder Influenza ze impfen. Déi Impfung mat ofgeschwächten Erreeger si sougenannten „Lebendimpfstoffe“. Dat ass fir d’Riedelen, Mumps oder d’Riselen.

Kierper an Anti-Kierper

Wann d’Impfung am Kierper ass, kommen déi sougenannten „Fresszellen“ (Makrophagen), an zerleeën déi a kleng Stécker. Dono weisen déi Makrophagen op hirer Surface déi selwecht Mierkmoler op, wéi den Erreeger. Doduerch kënnen dann déi sougenannten „T-Helferzellen“ Immunzelle produzéieren, déi Anti-Kierper speziell fir géint deen Erreegere reagéieren. Déi Anti-Kierper bleifen beschtefalls fir ëmmer bestoen, mee oft muss een den „System“ nei erënneren an dofir mussen Opfrëschung-Impfunge gemaach ginn.[2]

Virun allem sinn d’Riedelen an Europa an an Nordamerika bal als ausgerott deklaréiert ginn. Mee et sinn ëmmer méi Infektiounen ausgebrach an de leschte Joren. Ee Grond dofir sinn zum Beispill falsch Intervallen bei den Impfungen, do gëtt déi zweet Impfung oft ze spéit gemaach. Domat ass den Impfschutz dann net zu 100% oder och guer net wierksam.

Et sinn och vill Desinformatiounen iwwert Impfungen am Ëmlaf. Oft gëtt gesot, dat de mënschleche Kierper an d’Immunsystem staark genuch ass, fir Krankheet ze iwwerstoen. D’Immunsystem bekämpft andauernd Erreeger an baut Anti-Kierper op. Mee bei de Riedelen existéiert eng Gefor vun 20-30%, dat et zu Komplikatioune komme kann, wéi zum Beispill eng Hirnhautentzündung. Och sinn d’Riedelen eng immens infektiéis Krankheet, déi bei méi schwaache Mënsche geféierlech kënne ginn.

Impfunge wierken net all d’selwecht

Eng aner Desinformatioun ass, dat een duerch Impfungen Allergien opbaut. Eng wëssenschaftlech Etüd huet Kanner an der fréierer DDR analyséiert. Do war bal all Kand geimpft ginn an do konnte keng Relatiounen zu Allergien an enger Impfung kontestéiert ginn. Mee wann een eng Allergie géint eng Substanz an dem Impfstoff huet, kann dat geféierlech ginn. Déi Substanze sinn oft Aluminiumsalzen, déi kënnen negativ Auswierkungen op Schankewuesstem oder Reproduktioun hunn. Den Aluminiumgehalt vun den Impfungen ass esou kleng, dat e keng Auswierkungen op déi zwou genannte Folge kann hunn. Ee Mënsch hëlt méi Aluminium iwwert d’Ernierung op wéi duerch Impfungen, well déi seele gemaach ginn.[3]

Mee net all Kierper an säi Fonctionnement ass de selwechten, dofir wierken Impfungen och net ëmmer selwecht. Wann de Kierper an d’Immunsystem ugeschloe sinn, ass d’Impfung och net esou gutt wéi se soll.

Op ee sech a säi Kand oder sech selwer impfe soll oder net ass fir jiddereen aneschters. Dowéinst soll een sech gutt informéieren an sech net vu falschen Informatioune blende loossen.