LËTZEBUERG
SAM MERSCH

Flouernimm als Testament vun der Sprooch a vum immaterielle Kulturierwen

Flouernimm sinn en Testament vun der Sprooch. Se sinn Deel vum Sproochgebrauch an hunn ursprénglech dozou gedéngt, de Raum, deen de Mënsch sech zu Notze gemaach huet, ze benennen, fir sech erëmzefannen a fir vum Raum kënnen ze erzielen. Quasi eng Zort mentale GPS. Doduerch hunn d’Flouernimm dann awer och eng identitär Funktioun, well si duerch d’Sprooch eng Plaz un de Spriecher bzw. d’Spriechergrupp bannen. De Flouernumm ass deemno en Ausdrock vun der mënschlecher Perceptioun vum Raum.

Dëst ass och de Grond, firwat d’Flouernimm (zesumme mat den Hausnimm) 2019 zu Lëtzebuerg als „Unesco immateriellt Kulturierwen“ erkläert gi sinn, well si en traditionelle Brauchtum duerstellen, deen eng sproochlech Expressioun huet. E wichtege Facteur ass hei natierlech d’Identitéit gewiescht, déi de Flouernimm inherent ass. Vun dëser sproochlecher an historescher, jo lokaler Identitéit profitéieren awer net nëmme Leit, déi d’Lëtzebuergescht beherrschen, mee jiddwereen deen de Raum unhand vun der Flouernimm erliewe kann. E gutt Beispill heifir ass den ëffentlechen Transport, wou e sëllege Busarrêten no Flouernimm benannt sinn. Wann een also mat der Linn 9 vun der Stater Gare iwwer Pafendall – um Bock op Neiduerf – Hierzekrëpp fiert (Foto, d’Redaktioun), da participéiert een un der sproochlecher a lokaler Identitéit, déi vun de Flouernimm iwwerdroe gëtt. Et kann een also soen, dat hei d’Flouernimm hir original Funktioun ëmmer nach weiderdroen, an dëst onofhängeg dovun, wéi gutt ee Lëtzebuergesch ka schwätzen.

Esou e Flouernumm steet awer net eleng am Raum. Nëmmen am Kontext, also am Verglach zu allen anere Flouernimm, ass eng systematesch sproochlech Referenz am Raum méiglech. Wéi de Mënsch seng Ëmwelt empfonnt a sproochlech ausgedréckt huet, kann ee graff an zwou Kategorien deelen: an Naturnimm, also Flouernimm, déi d’Natur selwer bezeechnen, an a Kulturnimm, also Flouernimm, déi op eng mënschlech Aktivitéit weisen. Wann een da wéi gesot an der Linn 9 sëtzt a bis zum Schluss fiert, da kënnt een op der Kalchesbréck eraus, ursprénglech e Flouernumm, deen op e Bauwierk weist, also ee Kulturnumm. Wann een da lénks eran an d’Rue Kalchesbruck geet, da fënnt ee riets de Flouernumm op der Biirkekopp, deen no der Natur, hei no der Landschaftsform an dem Landschaftsbewuchs benannt ass.

Dëst ass den éischte Bäitrag aus enger thematescher Serie a 14 Deeler iwwer d’Lëtzebuerger Flouernimm, déi déi verschidden Aspekter vun dësem sproochleche Kulturierwen beliicht