LËTZEBUERG
SAM MERSCH

Flouernimm als Indicateur vun der Besiidlung

Mat der Zäit hu sech esou muench Saachen hei am Land geännert – och am Wunnlechen. Do stellt sech dann d’Fro: Wat kënnen eis d’Flouernimm soen iwwer vergaange Siidlungsstrukturen?

Zanter de 50er-Jore vum leschte Joerhonnert sinn eis Dierfer massiv gewuess, wat och dozou geféiert huet, datt vill Plaze bebaut gi sinn, déi bis dohin einfach zur Gewan gehéiert hunn. Dat heescht dann och, datt d’Flouernimm op deene Plazen net méi op déi Landschaft verweisen, déi et ursprénglech do gouf, mee fir d’Benenne vun enger Strooss, enger Cité oder enger Residenz geholl goufen. Et kann een also soen, datt d’Presenz vun de Flouernimm an enger Siidlungsstruktur selwer schonn en Indiz ass fir Verännerungen am Wunnen.

-eng an -dref

Kuckt een awer genee an d’Flouernimm eran, erkennt ee vill méi, och vill méi Ales. Vill Uertschafte si gewuess an dat scho virun den 1950er-Joren. Hëlt een zum Beispill deen eelsten Atlas fir ganz Lëtzebuerg, da kann een erkennen, datt Bierg (mam Schlass) bei Colmer am 18. Joerhonnert scho relativ grouss war a Colmer donieft just e „Fläppchen“. Haut gesäit dat natierlech ëmgedréint aus.
Et gëtt vill Beweiser an de Flouernimm, datt et e sëllegen Dierfer am Land méi gouf, dës awer vill méi kleng waren. Am einfachsten ass dat ze erkennen, wann een sech all déi Flouernimm mam Suffix -eng (wéi an Useldeng) oder mam Suffix -dref (wéi a Bëschdref) ukuckt. Wann een déi op eng Kaart paakt, da gesäit een, datt et vill méi där Uertschafte gouf. A wann een sech ukuckt, wéi déi aner Flouernimm ronderëm ausgesinn, da fënnt een eraus, datt déi Uertschaften alleguerten net ganz grouss waren.

Kauschdref an Tritlingen

Huele mer d’Gemeng Helperknapp, do gesäit een, datt tëschent Béiwen un der Atert a Bëschdref (Kaart vu Geoportail.lu, d‘Redaktioun) nach eng weider Uertschaft louch, déi awer haut net méi existéiert, nämlech Kauschdref, genee op der administrativer Limitt tëscht Béiwen a Bëschdref. Tëscht Biermereng a Schengen gouf et dann och nach en Tritlingen, wat ee méi dacks an de Flouernimm erëmfënnt. D’Weeër an d’Distanzen tëschent den Dierfer waren also méi kleng, och well et zum Deel einfach méi Dierfer gouf.