LËTZEBUERG
MONIQUE MATHIEU

Trotz dem Enn vu Legotrip huet de Kënschtler Serge Tonnar vill Projeten an der Maach – net just musikalescher

Mat 50 wëll de Serge Tonnar nach eemol sou richteg duerchstarten. Jiddefalls huet hien eng ganz Rëtsch Projete fir 2020 op der Lee. Mat him kucke mir op d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg, säi soziaalt Engagement, op e puer vu senge Realisatiounen an der Vergaangenheet a virun allem op dat, wat mir dëst Joer vun him erwaarde kënnen.

A puncto Benotze vun eiser Sprooch an an der Musek sidd Dir e bëssen een Allroundkënschtler. Wat hal Dir vun der Ausso: Fünfzig Jahre und kein bisschen weise?

Serge Tonnar 50 Joer, dat kënnt elo... Ech géif bezunn op mech net „weise“ soen, ma berouegt. Ech hunn ëmmer nach vill Energie, fir nei Saachen ze realiséieren, mäin eegene Wee ze goen, ëmmer erëm bei Null unzefänken – also, et ass jo dat, wat ee Kënschtler ausmécht. Mee all dat ronderëm d’Kreatioun gëtt mam Alter méi ustrengend, wéi de Kampf fir déi néideg Ënnerstëtzung, d’Ëffentlechkeetsaarbecht, d’Démarchen allgemeng... Ech schaffe jo als Indépendant, maachen alles selwer, och wat d’Finanzen ugeet.

Ufank Dezember hutt Dir d’Enn vu Legotrip, Ärer Band, déi säit 2010 bis dunn an där Formatioun bestanen huet, gläichzäiteg mam leschte Concert bekannt ginn. Fir vill koum dat iwwerraschend – ma hat d’Trennung sech intern net scho méi laang ofgezeechent?

Tonnar De Batteur vu Legotrip, Misch Feinen, deen och fräischaffend ass, hat scho méi laang gesot, hie wéilt eng Paus aleeën. Wou dunn eise Bassist Rom Christnach Papp ginn ass, wollt hien och net méi sou richteg. Wat ech verstinn, hien huet d’Band nieweberufflech gemaach, dann ass et net sou einfach, alles ënnert een Hutt ze kréien. Et war deemno e puer Woche virdrun decidéiert, opzehalen. Fir eis Fans ass d’Enn natierlech e bëssen abrupt komm. Duerfir wëlle mer am Summer (11. Juli) en Open Air Concert an der Abtei neimënster ginn, souzesoe fir ofzeronnen.

Besteet d’Band Zap Zoo, an där Dir Gittarist waart, eigentlech nach?

Tonnar Zap Zoo huet 2007 opgehalen. Nieft der Musek hunn ech déi englesch Texter geschriwwen. 2003 hat ech gläichzäiteg ugefaangen, op Lëtzebuergesch ze schreiwen, an hunn en eegenen Album erausbruecht. Iergendwéini ass dat Englescht mer dunn net méi sou komm, an aus dem Nieweprojet gouf den Haaptprojet.

Beim Numm Serge Tonnar denken ech u Lidder wéi ”Belsch Plaasch“ a „Cremant an der Chamber“ – wéi eng Lidder aus Ärer Fieder sinn Iech selwer déi léifst a firwat?

Tonnar Ech hunn ëm déi 60 Lidder geschriwwen – also, ech hunn all meng Kanner gär. Déi eng sange sech besser op der Bün wéi anerer, e puer gefale mer haut och net méi sou, wéi an deem Moment, wou ech se geschriwwen hunn. Wa meng Lidder bis eraus sinn, lauschteren ech se net méi.

Zwëscht 2001 an 2007 hutt Der nieft Film- a Bünemuseken och Theaterstécker geschriwwen a waart Regisseur an Auteur. Wat huet Iech dorunner gereizt, sidd Dir haut nach am Theatermilieu aktiv?

Tonnar An der Vergaangenheet stoung ech och op der Bün, eemol zwee Joer um Stéck, hunn awer gläichzäiteg meng Musek weidergemaach. Deemools hunn ech gemierkt: Wat ech méi Musek maache kann, wat ech méi frou sinn. Dëst Joer wäert ech awer och nees Theater maachen. De Luc Schiltz an ech presentéieren zwee Judas-Monologen an de Kasematten, där éischter Bün vum Kasemattentheater. Enn des Joers inzenéieren ech dann ee Stéck vum Roger Manderscheid, dat hien 1973 fir de Kasemattentheater geschriwwen hat, dat awer deemools zenséiert gouf. Et ass déi éischte Kéier, datt ech eppes net-Eegenes presentéieren! Ech freeë mech drop.

Vun 2008 bis 2012 war Dir President vun der Theaterfederatioun. Vun där héiert een elo net méi vill. Kollaboréieren d’Theateren zu Lëtzebuerg nach intensiv mateneen?

Tonnar Jo, déi Zesummenaarbecht besteet nach ëmmer.

War Dir 2018 bei den zweeten „Assises culturelles“ aktiv derbäi? Wa jo, wat ass Iech an Erënnerung bliwwen?

Tonnar Ech hunn dat Ganzt schonn zimmlech no suivéiert. D’„Assises culturelles“ si jo ënnert anerem op ee Manifest fir ee Kulturpakt aus dem Joer 2008 zréckgaangen, dat vun enger Rei vu Leit vun der Initiativ „Forum Culture(s)“ opgestallt gi war, déi ech matgegrënnt hunn.

Sidd Dir da mam Resultat vun de leschten „Assises culturelles“, also dem „KEP“, zefridden? Huet sech doropshin eppes an der Kulturzeen geännert?

Tonnar Ech si frou, datt et esou een Dokument gëtt, a virun allem doriwwer, datt de Secteur involvéiert war. Ech gesinn duerchaus ee Progrès an der Kulturpolitik, respektiv um Niveau vum zoustännege Ministère. Et ass méi eng grouss Transparenz do, wat d’Subventiounen ugeet, d’Aarbecht vum Ministère selwer... Et gëtt natierlech och nach vill ze maachen. A Saache sozial Sécherheet vun de Kënschtler si mer hei zu Lëtzebuerg nach wäit vun enger Idealsituatioun ewech. Eis Kënschtler hu gréisstendeels keng richteg Kontrakter, an et kann ee sech froen, ob dëst net illegal ass.

Ass et fir Iech éischter berouegend oder fir de Kapp ze rëselen, datt deen, deen de KEP ausgeschafft huet, a grousse Mooss zu senger Ëmsetzung bäidroe soll? Respektiv, datt de Jo Kox elo an engem Ministère als héije Staatsbeamte schafft?

Tonnar De Jo Kox setzt sech zënter laange Jore fir d’Kultur zu Lëtzebuerg an. Natierlech, am Verglach zu fréier sëtzt hien elo op där aner Säit, an d’Kolleege komme bei hien heeschen... E bësse speziell ass dat schonn.

D’Lëtzebuerger Gesellschaft gëtt gären als oppen an tolerant duergestallt. Ass dëst och sou vis-à-vis vun de Kënschtler?

Tonnar Ech hunn den Androck, datt an der Lëtzebuerger Gesellschaft eng generell Mefiance vis-à-vis vum Kënschtler besteet. De Kënschtler gëtt dacks net respektéiert a seng Aarbecht ignoréiert. Och vun der Press. Et gëtt sech net mat deem ausernee gesat, wat hei am Land produzéiert gëtt. Dat huet mech fréier opgereegt, haut stinn ech éischter driwwer. Ech hunn d’Leit mat menger Konscht eréischt richteg erreecht, wéi ech menge Kanner nogelauschtert hunn, an op sozialen Netzwierker aktiv gi sinn.

Ma déi negativ Haltung vis-à-vis vum Kënschtler fënnt een och an de Gesetzestexter, wéi deem iwwert d’Kënschtlerstatut, erëm. Et muss een zum Beispill dräi Joer als fräischaffende Kënschtler aktiv gewiescht sinn, fir eng Hëllef ze kréien, wann een eemol keen Optrag huet. Ma wann ee bis dohi kënnt, geet et meescht och ouni déi Hëllef. A mengen Ae muss hei eng Ännerung kommen: D’Hëllef vum Staat soll een Encouragement virun allem fir Jonker sinn, muss also méi liicht zougänglech ginn.

Leider gëtt d’Kreativitéit och an eise Schoule vernoléissegt. Woubäi kreativ sinn et erlaabt, nei Weeër ze fannen. Schued och, datt et allgemeng ënnert de Kënschtler keng grouss Solidaritéit gëtt. Well et kaum Compagnien a Kollektiver gëtt, an dat och net ënnerstëtzt gëtt, sinn déi meescht konditionéiert, just no sech ze kucken.

Wat sech an der Kulturzeen am Verglach zu virun 20, 30 Joer geännert huet, ass, datt et haut vill méi Kënschtler, speziell am Schauspillermilieu gëtt, déi dës Aarbecht haaptberufflech maachen. An der Musekszeen schéngt Dir mir do nach e bëssen eng Ausnam ze sinn; Dir krut jo och virgeworf „fils de famille riche“ ze sinn. Kënnt een ouni finanziell Ofsécherung, zum Beispill duerch de Partner, als Musekskënschtler iwwert d’Ronnen?

Tonnar Am Theater sinn d’Leit effektiv besser organiséiert. Wann ee bei eis vun der Musek liewe wëllt, geet een an d’Militärmusek, oder et gëtt ee Proff an engem Conservatoire... Déi, déi dat net maachen, an eleng vun hirer Musek liewen, kann een op enger Hand opzielen. Wou ech ugefaangen hunn, lëtzebuergesch Texter ze schreiwen an ze sangen, krut ech gesot, do hätt ech kee Publikum. De Géigendeel ass passéiert. Mir mussen deemno fort vu verschiddenen Idées reçues. Awer da bidde mer an der Rockhal Workshoppen un, déi just op d’international Zeen ausgeriicht sinn, op Business. Déi hunn dach näischt mat deem ze dinn, wat e Kënschtler zu Lëtzebuerg wësse muss.

Wëll Dir dann net mol selwer sou ee Workshop organiséieren?

Tonnar Ech sinn Autodidakt, an eigentlech ee schlechte Pedagog. Ma et wär ze iwwerleeën. Ech kënnt jo vu mengen Erfarunge schwätzen.

2013 krut Der den Ordre du mérite du Grand-Duché de Luxembourg am Kulturministère iwwerreecht. Wat war den Ophänkert a wat bedeit dës Auszeechnung Iech?

Tonnar Deemools kruten eng ganz Rei Kënschtler eng Medail aus den Hänn vun der Madamm Modert, fir wat genee, weess ech net. Fir mech selwer hunn ech dat als eng Zort Unerkennung fir meng Aarbecht gesinn, u sech ee sympathesche Geste. Ma vu lénker Säit sinn ech vernannt ginn, firwat ech déi Medail unhuele géif... Fir mech war dat awer och ee gewësse Message u verschidde Leit: Gesitt der, dir hutt net de Monopol iwwert eis Identitéit.

Indirekt krut Der 2016 och eng „Publikumsauszeechnung”: Bei enger vum Kulturministère an Optrag ginnener Ëmfro gouf Dir mat 9 Prozent vun de Leit, déi Iech genannt hunn, als dee bekanntste Kënschtler vu Lëtzebuerg geout. Kënnt Dir Iech nach erënneren, wat Der duecht, wou Der dëst matkrut?

Tonnar Eigentlech war ech schockéiert iwwert déi 44 Prozent, déi bei där Ëmfro kee Lëtzebuerger Kënschtlernumm nenne konnten. U sech hunn ech sou Rankingen net gär, well se Konkurrenzdenken ënnert de Kënschtler provozéieren. Mir ass léiwer, déi kënschtleresch Aarbecht, de Kënschtler respektiv d’Kënschtlerin gi valoriséiert. Wat zu Lëtzebuerg net genuch geschitt.

Et kann een de Serge Tonnar net ouni säin Engagement fir d’Flüchtlingen denken. D’lescht Joer gouf et „Millen Sessions“, 2016 „Letters from Luxembourg“ mat der Dänzerin Sylvia Camarda zesummen. Gouf et ee Schlësselerliefnes, dat Iech derzou bruecht huet, Iech fir d’Leit op der Flucht anzesetzen?

Tonnar 2002 war ech am Foyer Don Bosco um Lampertsbierg. Ech hu gesinn, wéi d’Leit do liewen. Dat sinn elo 18 Joer hier – an et huet sech bis haut näischt geännert. Deemools hunn ech d’Lidd „Kossovomoss“ geschriwwen. Eigentlech engagéieren ech mech net fir d’Flüchtlingen, mee fir d’Lëtzebuerger Gesellschaft, ech well Lëtzebuerger a Flüchtlingen zesummebréngen, an esou zum soziale Fridde bäidroen. 2015 hunn ech duerfir d’Initiativ „Mir wëllen iech ons Heemecht weisen“ an d’Liewe geruff, där hiren Objet d’Fërderung vum interkulturellen Austausch ass. Et geet also drëm, d’Kultur ze benotzen, fir d’Leit zesummenzebréngen. 2015 hat ech den Androck, de Staat wär opgrond vum Flüchtlingszoustrom iwwerfuerdert, a jiddweree misst am Kader vu senge Méiglechkeeten eppes derzou bäidroen, datt eis Gesellschaft net ausernanerbrécht. Ech maachen also – wéi vill aner, déi sech fir d’Flüchtlingen an d’Zesummeliewen asetzen – d’Aarbecht vum Staat. Ma ech hunn den Androck, et ass net onbedéngt gewollt, datt et zur Integratioun kënnt – well dat gëtt da problematesch, wann d’Leit an hir Kanner nees zréck an hiert Heemechtsland geschéckt ginn.

Wäert Dir an dësem Joer nees ee Projet a puncto Flüchtlingen ëmsetzen?

Tonnar Mir maachen dauernd Projeten, mol méi klenger, mol där, déi an d’Ëffentlechkeet kommen, wéi d’lescht Joer „Millen Sessions“, dee vill Uklang fonnt huet. Am Mäerz kritt eis Associatioun zwee nei Hallefdaags-Mataarbechter, da kucke mer fir weider nohalteg Projeten op d’Been ze stellen. Ech hoffen, datt den Ausseministère, dee jo lo fir den Accueil zoustänneg ass, déi ganz Fro méi mënschlech ugeet, wéi dëst an der Vergaangenheet de Fall war.

Säit 25 Joer gëtt et de Kënschtlerkollektiv MASKéNADA, deen Dir matgegrënnt hutt. Ech brénge MASKéNADA mam Dan Tanson an dem Marionettefestival zu Toodler a Verbindung – leien ech do falsch?

Tonnar Dat ass schonn esou. MASKéNADA huet de Marionettefestival 2001 an d’Liewe geruff, den Dan Tanson war deemools bei eis, spéider huet hie MASKéNADA verlooss. De Marionettefestival war am Ufank op verschidde Plazen am Éislek, an ass eréischt méi spéit all zwee Joer zu Toodler organiséiert ginn. 2011 huet MASKéNADA de Projet als Organisateur un d’Rotonden ofginn, einfach, well si besser opgestallt sinn, fir sou eng grouss Manifestatioun ze begleeden. Enn 2019 hunn d’Rotonden awer matgedeelt, kee Festival méi maachen ze wëllen.

Dat trotz dem grousse Publikumserfolleg?

Tonnar Ech kennen de Grond net genee, a sinn der Meenung, datt een de Festival net sou einfach opgi kann. Ech wäert do nach nohaken.

Wat sinn déi aktuell Aktivitéite vu MASKéNADA? Gëtt et een Anniversairesprogramm?

Tonnar Ech sinn elo nees President vum Kënschtlerkollektiv, domat hat ech net gerechent. Fir den Anniversaire maache mer keng grouss Party. Mir hunn awer am September en interessante Projet an de Staatsarchiven, wou Performance, Danz, Schauspill kombinéiert ginn. Dat Flott ass, datt d’Staatsarchive keen eigentleche Raum fir ee Spektakel sinn, dat mécht d’Saach méi spannend.

Viru kuerzem hutt Dir mam Philharmoneschen Orchester „De Pier an de Wollef“ opgeholl – ee ganz flotte Projet, dee jo doranner besteet, de Kanner d’Museksinstrumenter méi no ze bréngen. Ma mech irritéiert den Titel: Sollt et net „De Pierchen an de Wollef“ heeschen? Ass dëst, well et dee scho gouf? Wat huet Iech speziell un deem Projet gereizt?

Tonnar Op däitsch ass et jo och „Peter und der Wolf“, net „Peterchen”. No menger Paus 2018 – e Joer, wou ech e bësse reese wollt, an och kucken, wat Neies kënnt, huet dee Projet gutt gepasst. Ech hunn den Text nei iwwersat an dobäi den Diminutiv ewechgelooss; e gouf dunn mam OPL opgeholl.

Wat kënnt Dir iwwert de Projet verzielen, deen Dir mat de Kanner aus dem Mierscher Kannerduerf realiséiert hutt?

Tonnar Dee Projet – „ënnert eis“ - gouf 2017 vu MASKéNADA realiséiert. Eigentlech hat d’Kannerduerf gefrot, ob ech net e Lidd mat hinnen zesumme maache kéint. Dat huet mer e bësse langweileg geschéngt. Dofir hu mer dunn e Projet realiséiert, an deem d’Kanner implizéiert waren, mat um Schluss engem Lidd. Allgemeng gefale mir partizipativ Projete gutt. Et ass méi Aarbecht wéi mat professionelle Kënschtler, wou jiddweree seng Roll kennt. Et kascht vill Energie, ma et ass derwäert.

Är Texter sinn zum Deel provokativ. Ma nach ass et Äre Fils, dee wéinst engem Liddertext viru Geriicht steet. Wou ass de Prozess drun a wéi schätzt Dir de Grad vun der Meenungsfräiheet zu Lëtzebuerg an?

Tonnar Enn Februar ass den Appell. Wat d’Meenungs-, oder besser d’Konschtfräiheet ugeet, sou stellt sech d’Fro, op wéi eng Manéier s de eng ëffentlech Persoun ugräifen däerfs. Ech sinn der Meenung, datt dat Satiresch-Provokatiivt zougelooss si muss. Mäi Bouf ass wéinst „injure“ ugeklot – dat ass fir mech schwéier nozevollzéien. An nach manner verstinn ech dem Staat säi Virgoe vis-à-vis vun engem jonke Kënschtler – ëmmerhi gouf ee Protokoll vu 1.500 Euro gefrot an d’Dier opgemaach fir Schuedensersaz vu bis zu 20 000 Euro. Ze denke gëtt, datt bis ewell aus der Kulturzeen keng Solidaritéitsbekundung am Fall Tun Tonnar koum, keng Reaktioun. Dëst schockéiert mech a bestätegt: Zu Lëtzebuerg kucken d’Kënschtler haaptsächlech no sech.

Kann ee mat Konscht eppes an de Käpp vun de Leit änneren?

Tonnar An de Käpp an an den Häerzer. Stellt Iech emol eng Welt ouni Konscht vir, dat wier dach eng ganz traureg Welt. Konscht beréiert. Ob se och bekéiert, ass eng aner Fro.

Hunn d’Lëtzebuerger Humor – oder hu se keen?

Tonnar Den typesch Lëtzebuerger Humor ass buedemstänneg, graff, wat awer och poetesch si kann. Heiansdo feelt dee gesonde Selbsthumor, dee jo och en Zeeche vu sozialer Intelligenz ass. Dee bëllegen Humor, à la Déckkäpp oder Hoppen Théid, hunn ech net gär, deen huet fir mech méi mat Arroganz ze dinn.

D’lescht Joer hutt Dir ee ganz spezielle Projet realiséiert: Dir hutt d’”Buch vum Wee“ vum Lao Tse op Lëtzebuergesch iwwersat. Kann een dat einfach fräi iwwersetzen? Ginn et do keng Rechter, déi een ufroe muss?

Tonnar D’Buch gouf virun 2.500 Joer geschriwwen, also, do ginn et keng Rechter méi, an immens vill Iwwersetzungen. Fir d’Iwwersetzung op Lëtzebuergesch hunn ech mech op däitsch, franséisch an englesch Virlage baséiert – et ass keng eng wéi déi aner. Et sinn ëmmer Interpretatiounen. Dat Buch kann een eigentlech net iwwersetzen.

Vum „Techneschen“ ofgesinn, wat ass Äert Uleies?

Tonnar Ëmmerhin ass et eent vun deene meescht iwwersate Bicher op der Welt, an zu Lëtzebuerg nach net wierklech bekannt. D’Buch ass an Zesummenaarbecht mam Moler Jean-Marie Biwer entstanen, dat ass d’Kiischt um Kuch.

Wéini kann ee mat engem neie Song vum Serge Tonnar rechnen?

Tonnar Keng Anung! Am Moment schaffen ech mam Georges Urwald zesummen, mir arrangéieren an interpretéiere Lëtzebuerger Lidder aus dem 19. Joerhonnert op eng komplett aner Manéier. Dës ginn am Mee am Kapuzinertheater presentéiert.

A wéi ass et mat enger neier Band?

Tonnar Hm. Ech war selwer net op en Enn vu Legotrip virbereet. Fir mech mécht et elo kee Sënn, eppes Neies ze forcéieren. Ech loossen et kommen, wéi et kënnt.

Dir waart Iech „De Stamminee“ am Mierscher Kulturhaus ukucken. Wat ass Ären Interêt um Pir Kremer?

Tonnar Ech sollt ee Moment do matspillen... Eigentlech war ech wéinst dem Claude Mangen do. Ech kennen hie scho laang, ech hunn him vill ze verdanken, wat den Theater ugeet. Mam Wierk vum Pir Kremer hat ech ze dinn, wou ech eng Audio-Dokumentatioun iwwert d’50er Jore fir de Musée vun der Stad Lëtzebuerg gemaach hunn. Anerersäits hunn ech den Aly Bintz an d’Micky Erpelding kennegeléiert, wou ech mam Escher Liewensfrou meng éischt Erfarungen op der Bün gesammelt hunn. Ech sinn also e puer echte Lëtzebuerger Personnagen aus der Vergaangenheet begéint.

Ass de Serge Tonnar ee Rebell, dee gezwongen ass, am Stroum matzeschwammen?

Tonnar Vläicht sinn ech e bëssen „Bobo“ – also Bourgeois bohémien. Zu Lëtzebuerg ass ee séier ee Rebell, soubal een e bësse kritesch ass, respektiv sech an der Gesellschaft engagéiert. Ech sinn elo net Rebell, fir Rebell ze sinn, ma soen, wa mech eppes revoltéiert. Soe mer, ech si souwuel etabléiert wéi revoltéiert. Dat eent verhënnert net dat anert. Allgemeng hues de méi Fräiheeten zu Lëtzebuerg, wann s de bis unerkannt bass. Ech hunn och festgestallt, datt ech à la longue méi Respekt entgéintbruecht krut, wann ech mech géint Saache gewiert hunn, déi mer géint de Stréch goungen. Ech probéieren éierlech ze sinn, an zu mer selwer ze stoen. Et kritt een net méi Unerkennung, wann ee sech kleng hält. Duerfir soll een net fäerten, seng Meenung ze soen. •