LËTZEBUERG
JK MAT ACEL

D’ACEL presentéiert hiren neien „Guide du Futur Etudiant“

Studenten an zukünfteg Studenten ze informéieren an hinne beim Choix vum richtege Studium an der richteger Unisstad ze hëllefen ass een Haaptzil vun der ACEL. Zenter 1987 bréngt d’ACEL, zesumme mat hire Membercercelen a Partner, aus deem Grond de „Guide du Futur Etudiant“ eraus. Am Lycée erausfannen, wat een am beschten duerno studéiere soll a wëll, a wou een dat am beschte maache kann, ass oft net einfach.

Vill Brochure liwweren eng helle Wull un Informatiounen an awer ass et schwéier den Duerchbléck ze behalen. Fir de Schüler ze hëllefen, regroupéiert den „Guide du Futur Etudiant“ souwuel administrativ Informatioune vum CEDIES a verschiddenen Unie wei och Tuyaue vu Studente fir Studenten.

Wou wat studéieren?

Wat den „Guide du Futur Etudiant“ vun der ACEL esou speziell mécht, ass de Fakt, dass e groussen Deel vun den Informatiounen direkt vu Studente geschriwwe gouf. Wéi kommen ech am beschten a meng Unisstad a wéi beweegen ech mech do virun?

Gëtt et e Studentevéierel a wou kann een owes no de Course mol gemittlech een drénke goen? Op all dës Froe ginn déi verschidde Cerclen eng Äntwert a stellen dem zukünftege Student esou d’Studenteliewe vir. Si kennen d’Stad an d’Uni a sinn domat de perfekten Uspriechpartner fir all zukünftege Student.

Studéieren an der Belsch, an Däitschland, Frankräich, Éisträich, an der Schwäiz, zu Lëtzebuerg oder méi wäit ewech? Den „Guide du Futur Etudiant“ huet fir jiddereen eppes dobäi. De Guide regroupéiert och Informatiounen iwwer administrativ Demarchen zur „Aide financière pour études supérieures“ oder Logementer an europäeschen Unisstied. Zu gudder Lescht ginn och eng Rei Projete vun der ACEL virgestallt, wei „Student fir en Dag“, d’Réunion européenne des étudiants luxembourgeois, kuerz REEL, an d’„Foire de l’étudiant“, wou déi künfteg Studenten sech nach méi am Detail informéiere kënnen.

Fir eng gesetzlech verankert Studentevertriedung

10.000 Exemplaire vun der Editioun 2014 si vum November un gratis disponibel an all Spuerkeess-Agence, beim CEDIES, bei der Uni Lëtzebuerg, der „Maison de l’orientation“ (ADEM), dem „Centre Information jeunes“ (CIJ), der Nationalbibliothéik, dem „Service National de la Jeunesse“ (SNJ), dem „Point Information Jeunes“ (PIJ) an elo schonns als PDF op acel.lu . Schüler a Studente kënne sech natierlech och op der „Foire de l’étudiant“ den 13. a 14. November an der LuxExpo e Guide siche kommen.

An engem Communiqué hält d’ACEL och fest, dass eng gesetzlech verankert Studentevertriedung, aus verschiddene Grënn net méi ze ëmgoen ass. An der Vergaangenheet huet sech ëmmer erëm gewisen, datt d’Studenten net mat enger Stëmm schwätzen. Mat enger gesetzlech verankerter Studentevertriedung géifen d’Studenten bei der Léisung vu Problemer méi agebonnen ginn, aplaz datt si am Moment an der Politik éischter eng Randgrupp wären, déi dorëms kämpfe muss, gehéiert ze ginn. „Och baut de Passage vun enger Déngschtleeschtungs- an eng Wëssensgesellschaft wéi d’Regierung se fir eist Land virgesäit, op de Studenten op“, esou d’ACEL, „an et ass also dowéinst nëmme logesch, wann déi Concernéiert méi matbestëmmen an sech mat abrénge kënnen“. Zu Lëtzebuerg gëtt de Student zum Bedauere vun der ACEL nach ëmmer als e méi ale Schüler gesinn, wou bäi hien an anere Länner scho laang méi matbestëmme kann an och besser an de legislative Prozess agebonnen ass. D’ACEL huet d’Thema vun enger gesetzlecher Studentevertriedung no enger Entrevue mam Minister Meisch och nach eng Kéier op der REEL bei hire Memberen ugeschwat. Elo, esou d’ACEL mussen an dësem Dossier Neel mat Käpp geaach ginn.