LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

An dëser Woch wëlle mir iwwert „Fake-News“ opklären, déi am Zäitalter vu soziale Medien ëmmer méi opdauchen. De Problem ass, datt d´Leit dës Fake-News gleewen a keng aner Source vun Informatiounen erunzéien. Dowéinst gouf dann och d´Wuert vum Joer 2016 „postfaktesch“. Dësen Artikel soll beschreiwen, wat Fake-News sinn an d’Lieser op dës Problematik opmierksam maachen.

Fake-News sinn einfach fräi erfonnten Noriichten, déi ouni Recherchen a Wëssen op de sozialen Medien gedeelt ginn. D’Zil ass et, Suen ze maachen an/oder politesch Meenungen an Entscheedungen ze beaflossen. [1]

E Beispill vun der éischter Motivatioun ass d’Falschmeldung, datt eng berühmt Persoun gestuerwen ass, déi dorop geziilt huet, sou vill wei méiglech „Klicks“ ze kréien an esou méi Suen duerch Werbung anzekasséieren. Mee „Fake-News“ kënnen och d´Zil hunn, d´Mënschen ze manipuléieren a sou politesch Entscheedunge geziilt ze veränneren. Ee Beispill dofir ass d’Falschmeldung, datt    een 13 Joer aalt Meedche mat russesche Wuerzele vun engem Flüchtling vergewaltegt soll gi sinn. Mee déi däitsch Police huet dëse Virworf als falsch deklaréiert. Trotzdem si vill Russen an Däitschland demonstréiere gaangen an de russeschen Ausseminister huet sech souguer zu Wuert gemellt. Doduerch soll Däitschland destabiliséiert ginn oder och d’Bundeskanzlerin Angela Merkel geschwächt ginn. [2]

Emotiounen méi wichteg wéi d’Fakten

An dësem Joer huet een dann och oft d’Wuert „postfaktesch“ héieren. „Postfaktesch“ erkläert einfach, datt d’perséinlech Wuelbefanne e méi staarke Grond ass, eppes ze gleewen, wéi sachlech Argumenter oder Fakten. D´Emotioune sinn also méi wichteg wéi d’Fakten. Mee et soll ee sech net mat deem „postfakteschen Zäitalter“ zefridde ginn a mat Argumenter an der Wourecht argumentéieren. Leider gleewen d’Leit deenen Argumenter awer oft net. Et ass nämlech psychologesch bewisen, datt d’Leit Informatioune net gleewen, déi hiren bisheeregen Informatiounen widderspriechen. Dat bedeit also, datt déi éischt Informatioun, déi eng Persoun liest, immens wichteg ass - egal ob „echt“ oder „fake“. Vill Analysten gesinn an esou „Fake-News“ e Problem fir d’Politik, well keng gemeinsam Grondlag fir Diskussioun méi besteet. Esou ginn dann zum Beispill „Fake-News“ zum Deel fir de Brexit an dem Trump seng Victoire matverantwortlech gemaach. [2b]

Wéi kann een deene Fake-News dann elo entgéint goen? Allgemeng soll een ëmmer hannerfroen, wéi eng Persoun/Zeitung/Internetsäit op seng Behaaptungen kënnt. [3] Et ginn dofir Internetsäiten, déi sech op dee Problem mat de Fake-News spezialiséiert hunn. Wéi zum Beispill „mimikama.at“. Des Säit kontrolléiert, ob best?mmte Meldunge falsch kéinte sinn an da stelle si Recherchen un. „Hoaxmap.org“ huet sech op Falschmeldunge vun Asylbewerber spezialiséiert. Op enger Landkaart vun Däitschland kann een da kucken, wéi eng Meldunge falsch sinn. „bildblog.de“ huet näischt mat der BILD-Zeitung ze dinn, mee si recherchéieren Artikele vun der däitscher Press an TV-Sendungen, ob déi Saache richteg sinn, déi publizéiert oder ausgestrahlt ginn.

Mee Dir kënnt och selwer Recherchen ustellen a kucken, op äre geliesten Artikel richteg ass oder ob et sech ëm een „Hoax“ handelt. Do kënnt Dir dann einfach bei Google ären Artikel sichen a wann oft de selwechten Artikel gewise gëtt, dann ass d’Chance grouss, datt et sech ëm eng Falschmeldung handelt. Zudeem kann ee bei Google och Biller noverfollegen a kucken, ob déi valabel oder an e falschen Zesummenhang gesat goufen. [4]

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

An dësem Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil:  Politesch Themen erklären an fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Woche-Rhythmusfannt Dir op dëser Plaz den Bäitrag. All Artikelen, den Politik-ABC a weider Informatiounen ënner ...
www.association-narin.com