LËTZEBUERG
ROSCH KRIEPS

Erënnerungen un de Jos Anen

De Jos Anen an ech waren am selwechten Alter. 1926 gebuer, hate mir eis am Hierscht 1939 op der Septième am Kolléisch kennegeléiert, nach just iert den 10. Mee 1940 dem Hitler seng Wehrmacht eist Land besat huet. Mat eisen deemols 14 Joer gouwe mir Bouwen vun de Preisen net nëmmen an der Schoul mat „der deutschen Heldengeschichte“ an dem „täglichen Wehrmachtsbericht“ - wéi si soten - „umgeschult“. Mir an eis Elteren gouwen och ënner Drock gesat, mir miissten an
d’„Hitlerjugend“ goen, a wa mir net all Woch de Stempel op eiser „HJ-Karte“ virweise kënnten, géiwe mir „von der Schule verwiesen“.

E Kopleschter Jong

De Kopleschter Jong Jos Anen war keen opfällege Schüler. Och hien hat d’Preisen net gäer. Mee hien ass eréischt opgefall, wéi hien 1943 op emol net méi an d’Schoul koum. Hie war einfach verschwonn. Kee wousst wouhin.

Eréischt no der Liberatioun ass hien mat senge knapps 16 Joer op emol erëm opgedaucht, an zwar an enger amerikanescher GI-Uniform. En huet ganz erwuessen ausgesinn, wéi een, dee wouhi wousst. Hie war aktiv an der Resistenz an elo an der Miliz. Wéi ech hien duerno emol begéint hunn, sot en, hie géiw an der Zeitung vun der Resistenz, der „Unioun“, Journalist ginn,

Journalist wollt ech och ginn. Emol war ech mech an d’Redaktioun vnn der „Unioun“ viirstelle gaang, war vum Chefredakter Albert Hoefler duerch säin décke Brëll schaarf bekuckt an erëm heem geschéckt ginn. Ech war ze jonk. Ech soll mech no engem oder zwee Joer mol erëm mellen.

De Jos Anen war tatsächlech Redakter an der „Unioun“ ginn an huet ënnert dem ausgezeechente Léiermeeschter Albert Hoefler seng éischt journalistesch Spore verdéngt. Hien huet niewelaanscht seng verluere Kolléischjoeren nogemaach an ass no der Première an d’Schwäiz op eng héier Schoul Journalissem studiere gaang. Nom Albert Hoefler huet hien an der „Unioun“ als fest ugestallte Redakter ënnert dem Camille Linden a spéider ënnert dem Henri Koch-Kent geschafft.

1948 koum ech an nach méi an enke Kontakt mam Anens Jos. Wéi d’„Unioun“ mat der „Obermosel-Zeitung“ vu Gréiwemaacher fusionéiert huet an als „Letzeburger Journal“ nei erauskoum, huet d’Redaktioun fräi Mataarbechter gesicht. Du huet de Camille Linden mech emol gefrot, ech soll fir si eng kuerz deeglech Rubrik nom Modell vum Batty Weber sengem „Abreißkalender“ schreiwen. Ech war Redakter am Carlo Hemmer sengem „d’Letzeburger Land“, wou eis Pei ganz moer war. De Carlo Hemmer war sech dees bewosst. Als Unhänger vun der „freie Bahn dem Tüchtigen“ huet hie mir an dem Leo Kinsch erlaabt, niewelaanscht als „free lance“ fir aner Blieder ze schreiwen an esou eist Akommes ze verbesseren. De Leo Kinsch huet als Korrespondent vum Bréisseler „Le Soir“ a vun der „Agence Reuter“ säi Verdéngscht em 8.000 Frang de Mount bal verduebelt. Ech hu fir déi belsch „Agence Belga“ fir 4.000 Frang de Mount deeglech Nouvellen aus eisem Land iwwer Fernschreiber op Bréissel geschéckt. Doniewt gouf ech „ghostwriter“ fir der „Croix-Rouge luxembourgeoise“ hir Collekten a fir dem Automobil-Club säin „auto-touring“.

Trotz däer viller Niewenaarbecht hunn ech och dem Camille Linden seng Propos fir eng deeglech Gloss am „Journal“ erfëllt, ouni natiirlech dem Batty Weber sengem historeschen „Abreißkalender“ noäiferen ze kënnen. Ech hu meng „Journal“-Rubrik „Miniaturen“ genannt. Si ass bis 1982 méi oder wéineger réigelméisseg komm, dat heescht bis den Dag, wou ech vum „Land“ fréipensionéiert gouw an net méi hunn däerfe mat Schreiwen Geld verdéngen. En éischten Zeien vun all dem gouw de Jos Anen als Chefredakter vum „Journal“. Hie gouw och doduerch e gudde Kolleg, well den „Journal“ an „d’Land“ allebéid an däerselwechter Dréckerei, der „Imprimerie Centrale“, gedréckt gouwen a mir eis dacks do begéint hunn.

Hékste Verdengschter

Seng eegen hékste Verdéngschter hat de Jos Anen sech an der éischter grousser Zeitungskrisis verdéngt. D’Zeitunge waren an de 60er Joeren vun erhéichten Onkäschten, (zum Beispill enger Hausse vum Pabeierpräis a méi héigen Personalkäschten) schwéier belaascht an hire Pub-Secteur vum Radio a vun der Televisioun konkurrenzéiert ginn. Eng Pressehëllef gouw et nach net. Déi kleng Zeitungen hu bal alleguer mat Verloscht geschafft. Den „Journal“ war redaktionell zwar eng gutt Dageszeitung ginn, mee och hien huet finanziell d’Enner net beienee bruecht. D’Krisis gouw esou uerg, datt 1964 den „Journal“ ganz verschwonn ass a vill Mataarbechter d’Dréckerei verlooss hunn.

An dëser hékster Noutsituatioun huet de Jos Anen bewisen, wat hie konnt. Hien huet seng al Frënn vun der Resistenz, de Bauereidirekter Lucien Dury an de Generalagent Alphonse Osch vun der „Assurance La Bâloise“ ugesprach, si sollen him hëllefen, de Journal retten. Hinnen allen dräi, awer och der Gedold vum Direkter Jos Dernoeden vun der „Imprimerie Centrale“ war et ze verdanken, datt den „Journal“ erëm nei eraus koum a bis haut iwwerliewt huet. Als Dank fir säin Asaz gouw de Jos Anen Direkter vun der „Journal“-Gesellschaft. Hie blouw awer gläichzäiteg och Chefredakter an als Journalist aktiv.

Als Mënsch war den Anen’s Jos bei de meeschten Kollegen - och vun aneren Zeitungen - beléiwt. Hien huet sech aus Polemiken esou wäit wéi méiglech erausgehal. Hie war nach e Journalist vun der Viirkrichsgeneratioun gewiescht, denen hiren eenzege Verband eppes ewéi e besseren Häreclub war, mat Leit un der Spëtzt wéi de Mathias (Maathy) Guillaume („Wort“), de Robert Thill („tageblatt“), den Armand (Mac) Schleich („La Meuse - Luxembourg“). Mir waren alleguer ënnertenee gutt Komeroden. De Mac war ee vun eisen Eelsten a laang President vum Verband gewiescht. Wéi de Mac spéider doutkrank, blann an aleng an der Klinik loug, koum de Jos emol extra vun Ettelbréck an d’Stad a mir zwee hunn zesummen de Mac nach emol besicht, hunn him Courage gemaach an „au revoir“ gesot. Mir ware selwer scho bei Joeren. Duerno si mir zwee een huele gaang a waren déif ergraff. De Mac ass net laang drop, den 12. November 1994, gestuerwen. Hien hat 85 Joer.

Laang duerno, de 27. Januar 2015, ass elo och de Jos Anen no enger kuerzer Krankheet vun eis gaang. Hie selwer ass erléist, mee eist Bäileed bréngt hie senger Famill net erëm. Nëmme säin häerzhaft Laachen op der leschter Foto am „Journal“ ass en Trouscht an eng schéin Erënnerung un de Jos, wéi e wierklech war.

Iwwreg bleiwt een, dee sech ëmmer méi aleng a vun alle Kollege verlooss fillt.