LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder: Wat bis elo am Brexit-Drama geschitt ass - a wat dës Woch usteet

Den 29. Mäerz soll Groussbritannien aus der EU trieden. No dräi Joer voller Brexit-No-riichten gesäit et esou aus, wéi wa mir engem Enn méi no kommen. Mee déi britesch Premierministerin Theresa May huet Problemer, dee mat der EU ausgehandelten Deal am briteschen „House of Commons“ duerchzekréien. 

Am Dezember duerchgefall

Kuerz no der Chrëschtvakanz ass den Deal fir déi éischte Kéier am Parlament zur Ofstëmmung fräi gemaach ginn. Den Deal ass mat engem historeschen Echec am Parlament duerchgefall. Den Haaptgrond dofir ass den „Backstop“. Den „Backstop“ gesäit vir, datt bei engem Echec vun den zukünftege Wirtschaftsbezéiunge keng haart Grenz zwëschen Irland an Nordirland komme soll. Genau heescht dat, dass Groussbritannien an der Zollunioun an Nordirland zousätzlech nach am EU-Bannemaart bleiwe soll. Zousätzlech menge verschidden „Hardliner“, datt Groussbritannien fir ëmmer am „Backstop“ bleiwe kéint, well d’EU decidéiert, wann d’Briten den „Backstop“ verloosse kënnen. (1) (2)

Fir nach eng Chance op eng Zoustëmmung vum Parlament ze kréien, ass Theresa May fir weider Diskussiounen op Bréissel geflunn. Mee d’EU ass net méi bereet, eppes um Brexit-Deal ze änneren. D’EU wollt puer weider Zougeständnesser maachen iwwert den „Backstop“, datt en net fir ëmmer méiglech wier. Mee déi zousätzlech Verhandlungen hunn dem Theresa May bis elo nach näischt Neits bruecht.(3)

Dës Woch sinn zu London am Parlament dräi parlamentaresch Ofstëmmungen ugesat. Haut um 12. Mäerz soll iwwert de selwechten Deal wéi deen am Dezember ofgestëmmt ginn. Wann d’Parlament dem awer zou-stëmmt, dann trëtt Groussbritannien den 29. Mäerz mat engem Deal aus der EU eraus. Mee well d’EU net op d’Changementer vum britesche Parlament agaangen ass, fir datt si dem Deal zoustëmme kéinten, wäert den „Withdrawal-Act“ mat héijer Wahrscheinlechkeet fir déi zweete Kéier duerchfalen.

Wann also den Deal fir déi zweete Kéier duerchfält, da stëmmt dat britescht Parlament den Dag drop iwwert een „No-Deal-Brexit“ of. Wann dee mat enger Majoritéit gestëmmt gëtt, da geet Groussbritannien den 29. Mäerz ouni een Deal aus der EU eraus. Mee och hei ass eng Majoritéit am Parlament géint een No-Deal Zeenario. 

Brexit verréckelt oder net?

Dann gëtt en Donneschdeg doriwwer ofgestëmmt, ob den Datum vum Brexit fir e puer Méint verréckelt soll ginn. Dat kann awer just verréckelt ginn, bis sech dat neit Europaparlament konstituéiert huet. Wann dat esou ofgestëmmt soll ginn, da muss dat nach vum Europäesche Rot den 21. Mäerz um EU-Sommet vun de 27-Memberstaaten ofgestëmmt ginn. Gëtt dat vum britesche Parlament oder vum Europäesche Rot refuséiert, da kënnt et zu engem méigleche „No-Deal-Brexit“. Oder et kann och zu engem neie Referendum, Neiwalen oder aneren Iddie kommen.

Bis elo kann een nach näischt genaues soen, wat bis den 29. Mäerz geschitt, ob Groussbritannien aus der EU trëtt, mat oder ouni Deal oder op sech déi britesch Politiker awer fir Neiwalen oder e Referendum decidéieren, dat wäert sech an den nächsten zwou Woche weisen. 

Quellen a Links:

1) tinyurl.com/A500wBrexit1

2) tinyurl.com/A500wBrexit2

3) tinyurl.com/A500wBrexit3