Ewéi virun engem Mount iwwer d’Juddeverfolgung am Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg debattéiert gouf, huet d’Tageblatt getitelt: „Das Ende einer Vergangenheit“. Grad a virun allem duerch d’Schaffe vun den Historiker ass et also haut, gutt 60 Joer dono, méiglech ginn, eng eesäiteg Perspektiv op eis Vergaangenheet z’ersetzen duerch een éierlechen a komplexen Erënnerungspanorama un d’Zäit vun der nazistescher Occupatioun. Nieft villen anere Beräicher ass och d’Literatur mat hire Geschichten doru bedeelegt, op wéi eng Manéier mir eis un déi fréier Zäiten erënneren.

Leschte Summer huet de Yorick Schmit seng Erzielung „Paenitentia“ bei Kremart Edition virgeluecht. De Plot dréit sech – ganz summaresch a mat Spoiler – ëm e Paschtouer, deen d‘Ermordung vum Brudder zu Hinzert net vergiesse kann. Ewéi hien 1951 déi Persoun erëmbegéint, der hie vum Brudder sengem Engagement an der Resistenz erzielt hat an déi de Brudder du verroden hat, erschéisst de Paschtouer fir d‘éischt de Gielemännchen an duerno sech selwer. D‘Sprooch, de Stil an d‘Kompositioun mat de villen Zäit-Niveauen an Erënnerungsspréng sinn impeccabel – eng propper, un d‘filmescht Erzielen ugeluechte Geschicht. An den Text vermëttelt e bestëmmten Usproch: De latäineschen Titel, déi pseudo-dokumentaresch Verzielweis an de Choix vum Sujet weisen, dat „Paenitentia“ net wéi sou vill aner Bicher aus der Smart-Serie kuerzweileg ënnerhale wëll, mee datt hei ee vun den ergräifendsten Themen aus der Lëtzebuerger Geschicht verhandelt gëtt. Doduerch kënnt dem Buch eng sonner Relevanz zou. Grad dowéinst ass awer och d‘Fassong, wéi an dësem Text erënnert gëtt, ze kritiséieren.

An enger eenzelner Biographie, déi vu Schold a Bouss handelt, gëtt déi kollektiv Mémoire rondrëm Hinzert fir d‘éischt kompriméiert an dann duerch de radikale Schluss zu engem zwar net verséinlechen, sou awer definitiven Enn bruecht. Mam Zouklappe vum Bichelchen ass d‘Geschicht eriwwer, an zwar souwuel déi verzielte wéi och déi historesch. D‘Protagoniste sinn dout, d‘narrativt Potential vun der Schold ausgeschöpft an dem Lieser säi Besoin no enger Grëtz grujeleger Vergaangenheet befriddegt. Am Bertolt Brecht sengem „Arbeitsjournal“ heescht et: „Sich mit Geschehenem aussöhnen – wozu sollte das gut sein? Da sind viele Enden an diesem Strick, an die noch angeknüpft werden muß.“ Bei „Paenitentia“ zitt sech kee Fuedem bis an d‘Géigewaart, an d‘Literatur gëtt op déi eng Fonktioun reduzéiert, eng atmosphäresch Retrospektiv unzebidden, eng schauerhaft elabo-réiert Polaroid-Foto vum deemolege Misär: „Ech hu mech ëmgekuckt – plakeg, schwaarz Beem, futtis Blieder um naasse Buedem, en dënne Reen, deen an der Loft danzt – an hu mer virgestallt, wéi mäi Brudder virun zwee Joer deen nämmlechte Wee gaangen ass.“

D‘Literatur gëtt an den Déngscht gestallt vun enger negativer Nostalgie, déi kulissenhaft an effizient vun hirem Sujet schwätzt. Dat, wat sech op den éischte Bléck doduerch legitiméiert, datt et sech engem historesche Sujet unhëlt, scheitert op den zweeten, méi geneeë Bléck grad um eegenen Usproch. Der Vergaangenheet hëlt ee sech net doduerch un, datt ee se hannert eng Vitrine am Musée oder an eng raffinéiert Erzielung drätscht, mee andeems een hire Repercussioune fir eis Zäit nospiert. A „Paenitentia“ awer huet d‘Geschicht – an dësem Fall d‘Zäit vun der nazistescher Occupatioun – keen Effet méi op eis ausser als spannende Plot fir eng 26-säiteg Geschicht. Wat eis, de Lieser vun 2015, no der Lecture bleiwt, ass keng zousätzlech Erkenntnis iwwer d‘Vergaangenheet an iwwer eis, eng Erkenntnis, déi sou nëmme vu Literatur ervirbruecht ka ginn. Wat hänke bleift, ass d’pittoreskt Bild vu groe Wolleken, donkele Bëscher an zwou

Läichen op enger Wiss. Ze schéin, fir wouer ze sinn.