MICHEL SCHOLER

Firwat déi zwee US-Presidentschaftskandidaten onpopulär sinn

D’Thema, wat dës Woch d’Norichten dominéiert, ass kloer déi éischt Debatt ëm d’Presidentenamt an Amerika tëscht dem Donald Trump and dem Hillary Clinton. Iwwert den Walsystem an Amerika kënnt der an eisem Artikel vum Februar liesen. Dës Woch gi mer der Fro no, wat dës Debatt zur meescht gekuckten Debatt jeemols gemaach huet.

Dass dës éischt Debatt tatsächlech déi mat den meeschten Spectateuren jeemols war, huet manner mat der Brillianz vun den zwee Kandidaten ze dinn a méi mat hirer Onpopularitéit. Tatsächlech sinn déi zwee déi onpopulärsten Kandidaten säit et Emfroen gëtt. Dem Hillary Clinton trauen 55.1 Prozent net zou, eng gutt Presidentin ze ginn [2] an dem Donald Trump trauen dat 58.3 Prozent net zou [3]. Tatsächlech huet e Véierel vun den Wieler eng negative Vue vu béiden Kandidaten [2b]. Ënnert „net-wäissen“ Minoritéiten huet den Trump souguer en ähnlechen Niveau vun Leit déi him trauen wéi den Barry Goldwater 1964 - e republikaneschen Kandidat, deen nëmmen dat schlechtsten Resultat nom zweeten Weltkrich haat [3]. Et ass also och kee Wonner, dass zwee Drëttel vun den Amerikaner mengen, d’Land géif sech an déi falsch Richtung beweegen [5]. Mee firwat sinn déi zwee Kandidaten dann esou onbeléift?

Image vun Onéierlechkeet

Beim Hillary Clinton geet et virun allem em en Image vun Onéierlechkeet. Engersäits huet si als Ausseministesch en privaten Server fir hir E-mailen benotzt. Dat ass en Probleem, well si deelweis Informatiounen an dësen E-Mailen verschéckt huet, déi als „geheim“ agestuuft waren an hätten missen iwwert en offiziellen Server geschéckt ginn. Obwuel den FBI net genug Grënn gesinn huet, fir d’Clinton unzekloen, ass fir vill Leit dëst een vun den kloersten Zeechen vun hirer Onéierlechkeet. Virun allem dem Trump seng Supporteren gesinn dëst immens kritesch an ruffen reegelméisseg „Lock her up“ - oder „sperrt et an den Prisong“ [7]. Ähnlech Uschëllegungen vun onéierlechem Verhalen ginn et och an Verbindung mat der Clinton Foundation. Et soll virkomm sinn, dass Leit, déi genuch Spenden un dës Foundation gemaach hunn, en direkt Zougang a Rendez-Vous mam Hillary Clinton kruten, während si nach Ausseministesch war.

Beim Trump virun allem zwee Grënn

Beim Donald Trump sinn et virun allem zwee Grënn, déi zu senger Onpopularitéit féieren [9]. Eischtens gesinn immens vill Leit hien als rassistesch. Direkt bei der Ried, déi hien gehalen huet fir seng Kandidatur ze annoncéieren, huet en mexikanesch Immigranten als Drogendealer, Verbriecher an Vergewalteger bezeechent [10]. Dunn huet en och proposéiert, dass Amerika keng Moslemen méi dierft an d’Land eraloossen, bis dass kéint gekläert ginn, wien islamistesch Terroristen wieren [11]. Ënnert republikaneschen Wieler ass den Trump virun allem wéinst senger Onerfahrung als Politiker onbeléift. Tatsächlech kéint den Trump den éischten President säit dem Herbert Hoover an den 30er Joeren ginn, deen virdrun ni en Job am ëffentlechen Secteur haat. Dëst gëtt virun allem kritiséiert bei der Aussenpolitik, wou solch Erfahrung am ëffentlechen Secteur nach méi wichteg ass. Ausserdeem fäerten vill Leit, dass den Trump kéint d’Land wéi eng Firma leeden - woubäi dat fir aner Leit erëm en Grond wier, fir den Trump ze wielen.

Bei dëser Wal geet et also méi dorëmmer, den manner onbeléiften Kandidat ze sinn amplaz ze versichen, den beléifsten Kandidat ze ginn. Mat manner wéi 50 Deeg bis d’Walen wäert et béiden Kandidaten och schwéier falen, hiert respektivt Image ze verbesseren.

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

An dësem Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch sech mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären an fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Woche-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz den Bäitrag. All Artikelen, den Politik-ABC a weider Informatiounen ënner www.association-narin.com

Zum Autor: Michel Scholer, 23, Projektkoordinator bei der Association Narin a.s.b.l.

Quellen a Links

1) tinyurl.com/jea5odm
2) tinyurl.com/gszc7ue, tinyurl.com/zvulb7l
3) tinyurl.com/zcwq2e5
4) tinyurl.com/gpc3eqt
5) tinyurl.com/5hzc4c
6) tinyurl.com/hwxfmvu
7) tinyurl.com/jbqxo9q
8) tinyurl.com/htlk938
9) tinyurl.com/zvulb7l
10) tinyurl.com/p2clc8e
11) tinyurl.com/oqtan6f