LËTZEBUERG
SAM MERSCH

Wat si Flouernimm, wou fënnt een se a wéi kann een se dokumentéieren?

Wat genee ass e Flouernumm? D’Definitioune streide sech iwwer d’Detailer, mee et ass kloer, datt Flouernimm sougenannten Toponymme sinn, also Nimm, déi Plaze bezeechnen. Dat Einfachst ass, déi allgemeng Definitioun unzehuelen, nämlech Flouernimm sinn, anescht wéi Nimm vun den Uertschaften, Bezeechnunge vu Plazen, déi fréier net bewunnt waren oder elo net méi bewunnt sinn. Dat ëmfaasst dann och Plazen, déi an der Zäit emol eng Uertschaft waren, wou awer haut keen Haus méi ze fannen ass, an och déi Plazen, déi méi oder wéineger rezent bebaut gi sinn.

Flouernimm fënnt een op zwou Manéieren. Entweeder geschriwwen an (alen) Dokumenter, zum Beispill beim Kadaster, oder eeben am Volleksmond. Et ass nu sou, datt d’Flouernimm ursprénglech alleguer aus dem Volleksmond kommen. Well et awer eng mëndlech Traditioun war (an nach ass), hunn dës Nimm missen néiergeschriwwe ginn, wann et ëm rechtlech oder steierlech Aspekter um Land gaangen ass. Zum Beispill wann e Stéck Land verkaaft oder eng nei Agrarsteier ageféiert ginn ass, an dofir huet misse kloer sinn, wat fir Erträg op wéi enge Felder erakomm sinn. Sou ass och de Kadaster entstanen, fir eeben all (déi wichteg) Plazen opzehuelen an esou eng rechtlech Grondlag ze hunn.

Urkadaster an Urkunden

Wann een elo déi mëndlech Traditioun vun de Flouernimm net kennt, da fënnt ee wuel déi meeschten Nimm am Kadaster, wann och ganz dacks an däitscher Form, virun allem am Urkadaster, der Basis vun eisem moderne Kadaster. Dat ass doduerch bedéngt, datt zum engen de Beamten am 19. Joerhonnert net onbedéngt de Lokaljargon verstanen huet, zum aneren awer och, datt dat Houdäitscht als Standardform fir d’Verschrëftlechung geholl ginn ass.

Ganz markant ass, datt virun allem déi Wierder, déi een net einfach kann an d’Houdäitscht iwwersetzen, och an där lëtzebuergescher Form am Urkadaster ze fanne sinn – zum Beispill d’Uecht (fir den hënneschten Deel vun eppes). Déi fënnt een an der Form Uecht zu Mompech, als Oicht zu Péiteng, Oacht zu Iechternach, Auicht zu Greiweldeng an Oocht zu Néngsen an deene verschiddensten historeschen Dokumenter. Dobäi sinn d’Uechte scho relativ al, well se schonn am 13. Joerhonnert op d’mannst fir Gréiwemaacher bekannt sinn. Sou heescht et an enger laténgescher Urkund: croade mee in Macra que vulgariter Aita nuncupatur, woubäi Aita hei eng Verformung vum Wuert Uecht ass, déi zu där Zäit nach Aacht(en) geheescht huet.