LËTZEBUERG
SAMUEL HAMEN

Een Interviewportrait vun der Schrëftstellerin Josiane Kartheiser

Déi eng proposéiere fir d’Gespréich de Café des Artistes, déi aner lueden an d’Kantin vun hirem Lycée an. All Auteur huet seng Preferenzen, wann et ëm d’Plaz fir den Interview geet. Der Schrëftstellerin Josiane Kartheiser ass et „pupegal“. Et ass e puer Deeg viru Silvester, mir sti virum Cercle a wëssen net, wouhi mat eis. Ier mir dann awer am Namur landen, nieft de Stader Dammen sëtzen an Eclairen an eis erastiechen, eenege mir eis op d’Chocolate House vis-à-vis vum Palais.

Viru kuerzem huet d’Kartheiser hiert neiste Buch am Selbstverlag erausbruecht: „Ech a mäi Selfie“. Déi satiresch Kuerzgeschichten an essayaarteg Reflexioune beschäftege sech mat der moderner Technologie, mat eisem gesellschaftleche Matenaner a mat den Topegkeeten, deene mir all Dag an all Nuecht ausgesat sinn. Kuerz: Et si séier an nawell bësseg Texter iwwert d’Liewen am 21. Joerhonnert. Gesäit d’Kartheiser sech als Moralistin? Als Kulturkritikerin? „Ech analyséiere vill, gären och gesellschaftskritesch, mee ech wëll keng Moralistin sinn. Wat soll ech de Leit dann och als Moral virhalen? Ech kennen d‘Äntwerte selwer net.“

Zënter 1978 publizéiert si elo schonns, et huet ugefaange mat „Flirt mit Fesseln“, engem Recueil vu Gedichter a Kuerzprosa. Zënterhier sinn 21 weider belletristesch Bicher dobäikomm, d’lescht Joer „Kauf Dir doch ein Leben!“, eng Textsammlung, déi vum Toun hir ganz ähnlech ass wéi „Ech a mäi Selfie“. Nieft hire literaresche Projeten huet si laang Zäit als Journalistin an als Sproocheproff um Centre des langues geschafft, bis si du viru sechs Joer an d’Pensioun goung.

Journalist oder Auteur?

An engem Text aus „Ech a mäi Selfie“ heescht et: „Dobäi weess ech net sou richteg, wat méi staark ass: mäin ale Reflex als Journalistin oder mäin Hang zum Geschichten-Erfannen“. Wat ass dann elo méi staark? Als wat gesäit si sech éischter, als Journalistin oder als Auteur? Oder léisst sech dat guer net trennen? Fir d‘éischt kréien ech eng ganz brav Äntwert zerwéiert: Béid Facettë wieren interessant, et géif ëmmer ëm d’Mënschen an hir Geschichte goen. Dat ass jo albekannt a vill ze diplomatesch, dowéinst forcéiere mir elo d’Fro: Wann d’Josiane Kartheiser sech entscheede misst tëscht journalistescher a schrëftstellerescher Schaff - wat wier haut hire Choix? „Also haut géif ech ganz kloer soen: Schrëftsteller. D’Aarbecht als Journalistin war fir mech immens wichteg, well et mir erlaabt huet, d’Gesellschaft hei kennenzeléieren an un d’Leit erunzekommen. Mee elo géif ech mech fir d’Literatur entscheeden. Als Schrëftsteller huet ee méi Fräiheeten, mat der Realitéit ëmzegoen. An et muss ee sech där Realitéit aussetzen.“

Ëmmer nees glëtsche mir vum Buch, wéinst deem mir eis jo eigentlech getraff hunn, ewech a lande bei méi generelle gesellschaftleche Sujeten. Séier mierkt een: Et geet der Kartheiser net dorëms, als Auteur den eegenen Nuebel ze inspizéieren an d’Literatur géint d’Realitéit ofzeschotten. Ganz am Contraire, et geet hir ëm eng Ouverture, ëm eng Konfrontatioun tëscht der eegener Mentalitéit mat der gesellschaftlecher Realitéit. An de Geschichte geet et beispillsweis ëm de Fortschrëtt an de liberale Gesellschaften an ëm déi nei Asozialitéit, déi eis duerch d’sozial Medien entgéintschléit.

Dobausse leeft elo eng desorientéiert Grupp Touriste laanscht de Palais, nieft hinne steet de Militärmänni a sengem Schapp a probéiert, net am Wand ze wackelen, am Café leeft am Hannergrond vill ze haart d’Lidd „Murder on the Dancefloor“ vum Sophie Ellis Bextor. Huet d’Kartheiser hei an elo de Reflex, aus allem a jiddwerengem eng Geschicht ze maachen? „Ech hunn tatsächlech mat Texter iwwert d’Stad ugefaangen, kleng, atmosphäresch Prosastécker a Gedichter. D’Gedichter sinn am Bistro entstanen, spontan op Béierdeckelen. Ech war als Schrëftstellerin zeideg, dat hunn ech do gemierkt. An d’Stëmmungsbiller sinn op der Plëss entstanen, sou huet et bei mir ugefaangen.“

Wou bleift de Liewenshonger?

Dann eng batterséiss Fro, fir net ganz an der zocker-eger Atmosphär hei am Chocolate House ënnerzegoen: Wier d’Schreiwe vun enger Autobiographie da kee Projet fir d’Pensioun? Falls si sech ze vill langweilt? „Dat wëll ech net, ech sinn ee Mënsch, dee seng Diskretioun wëll. Souwisou ass a menge Geschichten ëmmer eppes bäigefléckt, och wann do een ‚Ech‘ virkënnt. Mee natierlech ginn d’Personnagë mat mir al, ganz dacks ass et eng Fra vu Mëtt 60, aus där hirer Perspektiv ech erzielen. Et ass och no sou ville Joer net einfach, sech beispillsweis an ee Mann vun Enn drësseg eranzeversetzen. Ech géif net ongär ee Roman schreiwen, dat war ëmmer mäin Dram. Mee ech si schonns sechs Joer an der Pensioun an hu kee geschriwwen. Ech weess net, ob ech dat a mir dranhunn.“

Wier d’Kartheiser dann am Joer 2016 nach eng Kéier gäre jonk? Zweiwel an den Aen. Stëllt. Tëscht der Zockerdéco un de Maueren an der Vitrine mat de risege Stécker Kuch gesäit si an hirer gouereger Dezenz op ee Mol e bësse verlueren aus. Een Hin an Hir an der Stëmm, endlech hir resolut Äntwert: „Fir alles nach eng Kéier ze duerchliewen: da ganz sécher net. Mee fir nach eng Kéier déi optimistesch Approche un d’Liewen ze hunn: dann honnertprozenteg. Dee Liewenshonger vermëssen ech. Haut duerchkuckt een alles vill méi einfach; et weess een ze séier, wéi alles leeft.“