MICHEL SCHOLER

Elo wou d’Walen an Amerika no ville Méint op en Enn komm sinn an den Donald Trump zum President gewielt gouf, stelle sech natirlech vill wichteg Froen. Wéi wäert den Trump versichen, d’Land no sou enger gëfteger Campagne erëm zesummen ze féieren? Wéi wäert déi eidel Plaz am Ieweschte Geriichtshaff gefëllt ginn? Mee hannert all deene Froen steet nach eng méi generell Fro: Wat dierf e President an Amerika iwwerhaapt maachen?

Dem President seng Pouvoiren hänke ganz vill vum Beräich of. Dat huet domat ze dinn, dass déi amerikanesch Konstitutioun en immens komplexe System virgesäit, an deem déi eenzel Institutioune sech géigesäiteg kënnen iwwerwaachen. An dëse System ass méi entwéckelt an der Innepolitik wéi an der Aussepolitik.

Vetorecht vum President

An der nationaler Politik deelt de President e groussen Deel vun der Muecht mam Kongress - dem amerikanesche Parlament. Hei ass dem President säi gréisste Pouvoir, datt all Gesetz muss vun him ënnerschriwwe ginn. Deemno huet de President e Vetorecht, fir all Gesetz ofzeleenen [1], dat net senge Wënsch entsprécht. Allerdéngs kann dëse Veto vun enger Zwee-Drëttel-Majoritéit am Parlament iwwerstëmmt ginn, wat awer schwéier ze erreechen ass. Dem President seng Pouvoiren sinn nach méi begrenzt an dësem legislative Prozess - de Prozess, fir e Gesetz ze schafen - well hie keng Gesetzer dierf proposéieren [2]. En zweeten groussen innepolitische Pouvoir vum President ass, datt hien d’Ministeren an d’Direktere vun de meeschten Agencen ernennt. Et ass och dëse Pouvoir, dee sou wichteg ass bei der Ernennung vun engem neie Riichter um Ieweschte Geriichtshaff. Mee och bei dësen Ernennungen ass de President dorop ugewisen, datt d’Parlament seng Nominatiounen akzeptéiert [3]. Am Resumé kann den Trump zwar vill Gesetzer blockéieren an och seng Kandidate fir wichteg Posten virschloen, mee bei béide Pouvoiren ass hien op d’Parlament ugewisen.

Méi Fräiheeten an der internationaler Politik

An der internationaler Politik huet de President allerdéngs méi Fräiheeten. Hei ass seng wichtegst Roll déi vum „Commander-in-Chief“, déi den Donald Trump zum ieweschte Kommandeur vum Militär mécht. Domat kann hien d’Truppe vun den USA befeelen, obwuel hien net offiziell engem Land de Krich erkläre kann ouni Accord vum Parlament. Och beim Ënnerschreiwe vun internationalen Traitéën muss de President den Accord vum Parlament hunn. Et ass awer sou, datt et e puer legal Weeër gëtt, fir dëst ze ëmgoen [4]. Dat mécht d’Roll vum Parlament an der Aussepolitik manner wichteg an domadder déi vum President ëmsou méi. An och de Pouvoir vum Ieweschte Geriichtshaff ass manner staark an der Aussepolitik wéi an der Innepolitik. Alles an allem, wäert den Trump also kënnen d’Militär vun den USA kommandéieren an déi international Politik dirigéieren, ouni musse souvill mam Parlament an dem Ieweschte Geriichtshaff zesummen ze schaffen wéi an der Innepolitik.

Well et awer während der Campagne relativ onkloer war, wéi eng Politiken den Trump ëmsetzen wëll, bleift et och onkloer, wat den Trump mat dëse Pouvoire wäert maachen, wann hie bis am Januar 2017 zum President ernannt gëtt. Och fir déi Politiken, déi hien ugekënnegt huet - wéi d’Renegotiatioun vun NAFTA an d’Baue vun enger Grenzmauer mat Mexiko - ass et net sécher, wéi hien dës an d’Realitéit ëmsetze wëll.

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

An dësem Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch sech mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären an fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Woche-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz den Bäitrag. All Artikelen, den Politik-ABC a weider Informatiounen ënner www.association-narin.com