LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder: Wat et mam Europa vun de verschiddene Vitessen op sech huet

Et héiert een an de Medien ëmmer méi vum „Europa vun zwou Geschwindegkeeten“. Mee wat bedeit dat iwwerhaapt? Wou gesäit een, datt et schonn een Europa vun den zwou Geschwindegkeete gëtt? Dat wëlle mir an dësem Artikel behandelen.

Dofir ee klengen Iwwerbléck iwwert d’Europäesch Unioun, fir et besser ze verstoen (1). De Robert Schuman gëllt als wichtegst Persoun fir den europäesche Prozess. De Schuman-Plang oder EGKS - Europäesch Gemeinschaft fir Kuel a Stol - ass vun de Benelux-Staaten, Frankräich, Italien an Däitschland 1951 gegrënnt ginn. De But war d’Kontroll vun der däitscher a franséischer Kuel- a Stolindustrie. Groussbritannien wollt bei der Organisatioun net dobäi sinn, well dat ze supranational wier. 1957 sinn dunn EURATOM an den EWG - Europäesche Wirtschaftsraum- gegrënnt ginn. Doduerch solle Wirtschaft an d’Landwirtschaft duerch eng gemeinsam Politik gestäerkt ginn, wéi zum Beispill d’Ewechfale vum Zoll. EURATOM sollt fir eng friddlech Benotzung vun Atomenergie a Fuerschung stoen. 1958 sinn dann d´Europäesch Organer entstanen: Europäesch Kommissioun, Europäescht Parlament, Ministerrot an de Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun. Dono koumen dann nach all déi verschidden Traitéen dobäi (Lissabon, Maastricht, Amsterdam, Nice) an de Rescht vun de Memberstaaten 28.

Firwat kann een elo scho gesinn, datt et een Europa mat zwou oder verschiddene Vitesse gëtt? Als éischt kann ee sech d’Währungsunioun ukucken. Net all Staat huet den Euro, aktuell 19 vun den 28 Memberen (2). Den Zweck vum Euro ass et, déi verschidde Schwankunge vun de verschiddene Währungen ze stoppen, de Leit et méi liicht maachen, an aner Länner ze reesen, d’Wirtschaft ze stabiliséieren an ze stäerken. Déi Europäesch Zentralbank kontrolléiert den Euro. Den Euro gëllt dowéinst als een europäeschen Integratiounsfaktor.

Et schwätzt ee vun engem „Käreuropa“ (3), wa verschidde Staaten an der EU eng méi staark Integratioun vun der EU wëllen. Oder vun engem „Europa à la carte“ (4), wa verschidde Membere bei verschidde Beräicher op nationalem Niveau bleiwe wëllen.

Dat gesäit een zum Beispill bei der Flüchtlingspolitik (5), well verschidde Staaten sech ëm dat Thema léiwer op nationalem Niveau këmmere wëllen, wéi zum Beispill d’Visegrad-Staaten. Bei der Ëmverdeelung vun de Flüchtlingen hu sech verschidden EU-Memberen net bereet erkläert, hir Quoten anzehalen.

Ee weidert Beispill ass de Schengener Traité, well net all Memberstaat ass am Schengener Traité dobäi a Staaten, déi net an der EU sinn, sinn dobäi. Dësen internationalen Traité ass während der „Flüchtlingskris“ vu verschiddene Staaten temporär annuléiert ginn, fir Grenzkontrolle maachen ze kënnen. (6)

Ass een „Europa mat verschiddene Vitessen“ dann elo positiv oder negativ? Wa sech verschidde Memberen dozou entscheeden, just bei verschidde Beräicher mat der EU zesummenzeschaffen, heescht dat net, datt si maache kënnen, wat si wëllen. Well fir si gëllt awer nach de Rechtsstaat, Mënscherechter oder och d’Fräiheete vum Bannemaart. (7)

De Problem ass awer, datt sech vläicht ee parallele System an der EU entwéckele kéint, well d’Staate vum Käreuropa sech aner Institutiounen opbaue wëllen, wéi zum Beispill eng Europäesch Staatsanwaltschaft (8). D’Aarbecht vun der EU wier intransparent, well een net weess, fir wien eng nei Richtlinn oder Veruerdnung gëllt. Steierung vun engem „Europa mat verschiddene Vitessen“ wier och schwiereg sou wéi och d’Kontroll, dowéinst muss een ofwaarden, wéi sech d’EU weiderentwéckelt. (9)

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

D’lescht Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag. All Artikelen, den Politik-ABC a weider Informatiounen ënner ...
http://www.association-narin.com