LËTZEBUERG
SAMUEL HAMEN

D’Isabel Spigarelli schwätzt iwwert hiren neie Roman, an deem et ëm d’Sich no enger stabiler Identitéit geet

Wien ass d’Fra um Cover vun Dengem neie Roman?

Isabel Spigarelli Dat ass eng vu menge Bomien!

Dierf oder soll een d’Geschicht an „Nichts zu danken“ also biographesch liesen?

Spigarelli Dat ass schwéier ze soen. Also meng Bom hat zum Schluss och bësse Problemer domat, si war lo net wierklech dement, just eben typesch, wéi et am Alter eben sou ass. An op där aner Säit loung d’Foto um Kichendësch, wéi ech driwwer nogeduecht hunn, wéi eng Cover-Foto ech gär hätt, an dunn hunn ech fonnt, datt dat alles iergendwou gutt zesummepasst.

Firwat huet de Protagonist M als eenzegen am Roman kee ganzen Numm?

Spigarelli Also déi aner Figuren hu jo alleguerten och just Spëtznimm, an den Fro no der Identitéit an der Bestëmmung duerch de Numm fannen ech ganz interessant. Den M huet Problemer, d’Realitéit an d’Géigewaart ze faassen, him fält et souzesoe schwéier, d’Kand beim Numm ze nennen, an dowéinst kann hie sech eigentlech och selwer ni als vollstänneg erliewen. Wien ass een da selwer? Bestëmmt en Numm, jo, awer och nach méi wéi dat?

An „Nichts zu danken“ beschäftegs Du Dech mat zwee vun de grousse Literaturthemen: Léift a Stierwen. Has Du do ni Krämpes oder Angscht, datt Dir dat iwwert de Kapp wiisst?

Spigarelli Ech hunn eigentlech drop lass geschriwwen. Fir et mol ganz emphatesch auszedrécken: Am Liewe gëtt een och net gefrot, ob een sou Sujete maîtriséiere kann, et kritt een se an d’Gesit geheit, an da muss een domat eens ginn. A bei mengem Schreiwen ass et zimlech ähnlech, ech woe mech un déi Themen erun a probéieren, se a Wierder ze faassen.

Hues Du d’Buch fir Dech geschriwwen, fir Deng Gedanken sproochlech ze uerdnen? Oder hues Du et éischter fir eng Lieserschaft geschriwwen, vun där s Du ausgees, datt si sou ee Buch brauch?

Spigarelli Amfong fir mech. Ech schreiwen, fir meng Gedanken op de Pabeier ze bréngen, an dat maachen ech och scho ganz laang sou. Mat zéng oder zwielef hunn ech och scho ganz Geschichte geschriwwen, well ech einfach Loscht hat. No der Publikatioun vum éischte Buch 2012 schwéngt de Lieser fir mech awer och ëmmer méi mat. Wie liest dat? Wëll de Verlag d’Manuskript? An awer - ech hu mir fir „Nichts zu danken“ net virgeholl, e Buch just fir de Marché ze schreiwen.

D’Editions Saint-Paul ass lo net onbedéngt bekannt dofir, sech ëm Literatur a Belletristik ze këmmeren. Op der Homepage gëtt däi Roman nieft dem „Marienkalender 2016“ presentéiert. Firwat bass Du bei si gaang?

Spigarelli Ma si sinn bei mech komm, ech hat 2010 bei engem Literaturconcours matgemaach an den éischte Präis an der Kategorie „17 bis 20 Joer“ gewonnen, an dono hu si mech kontaktéiert. An natierlech hunn ech gesot, datt ech Loscht hätt.

Bësse plakativ nogefrot: Mengs Du, datt et dobäi primär ëm däi Schreiwes goung oder éischter ëm däi Profil als Auteur (jonk, weiblech), deen Opmierksamkeet a Succès versprécht? Mir falen do nach sou Nimm wéi Claudine Muno, Jasmine Braun oder Paule Daro an.

Spigarelli Wann ech elo zeréckkucken: Bei deem éischte Buch sinn ech schonn e bëssen op déi Schinn gedréckt ginn. Et war ëmmer de Label „junge Erfolgsautorin“ oder „vielversprechendes Talent“. Mä ech gesi mech och elo guer net a Konkurrenz zum Paule Daro beispillsweis, et ginn ebe vill jonk Leit, déi schreiwen.

An Däitschland kann een zu Hildesheim a Leipzig „Literarisches Schreiben“ studéieren. War oder ass dat eng Optioun fir Dech?

Spigarelli Nee, dat ass fir mech net a Fro komm. Ech fannen et schued, wann ee seet: Mir kënnen oder solle léiere kreativ ze schreiwen. Als Haaptstudium hätt ech dat einfach net wëlle maachen, sou als Cours vläicht eng Kéier, als eng Zort vun Input.

A wéi gesäit et mat enger Carrière als Schrëftstellerin aus? Dram oder konkrete Projet?

Spigarelli Ech hale mech mat Dreemen zeréck a versichen, meng Chancë realistesch anzeschätzen, mä jo, natierlech, ech wär frou, wann eppes an déi Richtung funktionéiere géif. Mä ech wëll net mäi Liewen dono ausriichten, dat ze packen. Ech géif immens gären dovu liewen, mä et ass einfach schwéier. Wie weess, vläicht schécken ech bei däitschen Editeuren iergendwann Manuskripter an a kucken, wat geschitt.

Hues Du Dir ni iwwerluecht gehat, op Lëtzebuergesch ze schreiwen?

Spigarelli Nee, ech weess och net firwat, mä zënter datt ech Däitsch kann, hunn ech all meng Saachen op Däitsch geschriwwen. Ech fanne Lëtzebuergesch einfach keng schéin Sprooch, et gefält mir net, d’Wierder kléngen dacks falsch, wann een eppes ausdrécke wëll, an iwwerhaapt ginn et einfach vill manner Wierder, fir e literarescht Wierk ze schreiwen. Wann iwwerhaapt, da géif ech éischter op Englesch oder Franséisch schreiwen.

D’Isabel Spigarelli wäert an den nächste Wochen a Méint op verschiddene Plaze liesen: den 1. Mäerz um 20.00 am „De gudde Wëllen“ an der Stad; de 24. Mäerz um 15.00 am „Libo Gare“ an der Stad; de 6. Abrëll um 20.00 am Ale Suessemer Musekssall zu Suessem feat. IRINA; den 21. Juni um 20.00 am Kulturzentrum Nëssert zu Biergem feat. IRINA.

En Donneschden an zwou Wochen, den 10. Mäerz, fannt Dir op dëser Plaz eng Kritik vum Michel Clee sengem neie Recueil „Abreise“.