LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder: iwwert Bränn am Amazonas

Säit dem Summer sinn d’Bränn am Amazonasgebitt duerch déi ganz Medielandschaft present. Mee ëm wat geet déi ganz Diskussioun a wat bedeiten déi Bränn allgemeng? Dat gitt Dir dës Kéier an der Rubrik „A 500 Wierder“ gewuer.

D’Welt kuckt op Latäinamerika, ob d’Bränn vum Reebësch, déi aktuell virun allem a Brasilien sinn. Mee et brennt och op anere Plaze vun der Welt: an Afrika si massiv Bëschbränn, an Indonesien an och a Russland, déi sibiresch Taiga. D’Bëschbränn hunn a Russland zum Beispill eng Gréisst vun zirka 11 Milliounen Hektar. D'Ëmweltschutzorganisatioun Greenpeace huet matgedeelt, datt säit ufanks dem Joer scho knapp 15 Milliounen Hektar Bësch verbrannt sinn.

D’Bränn setze vill CO2 fräi, wat de Klimawandel beschleunegt. Zudeem kënnen déi verbrannten Deeler vum Bësch keen ëmweltschiedleche CO2 méi späicheren. Well de Reebësch vum Amazonas eent vun deene wichtegsten Ökosystemer ass, ass d’Klima an och d’Aartendiversitéit a Gefor.

D'Erneierung brauch Joerzéngten

Mee wou besteet den Ënnerscheed tëscht dem Bëschbrand am Amazonasgebitt an de Bränn an Afrika? Fir dat ze verstoen, muss ee sech froen, wat déi natierlech Ëmstänn sinn. An den afrikanesche Länner brenne Savannen. Dat si meeschtens verschidde Grieser, déi schnell Feier fänke kënnen. Duerch déi Bränn entsteet erëm Dünger, an d’Grieser kënne séier nees nowuessen. Dat ass aneschters bei engem Bësch. Bëschbränn sinn och natierlech a si fir de Kreeslaf vun der Natur wichteg, mee d’Bëschbränn ginn et ëmmer méi oft a méi grouss. Doduerch ginn déi schonns beschriwwe wichteg an nëtzlech Funktioune vum Bësch verluer. D’Déiere verléieren hire Liewensraum an de Bësch brauch Joerzéngten, bis e sech rëm erholl huet. Eng Savanne wiisst einfach méi séier no wéi ë Bësch, mee dowéinst sollen déi Bränn an Afrika net verharmloost ginn. De Reebësch beim Amazonas späichert méi CO2 wéi d’Savanne an Afrika. Generell späichere Bëscher, déi net vum Mënsch beaflosst goufen, méi CO2. Dowéinst ass de Reebësch esou wichteg.[1]

Et brennt och a Sibirien, eng Regioun a Russland. Och do si Bëschbränn am Summer normal, mee och hei sinn déi Bränn méi grouss an dauere méi laang. De Buedem ass gefruer, dat ass wichteg, well de Buedem an der Géigend vill CO2 späichert an och well sech am Buedem vill Reschter vu Planzen an Déiere befannen. Wann déi Bränn méi staark ginn an d’Klima sech verännert, kann et a Sibirien méi waarm ginn. Dat huet als Effet, datt CO2 aus dem Buedem fräigesat gëtt an datt déi natierlech Iwwerreschter sech mat der Hëllef vu Bakterien zersetzen. Dat setzt enorm Quantitéite CO2 a Methan fräi, wat d’Klima immens staark beaflosse kann.[2]

A Brasilie gi vill Bränn bewosst geluet, fir Land ze gewannen. Dat nei gewonne Land gëtt da fir den Ubau vun Déierefudder Soja oder fir d’Fleeschproduktioun genotzt. Och wann d’Welt op de brasilianesche President Jair Bolsonaro weist, sinn d’Liewensgewunnechte vun eiser Gesellschaft eng vu villen Ursaachen.[3]

Quellen a Links:

1) tinyurl.com/a500wreebesch1
2) tinyurl.com/a500wreebesch2
3)
tinyurl.com/a500wreebesch3

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

Virun dräi Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag.
All Artikelen, de Politik-ABC a weider Informatiounen ënner a500wierder.lu an association-narin.com