LETZEBUERG
LOUISE RASMUSSEN

A 500 Wierder: Wei gesäit et an deem südamerikanesche Land aus a wéi ass et dozou komm?

Schonn 2014 hunn d’Bevëlkerung an d’Oppositioun a Venezuela géint de President Nicolas Maduro a seng Regierung protestéiert. Säit dësem Mäerz schéngt d’Kris a Venezuela sech erëm zouzespëtzen. Mee wéi gesäit d’Situatioun a Venezuela eigentlech aus? A wéi ass et iwwerhaapt zu dëser Situatioun komm?

Fir d’Kris a Venezuela ze verstoen, ass et wichteg, e bëssen iwwert den ekonomeschen a politesche Kontext vum Land virum President Maduro senger Presidentschaft ze wëssen.

„Sozial Programmer“ ënnert dem Chávez

Dem Maduro säi Virgänger, den Hugo Chávez, hat „sozial Programmer“ agefouert, déi et der Bevëlkerung erméiglecht hunn, medezinesch versuergt ze ginn an ouni Käschte kënnen an d’Schoul ze goen (1). Dës Programmer waren awer staark vum Akommes duerch Pëtrol-Exporter ofhängeg, dee 95 Prozent vum nationalen Export a Venezuela duerstellt. Zur Zäit wéi den Nicolas Maduro d’Presidentschaft vum Hugo Chávez iwwerholl huet, sinn d’Pëtrolspräisser weltwäit drastesch gefall. Lues a lues huet dëst zu enger nationaler Wirtschaftskris an enger staarker Inflatioun gefouert, wat erëm méi Aarmut a Mangel un Nahrungsmëttel a Medikamenter mat sech bruecht huet. Dem Chávez seng „sozial Programmer“ hu missen zougemaach ginn, well déi niddreg Pëtrolspräisser et der Regierung net méi erméiglecht hunn, fir dës Programmer ze finanzéieren. Dës Decisioun huet zu ville Protester gefouert, an déi venezuelanesch Bevëlkerung huet ugefaangen, de Maduro fir déi national Wirtschaftskris ze beschëllegen.

Ofsetzungsversuch mat engem Referendum

Déi politesch a sozial Tensioune sinn haaptsächlech tëschent de sougenannte „Chavistas“, déi déi sozialistesch Partei PSUV vum President Maduro ënnerstëtzen, an der Oppositioun. (2) Schonn 2016 huet d’Oppositioun probéiert, de Maduro duerch e Referendum ofzesetzen, ma de President huet dëst ignoréiert. D’Oppositioun huet dëst als Verstouss géint d’Verfassung gesinn, wat erëm zu weidere Protester gefouert huet.

Am Mäerz 2017 huet d’Situatioun sech erëm zougespëtzt, wei d’Geriicht decidéiert huet, d’Parlament ausser Kraaft ze setzen. Dës Decisioun ass staark als e weidere Schrëtt zur Diktatur kritiséiert ginn, virun allem, well am Parlament d’Oppositioun d’Majoritéit hat. D’Geriicht huet no puer Deeg seng Decisioun erëm zeréckgezunn, ma dëst huet awer näischt méi un der Situatioun an un de ville Protester geännert.

Als Reaktioun op déi national Demonstratiounen an d’international Kritik, huet de President Maduro Enn Juli Wale fir eng nei „Verfassungsversammlung“ ausgeruff. (3) Dëst Versammlung steet iwwert deenen anere politeschen Institutiounen am Land an huet also de Pouvoir, fir déi national Verfassung ze änneren. Dem Maduro no sollt dëst nei „Verfassungsversammlung“ Venezuela erëm aus der Wirtschaftskris eraushëllefen, an d’Land an déi „richteg Richtung“ féieren. Mee d’Oppositioun huet d’Wale boykottéiert, well si dëst als e weidere Schratt a Richtung Diktatur ugesinn huet. Schlussendlech huet dem Maduro seng Partei d’Wale fir eng nei „Verfassungsversammlung“ gewonnen an huet sou de Pouvoir iwwert d’Verfassung kritt. D’Walresultat ass international kritiséiert ginn an huet fir weider Protester an déidlech Ausernanersetzungen a Venezuela gefouert.

Am Moment ass et nach schwéier ze soen, wéi d’Situatioun sech weiderhin entwéckele wäert. Venezuela, wat souwuel sozial wéi och politesch gespléckt bleift, huet vill Erausfuerderunge viru sech: eng Wirtschaftskris, déi weiderhin déi national Inflatioun souwéi de Mangel u Nahrungsmëttel a Medikamenter verstäerkt an eng politesch Kris, déi weiderhi fir vill international Kritik suergt.


Quellen a Links:

(1) tinyurl.com/Venezu-1

(2) tinyurl.com/Venezue-2

(3) tinyurl.com/Venez-3

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

D’lescht Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag.

All Artikelen, de Politik-ABC a weider Informatiounen um neie Site a500wierder.lu an association-narin.com

All Artikelen, de Politik-ABC a weider Informatiounen um neie Site a500wierder.lu an association-narin.com