LËTZEBUERG
LJ

Fënnef Froen un den adr-Chef Gast Gibéryen

Och de beschäftegte Politiker muss sech tëschenduerch e puer Deeg Rou gënnen. D’Chrëschtdeeg bidden natierlech eng gutt Geleeënheet dozou. De Fraktiounsvirsëtzenden an de Gruppeféierer vun deene Parteien, déi am Parlament vertruede sinn, hu mir dëser Deeg e puer Froen zoukomme gelooss. Haut steet eis de Chef vun der adr, Gast Gibéryen, Ried an Äntwert.

Wat ware fir Iech déi dräi politesch Highlights vun dësem Joer?

Gast Gibéryen Kuerz a bündeg: Déi offesichtlech Zerstriddenheet vun der Lénkskoalitioun, wou déi Gréng d’ideologescht Rudder fest an de Grapp geholl hunn. Déi offesichtlech Inkompetenz vun der Regierung, sief et fir sech international a fir Lëtzebuerg wichtege Froen ze behaapten, sief et fir duerch professionellt Optriede Schued vum Land ewech ze halen, wéi an der LuxLeaks-Geschicht gewisen. An dann nach d’Tatsaach, dass déi Chaoskoalitioun an engem Dag fir ee Gesetz esou vill „Oppositions formelles“ vum Staatsrot kritt huet, wéi déi zwou lescht Regierunge fir all hir Gesetzer zesummen.

An Är perséinlech Highlights?

Gibéryen Dat sollen och meng dräi perséinlech Highlights bleiwen. Déi Mënschen, déi mech privat kennen, wëssen se schonn.

Wat gëtt an Ären Aen 2015 de politesch wäermsten Dossier?

Gibéryen D’Diskussioun iwwer d’Zukunft vun eisem Land muss endlech serieux gefouert ginn. Wouhi fiert den Zuch? Wouhi wëlle mer e wierklech fuere loossen? Dorunner wëll kee vun de Majoritéitspolitiker - a virun allem vun der CSV -, déi Jorzéngte laang d’Weichen dacks an déi falsch Richtung gestallt hunn, sech d’Fanger verbrennen.

Mä, Lëtzebuerg bléist ëmmer méi e staarke Wand an d’Gesiicht. Eis Nischepolitik, déi Jorzéngte laang eise Wuelstand geséchert huet, gëtt hei am Land mä virun allem am Ausland ëmmer méi schaarf kontrolléiert a kritiséiert. Et geet ëm eis Zukunft, an d’Parlament wier gutt beroden, deen Debat, dee ganz virsiichteg ënnert dem Stéchwuert 700.000 Awunner eemol ugestouss a séier nees fale gelooss gouf, net ënnert den Teppech ze kieren. Besonnesch lamentabel ass jo un der Situatioun, dass mer am Floribus gelieft hunn an dass keng Regierung et an deene gudde Joren fir néideg gehalen huet, Reservë fir méi schwéier Zäiten unzeleeën.

Wat sinn Är perséinlech Virsätz fir dat neit Joer?

Gibéryen Ech wëll natierlech meng ganz Kraaft weider fir meng politesch Iwwerzeegungen a fir d’Alternativ Demokratesch Reformpartei abréngen, och fir dësen ultimativen Debat iwwer d’Zukunft vum Land matzeféieren.

Déi Mënschen, déi mech kennen, wësse scho meng perséinlech Virsätz fir dat anert Joer.

Wéi verbréngt Dir Är Feiderdeeg?

Gibéryen Chrëschtdag verbréngen ech a menger Famill an d’neit Joer feieren ech och a menger Famill, awer mir hu Frënn bei eis agelueden.