SÉRGIO FERREIRA

Et gëtt säit Méint vill iwwer d’Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg diskutéiert. Awer manner iwwer déi Initiativen, déi sech dofir asetzen, dass Leit Lëtzebuergesch léiere kënnen. D‘“Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés“ mëcht dat säit Joerzéngten, wéi hire Porte-Parole Sérgio Ferreira erkläert.

„Et gëtt vill iwwer Ängschte geschwat iwwer d’méiglecht Verschwanne vum Lëtzebuergeschen. Dat ass nieft der Realitéit. Well et gi mëttlerweil um nationalen Plang iwwert 20 Initiativen, vu Gemengen an Associatiounen, déi nieft den offizielle Sproochecourse mat der Hëllef vun engagéierte Bierger, de Leit d’Méiglechkeet gëtt eis Sprooch ze praktizéieren an esou ze üben. Vun all dësen Initiative schwätzt keen. Si sinn awer Deel vum Fundament an eiser méisproocheger Gesellschaft. Esou Projeten hu villen d’Angscht geholl am Alldag Lëtzebuergesch ze schwätzen.

D’ASTI huet iwwert déi lescht zéng Joren, Campagne promovéiert ewéi „Ech schwätzen och Lëtzebuergesch“, ënner anerem mat engem Buch dat zu méi ewéi 7.500 Exemplare verkaf ginn ass. Mir hu véier Modeller vu Sproochepraxis ausgeschafft fir d’Sproochen esou effikass ewéi méiglech ze praktizéieren an de Besoine vun deene villen Net-Lëtzebuerger nozekommen déi se léieren. Eleng an dësen Projete vun der ASTI waren d’lescht Joer iwwert 60 Fräiwëlleger regelméisseg aktiv, dëst op ronn 450 Apprenanten. D’Lëtzebuergescht ass wuel wichteg, mee mir brauchen och déi aner Sproochen fir kennen wirtschaftlech, politesch a sozial mateneen ëmzegoen. Sproochlech eis vum Rescht vun der Welt ofzekapselen, wär eisen Doud.

Mir kenne frou sinn, datt mer esou vill Sproochen schwätzen - di eng gutt di aner manner gutt - eis a villen Beräicher mat eisen Noperen, eisen Matbierger, Frontalieren, verstännege ze kennen. E Virdeel, fir deen eis vill Nopeschlänner beneiden, deen ouni Zweiwel eis et erlaabt schlussendlech esou gutt an eiser multikultureller Gesellschaft eens ze ginn. Well Zivilgesellschaft motivéiert ass fir sech an der Praxis vun de Sproochen z’engagéieren, huet d’ASTI zesummen mat der Uni Lëtzebuerg eng Formatioun ausgeschafft, wou Leit uechtert d’Land forméiert ginn an esou Initiativen am Beräich vun der Praxis vun enger Sprooch entstinn. Eleng 2016 hunn 117 Persounen dës Formatioune matgemaach an sech dono entweder an engem Projet engagéiert oder kuerzerhand selwer d’Gemeng an där se wunne kontaktéiert an eng Aktioun op d’Bee gestallt. Mir als ASTI probéieren an dësem Fall all interesséiert Organisatiounen an Gemengen dobäi ze ënnerstëtze fir dës Modeller vu Sproochepraxis op lokalem Niveau ëmzesetzen.

Vill Leit sinn bereet sech fir d’Sproochen z’engagéieren, well si sech bewosst sinn, dass mir keng einfach Situatioun hunn zu Lëtzebuerg an een och eng Sprooch net einfach esou vun haut op muer léiert an am Alldag ka praktizéieren. Wann ee bei déi uewen genannten Zuelen elo nach déi 6.302 Persounen dobäirechent, déi eleng am Schouljoer 2014/2015 a Lëtzebuergeschcoursen ageschriwwen waren, da gesäit een den däitleche Wëlle bei den Net Lëtzebuerger eis Sprooch ze léieren.“